Formebeschreiwungen

„Elo hutt Der mech awer äiskal erwëscht!“

d'Lëtzebuerger Land du 27.02.2015

Et ass kal dobaussen. Den RTL-Reporter soll enger presséierter Fra eng gutt Nouvelle matdeelen: si ass dëst Jor 2014 nominéiert fir de Voting vun der Lëtzebuergerin vum Jor. „Elo hutt Der mech awer äiskal erwëscht!“, reagéiert d’Madame, wéi de Journalist hir Bescheed seet.

Am Zoom vun haut geet et mir ëm d’Wuert äiskal, dat d’Fra an hirer Reaktioun benotzt, also – am Kontext vun eiser Lëtzebuergescher Gruppegrammatik – ëm d’Adjektiv an den Adjektivgrupp1. D’Wuertkategorie Adjektiv mat senger Definitioun a senger eventueller Flexioun (Deklinatioun) am Nominalgrupp2, ass dacks, mat senge syntakteschen a kommunikative Funktiounen, Objet vu verschiddene Froen, déi vu Lieser gestallt ginn, déi sech fir eis Sprooch intresséieren. Dofir wëll ech vum konkrete Beispill vun haut profitéieren, fir e puer Punkten ze präziséieren.

Traditionell gëllt äiskal als Zesummesetzung vum Substantiv Äis + Adjektiv kal. Déi zwee Lexeme sinn (an dat ass net ze vergiessen) mat enger drëtter Komponent, enger determinativ Lénks-Riets-Konnexioun verbonnen, déi semantesch als Vergläich paraphraséiert gëtt: äiskal = kal wéi Äis. Dat composéiert Adjektiv däerf net mat engem derivéierten Adjektiv verwiesselt ginn, dat haut op d’mannst aus engem Lexem besteet an aus Affixen (dat heescht aus net autonome Pre-, In- oder Suffixen). Beispill Gléck: on + gléck + lech; vill: vill + eg; brong: brong + elzeg; Holz: hëlz + en.

Déi geleefeg Andeelung vun den Adjektiven an einfach Elementer engersäits (hell) an an zesummegesat (himmelblo) versus derivéiert (bloelzeg) Komplexer anersäits ass net ëmmer evident, well éischtens geschichtlech an aktuell Donnéeë vun der Sprooch kënnen duercheneegeroden (vill Suffixe vun haut ware fréier Lexemen: aller + lee, liewensläng + lech) a well zweetens déi verschidde Klasse vu Komposita oder Derivaten net ëmmer kloer z’erkenne sinn. D’Wuert fräiwëlleg zum Beispill kann als Ofleedung vum Syntagma fräi + wëll(en) + Suffix –eg verstane ginn oder als Zesummesetzung vun den Adjektivlexeme fräi + wëlleg.

Zum Problem vun der formeller Andeelung vun den Adjektive kënnt dann nach eng allgemeng terminologesch Schwieregkeet. Dacks gëtt déi klassesch Terminologie vun de Sproochwëssenschaftler onkritesch iwwerholl. Dofir weess een och net ëmmer, wéi se ze verstoen ass a wuerop se hiweist, ob op Formen, Bedeitungen, Bezeechnungen oder Funktiounen.

Huele mer zum Beispill dem Peter Gilles säin Artikel, dee bei Edinburgh University Press op englesch am Virdrock virläit: „Evaluative morphology in Luxembourgish“, in Grandi, Nicola; Kortvelyessy, Livia (Eds.): Edinburgh Handbook of Evaluative Morphology. Am Bäitrag ass Rieds vun der Wuertbildung am Lëtzebuergeschen a besonnesch vun den Affixen, déi eng „Diminution“ (Nominalsuffixe –chen [+Allomorphen] an –i Päerdchen, Häerzi) ausdrécken, oder eng „Augmentation“ (Prefixen: superschéin) oder eng „Approximation“ (Adjektivsuffix –elzeg: ronnelzeg, bloelzeg)3. An de Beschreiwunge vun de Formen an hirem Gebrauch ass näischt auszesetzen, mä och näischt Neies, well déi Affixe scho laang och vum Bertrang a Bruch beschriwwe gi sinn. Awer, reng terminologesch, muss ee sech froen, firwat d’Theorie vun der Evaluative morphology am Lëtzebuergeschen net och aner Aschätzungs- an Evaluatiounsklasse vun den Derivaten an Zesummesetzungen (wéi och vun de Syntagmen oder syntaktesche Gruppen) sollt aschléissen.

Zum Beispill gëtt et am Lëtzebuergeschen dee speziellen Adjektivsuffix –eg, deen als „Augmentativ“ funktionéiert: Determinans all + eg, vill + eg; Adjektiv: grouss + eg4. Wann d’Resultater vun der Lëtzebuergescher Linguistik schonn op englesch musse publizéiert ginn, dann däerf de „Niveau de recherche“ net vergiess ginn. Evaluative an der Theorie vun der „morphologie évaluative“ ass ganz kloer semantesch ze verstoen a wann d’Wuertformen als Signifianten unzehuele sinn, da sinn d’Mierkmoler „Diminution“, „Augmentation“, „Approximation“ onbestridde Semen (Signifiéen), déi erkläert musse ginn.

Firwat sollt de Composé äiskal an eisem Beispill net och als evaluativ interpretéiert ginn a mat gängegen Aschätzungsoppositiounen explizéiert ginn? Semantesch implizéiert déi formell Zesummesetzung ouni Fugenzeechen e „Vergläich“ (wéi; vgl. mat Fugezeechen hondsfriem). Kal gëtt also als „relatiivt“ Adjektiv dohigestallt an net als „absolutt“. De Vergläichspunkt ass de Substantiv Äis: D’Liewenserfahrung weist dem Benotzer vun der Sprooch, datt dee genannte Géigestand als Referenzpunkt op en héije Grad vu Keelt hiweist.

Äis dréckt also, niewent dem Bild vum referéierte Géigestand, och e Grad vun der „Eegeschaft“ Keelt aus. Äiskal ass e bildlecht gradéiert relatiivt Eegeschaftswuert. D’Gradéierung vun der Eegeschaft iwwer e bildleche Vergläich kënnt awer och iwwer en anere Wee wéi déi „augmentativ Steigerung“ mat méi (Komparativ) oder mam Suffix –st (Superlativ) zustanen. Déi bis elo mentionéiert „Evaluatiounskriterien“ (relativ vs. absolutt, bildlech relativ vs. grammatesch relativ, bildlech gradéiert vs. grammatesch gradéiert) kënnen ad libitum weidergefouert ginn an och d’Referenzberäicher mussen a gewësse Fäll mat agerechent ginn, well een där enger oder anerer Oppositioun nëmmen an apaarten Domäne begéint (cf. Faarwen a Formen: wäiss vs. wäisslech vs. wäisselzeg; Determinantien a Quantoren: all + eg, grouss + eg, ris + eg; Stoffadjektiver: hëlzen vs. holzeg)5.

Jee no den Aschätzungsoppositioune kënnen och aner semantesch Zesummenhäng am Text oder an der Aussosituatioun (wann net och am ganze Beräich vun den Adjektiven) nogewise ginn. Sou zum Beispill weist déi syntaktesch Konnexioun an eisem Beispill, datt „äiskal“ sech op d’Aart a Weis bezitt, wéi d’Fra vun der Nouvelle iwwerrascht gëtt. Mä an engems gëtt déi bildlech Duerstellung och mat der tatsächlecher Keelt an der Aussosituatioun verbonnen, sou datt de metaphoresche Charakter vun äiskal kloer illustréiert gëtt. Eng richteg evaluative morphology (wéi och eis evaluativ syntaktesch Gruppen; cf. déi Grondënnerscheedung vu Qualitativa a Situativa) musse mat semanteschen Oppositiounen analyséiert ginn: Formebeschreiwungen, wéi mer se an der diachronescher Analys vun der Germanistik a vun der däitscher Dialektologie gewinnt sinn, gi bestëmmt net duer.

1 Cf. F. Schanen; J. Zimmer (Schortgen 2012): Lëtzebuergesch Grammaire, Chap. 18, §§ 241-261; „Zoom op d’Sprooch“, d’Land, 28.03.2014
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land