Zoom op d’Sprooch

„Firwat geschitt esou eppes ëmmer mir?“

d'Lëtzebuerger Land vom 06.01.2017

D’Iwwerschrëft, déi de Gast Groeber senger drëtter Kuerzgeschicht am Buch All Dag verstoppt en aneren (Op der Lay 174, 2013) ginn huet, ass komesch an egozentresch, wéi de betounte Pronom mir et um Enn vun der Ausso ervirhieft. Do gëtt ee fréier schmocke Kärel, am Optakt vum Text, einfach zou, hie wär dacks „Affer vun Uschwätzmënschen“, wat – am Kloertext – bedeit, datt hien allkéiers panikéiert, wann en an der Ëffentlechkeet ugeschwat gëtt. „Ech komme mer es einfach net zou“, seet en an e freet sech verwonnert: „Firwat geschéien sou Saachen ëmmer mir? Wat zitt se nëmme bei mech, all déi Uschwätzerten? Meng Binett, meng Haltung, meng Kierpersprooch, mäi Bléck?“ Majo, dee Mann ass esou komplexéiert, datt säi ganzt Liewen him wéi verduerwe virkënnt.

De vereelzten Ausdrock Ech komme mer es einfach net zou bedeit souvill, wéi dat däitsch „ich kann es nicht fassen“ (LWB IV, 515). De reduzéierte Pronom es/ës steet fir de vollen Demonstrativ dës/dees; ‘t ass en ale Genitiv (du kënns denges/ denger Deel nach an Zäiten zou), deen haut och als Akkusativ interpretéiert ka ginn (e kënnt sech ës/et net zou; ech sinn dees/ës midd).

D’Positioun (Wuertstellung/ Serialiséierung) vun deenen zwéi Pronomen mer an es entsprécht enger Regel, déi am Lëtzebuergesche vun haut normal schéngt a vun där ewell am Zoom „An owes hunn ech hir et erëmbruecht“ (d’Land, 29.01.2016) rieds war. „Diese Regel gilt ausnahmslos“, schreift de Robert Bruch a sengem Précis populaire de grammaire luxembourgeoise (1973. Drëtt Oplo, S. 97), „selbst wenn das Akkusativobjekt ein Pronomen ist, steht es immer hinter dem Dativobjekt (im Gegensatz zum Schriftdeutschen).“

A mengem Zoom ass et dann awer net schwéier ze beweisen, datt dës Regel keng absolutt ass, weder an engem Grupp mat voll ausgeschriwwenen definiten Nominalguppen, nach wann d’Objete Personalpronome sinn an déi adäquat kontrastiv Betounung respektéiert gëtt: Hien huet deen neien Auto sengem °Neveu geléint, net sengem °Brudder (° gëtt d’Betounung un). Hatt huet déi puer Bicher de °Kanner ginn. Hatt huet se °hinne ginn (Pro Akk. a Pro Dat.).

Mee fir esou Ausnahms-Serialiséierungen z’erklären, ass eng duebel Bedingung néideg. 1) Ënner der topologescher Uewerflächestruktur muss eng aner logesch kommunikativ Déifestruktur Thema + Phema + Rhema ënnerscheet ginn. 2) An der Analys mussen déi verschidde méiglech Forme vun de Pronomen (voll ↔ klitiséiert, voll ↔ reduzéiert, betount ↔ onbetount) auserneegehale ginn1.

Op engem logesch-semanteschen Niveau besteet all Ausso aus dräi funktionelle Stellungsfelder. 1) En thematescht mat engem assoziativ (parataktesch) organiséierten Ensembel vu Memberen, déi d’Situatioun, den Inhalt, d’Thema vun der Kommunikatioun duerstellen, vun där/deem rieds ass. 2) E phematescht mat sproochlechen Elementer, déi d’Qualitéit an d’Adäquatheet vun der „Propositioun“/ „Prädikatioun“ an der Ausso uginn. 3) E rhematescht, dat déi Informatioun enthält, déi iwwert d’Thema vum éischte Stellungsfeld „proposéiert“/„prädikéiert“ gëtt. Dëse rhemateschen Deel mat der verbaler Grondeenheet ass streng determinativ organiséiert, andeems d’Reiefolleg vun de Memberen am thematesche Stellungsfeld – wéi gesot – wéinst der assoziativer Organisatioun méi fräi ass2.

Beispill: d’Deklaratioun mat V2: Dee Mann huet schliislech dach zwéin Deeg duerno wéinst Zännwéi an d’Spidol goe missen huet als Thema déi dräi assoziéiert Gruppen dee Mann zwéin Deeg duerno wéinst Zännwéi, déi och kontextuell aner Lineariséierungen zouloosse wéi zwéin Deeg duerno dee Mann wéinst Zännwéi oder zwéin Deeg duerno wéinst Zännwéi dee Mann. D’Phema ass an alle Fäll schliislech dach an d’Rhema an d’Spidol goe missen3.

Hannescht op d’Positioun vun de Pronomen. Déi relativ Lineariséierungsfräiheet am Thema vun der „Propositioun“ ass, sou seet op d’mannst eis Schoulgrammaire, vrun allem wéinst der sougenannter Prioritéitsregel vu gewësse Pronomen neutraliséiert. Sou kënnt de Personalpronom am Nominativ (ech, du, hien, si, hatt, mir, dir, Dir, mee och et an ‘t … een) virum Personalpronom am Akkusativ (mech, dech, hien/en, si, sech, eis, iech), virun der Vollform vum Personalpronom am Dativ (mir, dir, him, hir, eis, Iech, hinnen) virun der Vollform vum Personalpronom am Genitiv (menger, denger, senger, hirer) a virun deenen anere Pronominalgruppen oder Proformen (dëser/dësem, esou eppes, dobäi, dofir, hier, heute). Zum Beispill: well ech dat °hinne °ginn hunn; datt si hatt °hinne °virgestalt haten; ob hatt dat °hir °iwwelhëlt, mee ob mir eis °senger °unhuelen; wann Dir eis °eppes verbitt.

D’Prioritéitsregel, heescht et da weider an der Schoulgrammaire, huet och Ausnamen. 1) Wann an enger Reiefolleg vun thematesche Pronomen den Akkusativ eng onbetount respektiv klitiséiert Form huet, da kënnt de Pronom am Akkusativ virun de betounten Dativ: well ech et °hinne ginn hunn; datt si en °hinne °virgestalt haten; ob hatt et °hir °iwwelhëlt. 2) An der ënnerbrachener (diskontinuierlecher) Uewerstruktur ass den thematesche Sujet als Nominalgrupp oder Pronom ëmmer prioritär: wann den Hond °d’Kaz ugräift ; wann d’Kaz den °Hond ugräift; wann e si °ugräift; wa si en °ugräift; wa si hirem °Mann hëlleft; wann hire Mann °hir hëlleft.

Net esou heefeg a méi schwéier z’erkläre sinn déi Aussoen, an deenen d’Folleg GN am Dat. ↔ NG am Akk. oder déi ëmgekéiert GN am Akk. ↔ GN am Dat. sech op déi zwee Felder vum Thema a Rhema erstreckt: 1) well de Kleeschen de Kanner// d’°Cadeaue bruecht huet;/ well hien °hinnen se … 2) well de Kleeschen d’Cadeaue // de °Kanner bruecht huet;/ well hien se // °hinne … Dat ass och de Fall, menger Meenung no, an der Iwwerschrëft vun eisem Text: Firwat geschitt dat/ esou eppes ëmmer mir? Firwat geschéien sou Saachen ëmmer mir ? An der topologescher Uewerflächestruktur steet de Pronom dat am Nominativ am Thema, dat betounte mir um Wupp awer gehéiert zum Rhema.

1 Cf. F. Schanen/J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen, 2012) Kap. 19: „Les pronoms”; an F. Schanen/J.P. Confais: Grammaire de l’allemand. Formes et fonctions (Cursus, Armand Colin, Paris, Oplo vu 2013), §§ 891-902; op Däitsch: F. Schanen: Grammatik Deutsch als Fremdsprache (Ludicium Verlag, München, 1995), Kapitel IV. „Die Verbalgruppe: Strukturen und Stellungsfelder”, S. 77 sq. – Beispiller fir déi verschidde Forme vun de Pronomen: du (voll) ↔ °bas de (klitiséiert), °dir (betount) ↔ °sidd der (onbetount), ’t (reduzéiert/gekierzt) ↔ °dat (voll, betount), hir (voll) °dat (voll) ↔ °hir et (klitiséirt) ↔ er et (onbetount).
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land