Zoom op d’Sprooch

Nominalkategorien an Artikelwierder

d'Lëtzebuerger Land du 05.10.2018

Vläicht gehéiert Dir zu deene Lieser, deene mäi leschte Zoom (d’Land, 14.09.2018) – wéi mir selwer – op d’Nerve gaangen ass. „Do kéint ee bal soen“, mengt e Kolleeg a senger E-Mail, „datt een alles behaapte kann, alles a souguer de Konträr vun der am Ufank kloer formuléierter ,Reegel’, déi mam Zitat aus der Grammaire vum Men illustréiert ass: Déi jonk Fra an déi kleng Kanner heemelen dat wäisst Päerd.“ Ech si sécher, datt et Lieser gëtt, déi dee Saz och ouni déi accentuéiert Artikele korrekt fannen: D’jonk Fra an d’kleng Kanner heemelen d’wäisst Päerd.

Wéi et am LWB: Artikel d’, Band 1, S. 175 steet, kann een aplaz vun dat blot Schiertech (die blaue Schürze) och d’blot Schiertech soen. Op d’mannst an der Diachronie wier de Gebrauch vum klitiséierten onbetounten Artikel d’blot Schiertech also net manner richteg wéi dat accentuéiert hiweisend dat blot Schiertech. Déi zwou Versioune mat dat an d’ – sou gëtt mol implizitt ugeholl – hätten deeselwechten (semanteschen?) Wäert an de verschiddenen Nominalgruppen, wéi déi kleng Kanner an d’kleng Kanner (cf. d’Land, 08.05.2015).

Mee wat ass dann eigentlech sou eng „Reegel“, déi nëmmen ordinairement applizéiert gëtt, wéi den Henri Müller et seet? Eigentlech eng Preferenzreegel mat engem „dispreferéierte“ schwaachen Artikel an engem „preferéierte“ definéierte staarken Artikel, wéi dat e bësse komplizéiert vum Nadine Entringer ausgedréckt gëtt1?

D’Justifikatioun léich, der Studentin no, am Alhéichdäitschen, „wou de[n] System vun den Artikelen nach net fäerdeg entwéckelt war an dës grammatesch Kategorie (d’Bestëmmtheet) net mat Hëllef vun eben dëse[n] Artikelen ausgedréckt konnt ginn“2. Aus dësem Grond kann d’Kombinatioun staark flektéiert Adjektiv + Substantiv u sech och ouni Artikel also engem Determinéirer stoen. – Déi betount an onbetount Artikelen, dat dräifacht Flexiounssystem (vun de staarken, schwaachen a gemëschten Endunge vum Aldäitschen), de komesche Refus vun der „demonstrativer/hiweisender“ Funktioun vun de betounten Artikelen3 sinn am Fong semantesch Positiounen, déi net ausgeglach sinn a souwisou traditionell net vun alle Wëssenschaftler ugeholl ginn (cf. d’Land, 14.09.2018, Bruch). Ausserdeem – bemierkt d’Nadine Entringer – huet de schwaachen Artikel d’ immens wéineg Substanz. Dëst verhënnert, a méi eendeiteger Weis, wéi beim schwaachen den, datt en als Determinéirer funktionéiere kann. Dowéinst geet engem den alen Hues och einfach iwwer d’Lëpsen, d’alt Päerd oder d’al Kou (wéi d’jonk Fra, d’kleng Kanner, d’zëmperlecht Meedchen) allerdéngs manner. Mee kann een eng Sequenz als korrekt recommandéieren, wann se phonologesch kaum realiséierbar ass (d’Land, 08.05.2015)?

Eis Lëtzebuergesch Grammaire baut op synchronesche Beipiller op a schléisst kengeswees semantesch Iwwerleeungen aus. D’Struktur vum haitege Nominalgrupp besteet engersäits lexikalesch aus enger (einfacher oder komplexer) Basis an eventuelle Memberen an anersäits grammatesch aus den Indizië vun de véier Kategorië vum Genus, Numerus, Kasus a vun der Definitheet / Indefinitheet (Cf. Schanen/Zimmer: Lëtz. Gram. §§133-135). Am Beispill: dat grousst Stéck op der Gewan ass Stéck déi lexikalesch Basis, grouss- an op der Gewan si Memberen, d’Sequenz dat - t – Ø markéiert zesummen déi grammatesch Kategorië vun der Definitheet a vum Neutrum Singular Nominativ.

De Choix vun den Artikelwierder oder Determinéierer hänkt vun der funktioneller Semantik of, dat heescht vun der grammatescher Kategorie Definit­heet (keen Artikel, onbetount Artikelen d-, betount Artikelen an demonstrativ-hiweisend, possessiv), vun der Kategorie Quantitéit a Numerus (Quantifikatoren), vum Aussomodus (interrogativ: wellech; exklamativ: sëllech). Ausserdeem loossen sech verschidden Determinéierer nëmme mat gewësse semantesche lexikalesche Basisklasse verbannen.

Huele mer e puer Beispiller, fir dat d’Ganzt semantesch z’illustréieren: D’Klarinette ass och schonn zimlech séier an d’klassescht Orchester opgeholl ginn (Sam Mersch). De staaarken, betounten Artikel dat wär selbstverständlech och méiglech, mee déi kontextuell Differenz wär dann, datt dat hiweisend dat op eng existenziell situéiert, bestëmmt an identifizéiert Realitéit géif referéieren (an net op eng abstrakt Essenz, op eng abstrakt Iddi „d’klassescht Orchester“ géing hiweisen. Cf. Hien ass an dat kaalt Waasser gefall vs. Hien ass an d’kaalt Waasser gefall. Lëtz. Gram. § 173).

An engem anere Beispill géif de Gebrauch vum betounten Artikel déi aplaz deem onbetounten d’ wuel näischt änneren, obschonn ech perséinlech den hiweisenden (kataphoreschen) a selektiven déi als méi korrekt emfannen, wéi den desaccentuéierten Artikel, deen éischter op Abstraktiounen, wéi op konkret parallell Phrasemer hiweist, wéi ënner aller Sau an unter aller Kritik: Intressant sinn déi (d’) sinnbildlech Parallelen, déi een an anere Phrasemer fënnt, notamment ënnert aller Sau och unter aller Kritik.

Den Trend, an engem klore Kontext déi bestëmmt, identifizéiert, demonstrativ oder possessiv Realitéit oder Entitéit duerch dat einfacht d-Zeechen ze markéieren, kann een a ganz ville Kontexter an Uecht huelen, sou zum Beispill an engem Saz wéi: Ech soen et dem Papp (mengem? dengem? eisem?), oder hie schafft am Land (net an deem Land). Dat ass jeeweils identifizéiert am Kontext (net an deem Kontext). Datt mam Accent och en Deel vun der „Realitéit“ verluer geet, déi dacks manner „reeëll“ oder „méi generesch“, méi „begrëfflech“ ausgesäit, kann een nëmme feststellen. Dëse Constat ass och de Fall, wann d’Ziffer eent onbetount als indefiniten Artikel gebraucht gëtt, mat de sougenannten „zielbare“ Basissen: eng °Fra vs. déi °eng Fra, déi am Pluriel funktionéieren an de Singular onbedéngt mat een/eng signaléieren, andeems déi onzielbar-massiv Basisse wéi Léift, Gedold ouni Determinéirer partitiv sinn, wat duerch sougenannt Quantitéitswierder ausgedréckt ka ginn (vill, wéineg Gedold4).

1 Cf. „Et ass effektiv esou, datt am Lëtzebuergesche virun der Kombinatioun Adjektiv+Substantiv schwaach Artikelen dispreferéiert a staark Artikelen (definitiv oder indefinit) preferéiert ginn […]. Dëst bedeit allerdéngs net, datt schwaach Artikelen an dëse Konstruktiounen net benotzt dierfe ginn. Bei den / en alen Hues handelt et sech duerchaus ëm (…) akzeptéiert Formen“ (cf. Nadine Entringer, Infodesk).

2 Leider ass da rieds vum Alhéichdäitschen, wéi et traditionell an Däitschland an och zu Tréier enseignéiert gëtt. Mee wéi d’N. Entringer et selwer zougëtt, ass dëst Alhéichdäitscht kee Lëtzebuergescht. Firwat op sou e rekonstruéiert System vun dräi Ënnerscheedungen tëscht staarker, schwaacher a gemëschter Adjektivflexiounen hiweisen, deen am Lëtzebuergeschen esou gutt wéi ofgebaut ass an där aktueller semantescher Struktur vun eisem haitegen Nominalgrupp net gerecht gëtt? D’N. Entringer schwätzt vu staarken a schwaachen Artikelen a seet an engems: „Prinzipiell ass et esou, datt staark flektéiert Adjektiver Definitheet ausdrécken.“ Neen, d’Flexiounsendunge markéieren an enger Lëtzebuergescher Nominalsequenz déi dräi grammatesch Kategorië vum Genus, Numerus a Kasus, net awer d’Definitheet, déi vrun allem duerch den d- markéiert ass (cf. Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen, 2012, §§134-135: séquences déterminants + épithètes + base nominale: chapitre 15).

3 Cf. d’Land, 14.09.2018: H. Müller, R. Bruch a vergläicht mat der reduzéierter Definitioun vun den Demonstrativa beim N. Entringer, dat d’Demonstrativelementer op déi eenzeg Rei Formen mat dës- (hei/do) aschränkt.

4 Cf. Detail vum System vun den Determinantien, Schanen/Zimmer: Lëtz. Grammaire (Schortgen)
§§ 169-206

François Schanen
© 2018 d’Lëtzebuerger Land