Zoom op d’Sprooch

Eng nei Etapp fir d’Lëtzebuerger Orthographie

d'Lëtzebuerger Land du 18.01.2019

Viru Kuerzem ass um Site vum CPLL (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) en Dokument mat engem completéierte Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch erauskomm. Dëse Pabeier ass eng Propos, iwwer déi jiddwereen opgeruff war, bis 15. Januar 2019 säin Avis un de CPLL ze ginn. Duerno wäert, an Zesummenaarbecht mam Zenter vun der Lëtzebuerger Sprooch, déi definitiv Versioun entstoen.

Haut geet et mir dorëms de Gesamttext mam Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthographie ze situéieren, ier ech an engem nächste Zoom op d’Reegele selwer vun der Schreifweis aginn.

Fir d’éischt mol erlaben ech mir, e puer Observatiounen iwwer de Kader, an deem dësen Text erauskënnt: de Rot fir d’Lëtzebuerger Sprooch schéngt sech nei ze strukturéieren an déi sougenannt Equipe vum LOD als akademescht-administratiivt „Lëtzebuergesch Team“ am neien Zenter vun der Lëtzebuerger Sprooch anzeféieren. Dem aktuelle CPLL mat sengem President Marc Barthelemy, deen och Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass, muss bestëmmt felicitéiert ginn, datt et endlech, no bal 20 Joer (jo 20 Joer!) zum Texte vun haut komm ass, och wann een – an deene puer Sätz Aleedung, déi erkläre sollen, wéi dat Reegelwierk entstanen ass – séier an Uecht hëlt, datt e ganzen Deel vun der (Vir-) Geschicht vun dësem Texte coordonné bewosst fale gelooss oder vergiess ginn ass.

D’Reegele vun der Orthographie vun haut baséieren – dat ass bekannt – op den zwee offiziellen Texter vum 10. Oktober 1975 a vum 30. Juli 1999. Mee direkt no der Reform vun 1999 haten de CPLL a säin deemolege President G. Wirtgen decidéiert, aus deenen zwee Texter een eenzegen ausschaffen ze loossen – eigentlech deen eenzege Wee, fir an der Zukunft eventuellen orthographeschen Inkohärenzen a Widderspréch ze entgoen. Ech bezweiwele guer net, datt den Educatiounsminister 2016 den Optrag un en Expert ginn huet, fir am Kader vum Script (Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques) en Texte coordonné vun deenen zwee offiziellen Texter auszeschaffen, a sécher och net, datt dësen net publizéierten Text dem CPLL am Fréijoer 2017 virgeluecht gouf. Mee sécher ass et och, datt d’Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges (CSV) den 20. Dezember 1999 dem Jerôme Lulling a mir den Optrag vun engem éischten Texte coordonné ginn huet1. Mir hu ganz vill geschafft, fir déi zwou Versiounen (op 140 lëtzebuergeschen a 156 franséische Säiten) sou séier wéi méiglech an enger provisorescher Fassung ze presentéieren, déi de Membere vum deemolege CPLL ugaangs Summer 2001 virgestallt gouf a selbstverständlech och hätt misste verbessert ginn.

Haut gëtt einfach behaapt an (no 16 bis 18 Joer) geschriwwen, datt verschidde Virschléi, fir aus deenen zwee offiziellen Texter een Text ze maachen, keng allgemeng Zoustëmmung fonnt haten: dat ass erstaunlech! Esou maachen, wéi wann et deen Optrag vun der Kulturministesch Hennicot-Schoepges guer net ginn hätt, ass onfair an, wéi e Member vum CPLL et selwer zougëtt, bestëmmt net „an der Rei“. Iwwregens sinn dräi Véierel vun eise proposéierten orthographesche Léisungen déiselwecht wéi déi am completéierte Reegelwierk. Mir haten deemools e grousse Virsprong, och wa mir eng aner Approche vun der lëtzebuergescher Phonetik haten an deelweis nach hunn!2 Dofir hu mer eisen Text, d’accord mam President Wirtgen, am Fréi­joer 2003 och op de Site vum CPLL gesat3 a méi spéit (2006, 2012) an anere Publikatioune weiderentwéckelt4. An enger Zäit, wou d’Orthographie nach net esou „in“ war, a méi d’Beschäftegung vu Schrëftsteller (cf. Josy Braun) wéi vu geléierte Fuerscher, huet eisen Texte systématisé bei ville Bierger a Studente säi Wee fonnt. Et wär also net iwwerdriwwen, jo nëmme richteg a gerecht, wann eisen Text vun 2002-2003 geschichtlech an op d’mannst deelweis als Quell vum haut completéierte Reegelwierk ugekuckt géif ginn5.

Wat den Apport vun der LOD-Equipe ugeet, do hunn ech och keen Zweiwel: vill a gutt Aarbecht ass um Dictionnaire geleescht ginn, och wat d’Orthographie betrëfft (cf. ortho.lod.lu). Ma d’Aleedung vum completéierte Reegelwierk ass trotzdeem schwéier ze verstoen an ze gleewen. Op wat fir Lächer gëtt do ugespillt? Op wéi ee Reegelwierk? War ortho.lod.lu also net „offiziell“? An d’Orthographiescampagne: Lëtzebuergesch schreiwen, weess de wéi? Jo, scho Jore laang ass ze bemierken, datt d’Equipe vum Dictionnaire gär d’Roll vun enger interaktiver Plattform iwwer a fir d’Lëtzebuerger Sprooch géif spillen6: dat soll jo och deemnächst de Fall sinn. Mee an deenen aacht Themeberäicher vun de LOD-Proposen, déi opgezielt ginn, war kee Lach, wat d’Reegel oder de Prinzip ugeet, nëmmen eng Rei Applikatiouns- an Uwennungsfäll, déi d’Equipe wollt änneren.

Schonn am Précis vum Bruch (1955) zum Beispill steet d’Reegel vum Dehnungs-h7, deen et an eiser Schreifweis net gëtt. Ma wat nei sollt sinn, dat war net d’Reegel, mee nëmmen d’Rei vun de Wierder, déi am Lëtzebuergeschen ouni h geschriwwe sollte ginn (zum Beispill dee komeschen däitschen Farlerer, den op Lëtzebuergesch éischter en transferéierten Fuerléierer misst sinn!8). Vu Lächer am Regelwierk ze schwätzen, do wou just vun Applikatiounsadaptatioune sollt rieds goen, ass nees dat duercherneebréngen, wat mat der Zäit a mat Méi gekläert gi war. Mee keen vun den Themeberäicher zum Beispill feelt an eisem ënner den Teppech gekierten Texte systématisé an och net (op franséisch) an eiser Lëtzebuerger Grammaire an engem Band (2012), wou déi verschidden Ënnerkapitele mat hire Virdeeler an Nodeeler diskutéiert ginn.

Falsch ass och d’Behaaptung an der Aleedung, ganz nei wieren d’Kapitele mat de Reegelen iwwer d’Getrennt- a Zesummeschreiwung, d’Grouss- a Klengschreiwung an d’Interpunktioun am Lëtze-
buergeschen. Déi Beräicher stinn och schonn detailléiert am éischten Texte coordonné vun 2000-2003. Zwar stellt d’completéiert Reegelwierk en neien Text duer, deen heiandso méi kompakt, deelweis och méi klor ass wéi eisen Texte systématisé. Mee inhaltlech ass e kaum verschidden. Am nächste Zoom kommen ech drop zréck, fir deem neien Text seng bescht­méiglech Kohärenz an Akzeptanz ze ginn.

1 Cf. Introduction à l’orthographe luxembourgeoise (Systematesch Beschreiwung Schanen/Lulling op Franséisch) 156 Säiten an op Lëtzebuergesch
140 Säiten: www.cpll.lu/orthographie

2 Déi vu Gilles an Trouvain publizéiert phoneetesch Zeechen am Journal of the International Phonetic Association si réischt 2013 bekannt ginn (vgl. mam feelervolle Phonlaf vun 2009).

3 cf. Ministère de la Culture. Rapport d’activité 2003, Paragraphe CPLL, S. 34

4 Vrun allem am 3. Band vu F. Schanen/J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (luxembourgeoise), Schortgen, 2006 an 2. Oplo an engem Band:
2012, 3ème partie §§ 358-500. cf. och passim Sproocherubriken a Zoomen am Lëtzebuerger Land (März 2006 bis haut; v. F. Schanen: Lëtzebuergesch Sproocherubriken, Schortgen, 2013)

5 Dacks ass d’Reiefolleg vun de Reegelen déiselwecht am completéierte Reegelwierk, am Texte systématisé an an der Lëtz. Grammaire (Schanen/Zimmer).

6 Cf. „Qui trop embrasse…“, Zoom op d’Sprooch am Lëtzebuerger Land (27.06.2014)

7 Déi an der Aleedung gebrauchten Terminologie „stommen h“ ass och net ganz exakt: d’Lëtzebuerger schreiwen hotel, wéi d’Fransouse mat engem „h muet“, deen net ausgeschwat gëtt, mee keen „Dehnungs-h“ ass.

8 „Lëtzebuerger Orthographie. Vu Farlerer bis Fernsee, vu Resümmee bis wonnerbaart“ (wort.lu, 21.10.2018)

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land