Luxemburgensia

Elle (Männer-)Welt

d'Lëtzebuerger Land du 16.03.2018

V wéi vreckt, W wéi Vitess – dat ass keen „Ufänger­roman“, och wann et dat éischt Buch ass, dat de Samuel Hamen publizéiert, an den Auteur ass och keen „Nowuessauteur“, och wann en nach keng drësseg Joer al ass. Iwwerhaapt passt dat Buch a keng vun deenen topegen, well leschtlech irrelevante Kategorien, déi heiansdo benotzt ginn, fir Schwächte vu Bicher ënnert den Teppech ze kieren. Schwächten huet dee Roman – oder déi Erzielung, wéi den Auteur den Text bescheiden nennt – nämlech rose wéineg. Déi Selbstsécherheet an déi Prezisioun, mat deenen de Samuel Hamen net nëmme sengem Personnage eng Stëmm an eng Geschicht gëtt, mee mat där hien doriwwer eraus eng Reflexioun iwwert ­näischt manner wéi de Rapport tëscht Realitéit a Fiktioun entwéckelt, si scho bal onheemlech.

Dee kuerze Roman erzielt vum Devid Risch, engem Mann, deen am Summer 2015 während ronn zwee Méint an d’Stad a seng Therapie fiert. Den Numm vun der Haaptfigur ass eppes tëscht Programm a Stigma. „Devid“, net „David“ a „Risch“ amplaz „Frisch“ – iergendwéi wierkt dat defekt a gëtt vum Personnage och genee esou opgeholl: „Mäi liewenslaange Misär huet [...] mat mengem Numm ugefaang“, erkläert hien dem Dokter Coster. Villes am Devid Risch sengem Liewen ass alles anescht wéi ideal verlaf: Seng Elteren a seng Grousseltere stierwe fréi, a senger Fleegefamill kritt en net vill Zouwendung, dofir awer ferm Streech. Hie mécht sech mat Zäiten duerch d’Bascht a wurschtelt sech zënterhier duerch d’Liewen. En Underdog also wéi aus dem Billerbuch. Déi Fro, déi sech den Devid no enger Liesung am Rocas stellt: „Mussen et ëmmer futtis Leit sinn?“ – passt perfekt bei hie selwer als Protagonist vun dësem Roman.

Zwar ass V wéi vreckt enger bestëmmter Zäit an hiren Evenementer, enger bestëmmter Plaz an engem bestëmmte Personal verbonnen, déi et an der Realitéit ausserhalb vum Buch gëtt, mee d’Erzielung läit domat och an enger literarescher Traditioun, déi wëllt, dass am Land vun de verspigelte Glasfronten an de bis zur Hysterie getrimmte Virgäertercher d’Leit futti musse sinn, wéi wann et grad déi zevill glat, zevill aseptesch Iwwerfläch wär, déi ee misst zur Verzweiwlung dreiwen. Den Devid Risch huet en A dofir, wat un där Iwwerfläch net klappt, wat just esou mécht, wéi wann, ouni Fong an ouni Substanz. Dat sinn zum Beispill Leit mat „hiren dommen tailléierte Kostümer an hiren debile Plastiksbechere voller wootlechem Mojito“ oder e „schäiss Avocado­beemchen“, deen emol keng Friichten dréit, oder och emol den „houere Kleeschen“. Dem Samuel Hamen säi Lëtzebuergesch ass eng Konschtsprooch, déi engersäits verschidde vereelzte Wierder recy­cléiert, fir gebräichlech Germanismen ze vermeiden, déi anerersäits awer grad do iwwerzeegt, wou sech de Personnage seng Roserei vum Leif rotzt. Wou den Devid Risch ufänkt, verbal ronderëm sech ze schlon, ass déi wierklech Therapie scho laang am Gaang. Esou presentéiert hien sech dem Dokter Coster och ëmmer nees als Affer vun den Ëmstänn, ouni dat awer a Wierklechkeet wéilten ze sinn. Den Devid huet Ambitiounen als Schrëftsteller a seng iwwerd­réite Messagen, déi hien engem Lëtzebuerger Schrëftsteller vu Köln nuets op Band schwätzt, weisen, wat d’Schreiwe fir hien ass: Do gëtt ee Personnage duerch eng apokalyptesch Stad Lëtzebuerg geschéckt – eng Ruin un där anerer, et si keng Leit méi wäit a breet –, en Held vun der Selbstbehaaptung. Den Devid fënnt sech mat senger Situatioun net of. Literatur also als eng Zort Rettungsanker, den Text als Méiglechkeet, all dat Futtist am Liewen a speziell zu Lëtzebuerg iergendwéi meeschter ze ginn.

An där Hinsicht ass et net onintressant, sech déi literaresch Referenzen unzekucken, déi de ­Samuel Hamen a säin Text erawieft, ënner anerem déi Bicher, déi hien zitéiert an déi Auteuren, deenen hiren Alter Ego hien a senger Geschicht opdauche léisst, den Tullio Forgiarini zum Beispill, an de Guy Helminger oder nach de Serge Tonnar an den Tom Nisse. Dat soll natierlech kee Marketingtrick sinn, mee e literarescht Spill. All déi Referenze passen och thematesch oder puncto Figurenzeechnung ganz gutt zu dësem Buch. Mee och wann zum Schluss d’Claudine Muno (zwar ouni mam Numm genannt ze ginn) als eng Zort Quotefra optrëtt, fir ëmmerhin dem Devid Risch säin éischt Gespréich mat engem Lëtzebuerger Auteur ze erméiglechen, hannerléisst déi staark androzentresch Auswiel e komescht Gefill. Gëtt et tatsächlech maximal eng Fra an der Lëtzebuerger Literatur, ass dat – wéi een, niewebäi gesot, beim Bliederen am Literaturprogramm vun Éditions Binsfeld schonn emol menge kann, eng (bal) eenzeg Männerwelt? Oder ass den Devid Risch einfach e bëssen e Macho, deen ­iwwert eng al Léift net ganz ewechkoum a sech dofir éischter u Männer hält? Oder – ass dat alles Zoufall an huet, wéi den Auteur an enger kuerzer Warnung un de Lieser schreiwt, „glat näischt” mat der Wierklechkeet ze dinn?

Samuel Hamen: V wéi vreckt, W wéi Vitess. Erzielung. 138 S. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2018. ISBN 978-99959-42-35-9

Elise Schmit
© 2023 d’Lëtzebuerger Land