De Partizip II vum transitive Verb "wëssen"

Dat ass gewosst

d'Lëtzebuerger Land vom 12.12.2014

Ech si mir net sécher, ob den Ausdrock, dee mir haut an der Alldagssprooch sou dacks héieren, virun zwanzeg, fënnefanzwanzeg Joer grad esou vill am Gebrauch war. „Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier, dat ass gewosst (R. Urbé). – Datt Fraen a Männer net ëmmer d’selwecht denken a reagéi-eren, dat ass gewosst (Ch. Kremer). Wéi laang d’Passagéier am Ganzen ënnerwee waren an ënner wéi enge Bedingunge si op enkstem Raum gehaust hunn, ass nach net gewosst (RTL.lu). – Et ass gewosst, datt de ,Vocabulaire‘ am gewéinleche Gebrauch vum ,normale‘ Spriecher vum Franséi-schen, dem Däitschen oder soss enger ,Héichsprooch‘ knapps iwwer 1 200 Wierder erausgeet (L. Roth). – Am Ufank war net gewosst, wou de Fliger ass (D. Rasqué). – Et ass ewéi gewosst meng éischt Ried an dësem Kontext (P. Gramegna).“ Dat sinn nëmmen e puer vun den zegdausend Beispiller aus der Press vun de leschte Méint.

„Gewosst“ ass de Partizip II vum transitive Verb „wëssen“, dat selbstverständlech och als Adjektiv-Prädikativ an Epithète (am Sënn vu bekannt) funktionéiert: Dat weess jiddereen, dee Lëtzebuer-gesch kann. Dee ganze Verbalgrupp: Grammatesche Sujet + ass + Partizip II ass bestëmmt als prädikativ Struktur (mat sinn) opzefaassen. Eng aner Fro ass et awer, ze beweisen, datt dës Struktur pauschal och als Bilanz Passiv (Resultativ Passiv, Passif d’état) interpretéiert ka ginn: X ass gewosst (= bekannt) wier dann als „Resultat“ vum „Aktiv“: X weess dat/X huet dat gewosst ze verstoen.

Normalerweis funktionéiert d’Verb „wëssen“ awer trotz senger Transitivitéit net am Passiv: Dat steet an alle Grammairen an och am Luxogramm vun der Uni Lëtzebuerg. Et ass nämlech schwéier, de ganze Verbalgrupp dat ass gewosst als Bilanz Passiv z’interpretéieren, well e kaum der Struktur vun engem Prozessual Passiv mat ginn (wéi *dat gëtt gewosst/*dat ass gewosst ginn) kann opposéiert ginn.

Als Struktur vum Lëtzebuergeschen ass de Passiv mat senge verschiddenen „Hëllefsverben“ (ginn, kréien, sinn) synchronesch an den 1970er Joere beschriwwe ginn1. Dës Beschreiwung läit nach all deenen zugronn, déi een haut an de lëtzebuergesche Grammairë fënnt2. Iwwregens ass se iwwer zwanzeg Joer méi al wéi déi gesamtgermanesch diachronesch Étudë vum Damaris Nübling iwwer d’Pluralallomorphie an d’Grammatikaliséierungspied am Lëtzebuergeschen3. Souwéisou bréngt déi diachronesch Perspektiv vun der Mainzer Germanistin keng Äntwert op eis Fro, well se sech guer net ëm de Sein (Sinn)-Passiv këmmert.

Dodergéint weisen déi detailléiert Étudë vun de verschiddene Strukture mat sinn, déi an de 70er Joere publizéiert si ginn, datt e Verbalgrupp mat sinn, wéi dat/x ass (méi/manner/net/nach net) gewosst éischter als prädikativ Struktur (mat engem franséischen „attribut“) an net als grammatikaliséierte Passiv-Verbkomplex opzefaassen ass. Eise Finanzminister sot dëslescht: „Et ass och nach net gewosst, wéi déi annoncéiert zéng Prozent vun de Käschte sollen agespuert ginn.“ Aus enger anerer aktiver Agensperspektiv hätt hien och kënne soen: „Mir wëssen nach net/D’Regierung weess nach net, wéi …“

D’Wëssen, vun deem Rieds ass, ass am zweete Fall subjektorientéiert (mir wëssen). Am éischte Fall awer gëtt et als Objekt ervirgehuewen an de „Sëtz“ (Sujet) vum Wësse gëtt meeschtens einfach net ernimmt oder e bleift anonym: Dat ass [vun eis/ vun der Ëffentlechkeet/vun der Regierung/vun de Medien] nach net gewosst. Den Ausdrock dat ass (nach net) gewosst wierkt also méi onperséinlech. Stilistesch ass e Saz wéi „Well ëmmer nach wéineg iwwert dës Krankheet gewosst ass“ méi sachlech, méi objektiv wéi: „Well mir ëmmer nach wéineg iwwert dës Krankheet wëssen.“ Um Web zum Beispill schreift e Beienziichter ganz „onperséinlech“: „Haut ass d’Bei dat Insekt, vun deem am meeschte gewosst ass.“ Hien hätt och kënne mat engem „personalen“ Sujet mir schreiwen: „Haut ass d’Bei dat Insekt, vun deem mir am meeschte wëssen.“

D’Objektivitéit vun der prädikativer Struktur dat/X ass gewosst erkläert warscheinlech och, woufir den Ausdrock dat/X ass gewosst (mat senge Varianten) éischter a Kontexter virkënnt, déi op en ëffentlecht Wëssen hiweisen, dat vun offizielle Wëssenschaften a Medien ofhänkt, also aus Quelle staamt wéi déi allgemeng Kultur, de Journalismus, d’News, d’Press, de Radio oder d’Tëlee. D’Notorietéit vun dësem Wëssen, säin ëffentleche Bekanntheetsgrad, ass unerkannt an, am direkte Kontext, wou vun dësem Wësse Rieds ass, gëtt et och net a Fro gestallt.

Déi héich Frequenz vum Phrasem dat ass [nach net…] gewosst an der Sprooch vun de lëtzebuer-gesche Medie vun haut erkläert sech warscheinlech nach doduerch, datt de stilisteschen Aus-drock an engems och als onëmstriddent journalistescht Textargument agefouert gëtt. Wann den Här Gramegna seet: Et ass ewéi gewosst (= wéi der jo wësst/wéi bekannt) meng éischt Ried …, da brauch hien dat net ze beweisen. Wann eng Carte blanche mat enger Behaaptung ufänkt, déi mat dem stilistesche Phrasem dat ass gewosst anaphoriséiert oder kataphoriséiert gëtt, da gëllt si och als Argument, dat am Kontext net direkt muss bewise ginn. Hei e puer Beispiller aus dem Internet: „Saufen ass geféierlech a mécht d’Gehir futti. Dat ass gewosst. – Datt een zu Lëtzebuerg weder mat Schreiwen nach mat Publizéiere ka räich ginn, ass gewosst. – Et ass gewosst, dass mir an enger säkulariséierter Gesellschaft liewen. – Datt et Aarmut bei äis gëtt, ass gewosst an (obschonn dat net onbedéngt stëmmt): Lëtzebuergesch ass jo eng limitéiert Sprooch, dat ass gewosst.

Sief et als Commentaire (wéi gewosst) oder als Textargument (Dat/Et ass gewosst), d’Struktur (dat/et) + sinn + gewosst ass e Phrasem. Seng Étude gehéiert deemno och zur Phraseologie, awer net zu deem Deel vun der Idiomatik, deem d’Spréchwierder, déi méi oder manner bildlech Riedensaarten, déi soziolinguistesch Ausdréck a Vergläicher automatesch zougerechent ginn (cf. d’Land, 21.02.2012). Als Form, an hirer Bedeitung a Funktioun, gehéieren dës syntaktesch Strukturen zu deem Deel vun der Phraseologie (Phraseographie), déi vun der Pragmatek, Stilistek, Rhetorek an Textlinguistek ënnersicht gëtt.

1 François Schanen: Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l’énoncé verbal (Thèse d’État, Paris IV – Sorbonne, 1980, véier Bänn, 1 160 S.; 2.5: „Les diathèses ou voix“ (S. 432-502). Resuméiert an Jean-Pierre Goudaillier: Aspekte des Lëtzebuergeschen. Grundzüge einer Syntax des Lëtzebuergeschen (Hamburg, 1987, S. 38-41) an duerno ë. a. F. Schanen: Parlons luxembourgeois (Paris, 2004); F. Schanen, J. Zimmer: 1, 2, 3 Lëtzebuergesch Grammaire (2005) oder Lëtzebuergesch Grammaire Luxembourgeoise (2012, Kap. 11 „Les voix“). D’Grammaire vum Men (2005) resuméiert einfach meng Étuden an de §§ 67-69.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land