Zoom op d’Sprooch

Ee gudde Cru 2017/2018 fir d’Lëtzebuergesch ?

d'Lëtzebuerger Land vom 06.04.2018

Jo, wéi den 9. Mäerz 2017 d’Regierung hiren Text D’Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt huet, war ech och, wéi munch aner intresséierte Matbierger, iwwerrascht a liicht enttäuscht. Do haten sech dach am Joer virdrun déi zwou Sprooche-Petitiounen 698 a 725 (fir a géint d’Aféierung vum Lëtzebuergeschen als éischt Amtssprooch1) an der Chamber qualifizéiert a fir vill Opreegung a Kommentären am Land gesuergt, sou datt de 16 Januar 2018 schliisslech, an den entspriechenden Debatten, eiser (symbolescher) Landessprooch eng schéi Vitrinn zur Verfügung gestallt gouf – och wann et, a mengen Aen, selbstverständlech war, datt d’Lëtzebuergescht weder als éischt gesetzlech Amtssprooch, nach als praktesch Haaptverkéierssprooch am Land, a scho guer net als eenzeg Verwaltungssprooch am Grand-Duché erkläert kéint ginn2.

Vill Leit waren also vun Ufank u skeptesch. Wat sollt do, bei esou géigesätzleche Fuerderungen, eigentlech erauskommen ? Nach eng Kéier géifen d’Politiker sech steril bekämpfen a sech mat vagen oder iwwerspëtzte Behaaptunge relativ hallwe Wouerechten zefridde ginn.3 Am Fong kéinten déi zwou Tendenze vun der Bevëlkerung (‘déi einfach Bierger’ an ‘déi städtesch Elite’) sech mat de Politiker un een Dësch sëtzen, fir am Land an engems d’Lëtzebuergescht an d’Méisproochegkeet als absolut néideg unzeerkennen an (wat och ëmmer dorënner verstane gëtt) ze fërderen. D’Lëtzebuergescht misst bestëmmt promovéiert ginn4 – mä dës Promotioun däerft kengeswees d’Méisproochegkeet a Fro stellen.

Lëtzebuerg ka weder de jure nach de facto op seng National- an Heemechtssprooch (Ee[ge]sproochegkeet) verzichten an och praktesch net op seng international Verwaltungssproochen (Méi­sproochegkeet), sief et op déi dräi inlännesch ‘usuell’ (Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch) oder op déi aner ‘méi oder manner exzeptionell iwwergräifend’ auslännesch Sproochen, vrun allem d’Englesch. Bon. Ech wëll awer hei an dësem Kontext och net mëssverstane ginn. Wa vun enger Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch rieds geet, dann ass et kloer, datt de Stat an d’Regierung sech scho fir esou eng Promotioun entscheet hunn. Wann een also der Meenung ass, et géif haut kee Grond fir d’Promotioun vun eiser Sprooch oder ‘t wier besser a méi nëtzlech, Franséisch ze léiere wéi Lëtzebuergesch, dann ass ee wuel a sengem gudde Recht, mä e Schäin-Accord mam Text vun der Regierung virzespillen, ass dann einfach Luch a Bedruch. D’Lëtzebuerger Sprooch promovéieren heescht, eis Sprooch fërderen, an net datt déi aner Sproochen am Land net solle promovéiert ginn. Dat eent schléisst bestëmmt net dat anert aus.

Den éischten Text iwwert D’Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch (09.03.2017) ass am Fong méi e Katalog vu 40 Mesuren an engem huerteg opgeschafften 20-Joresplang, wéi e richtege Fërderungskonzept oder eng richteg Promotiounsstrategie, déi jo nach, esou steet et am Text, auszedenken ass5. Den Text ass ouni Zweiwel ongeschéckt gebastelt, zerstéckelt, heiansdo inkohärent, mä – ir ee mat der Kritik ufänkt an, mat der Oppositioun, iwwer déi verschidde Punkten hierfält (fir déi eng ass dat alles eng ‘usine à gaz’, fir déi aner eng ‘pur Mosaik’, fir aner nees ass et vill ze vill oder vill ze mann oder eng immens virgegaukelt Illusioun), da kann een alt mol fir d’éischt frou sinn, datt et iwwerhaapt esou e Plang gëtt. Souvill ech weess, huet bis elo nach keng aner Regierung en däraartege 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch virgeluecht. Och wann a Walzäite politesch Hannergedanke mat am Spill sinn, schéngen d’Leit dach an hiren Ängschten an hirem Malaise verstanen an eescht geholl an dat ass sécher positiv! Trotz der objektiv relativer Gesondheet vun eiser Sprooch (se ass bestëmmt net méi a Gefor wéi soss, och net a schéinster Bléi – dat stëmmt –, mä och net grad um Ausstierwen) kréien d’Bierger mat dëse Projeten relativ strukturéiert a flexibel Ënnerlagen, fir eppes zesummen z’ënnerhuelen a sech laangfristeg eng erneit kohärent Identitéit opzebauen.

Fënnef strukturell Mesurë gi vun Ufank un am Text ernimmt : 1) d’Erstelle vum 20-Joresplang fir eng Sproochen- a Kulturpolitik ronderëm d’Lëtzebuergescht, 2) e Poste vun engem  Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat engem interministerielle Comité, 3) d’Schafen an d’Organisatioun vun engem ‘Zentrum fir d’Lëtzebuergescht’, 4) d‘Verankerung vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Verfassung an en ‘Arrangement administratif’ mat den europäeschen Institutioune fir d‘Lëtzebuerger Sprooch op EU-Niveau. ‘Nei Posten, mä kaum Äntwerten, dat Ganzt ass net credibel’ warnt d’Oppositioun. An dach weise vill Initiativen aus de leschten zéng relativ zwanzeg Jore Sproochepolitik, datt a Saache Lëtzebuergesch eng ‘Zentralisatioun’ vun de Verantwortungen a Moyenen, och manner Zerstéckelung, méi Offenheet, méi Austausch, Kohärenz, an Zesummeschaffe vun de verschiddenen Institutioune a Collaborateuren verlaangt gëtt. D’Transparenz an d’Effikassitéit sinn haut och um Spill. Cf. Läit d’Lat ze héich ? Zéng Joer Sproocherubrik (Land, 29.04.2016).

Déi 40 Moossname vum 20-Joresplang bilden eng ganz Rei Initiativen, Prozesser an Investitioune fir eng laangfristeg Fërderung vum Lëtzebuergeschen a ville Beräicher vun der Gesellschaft. Domat äntwert si op eng breet Demande vun der Populatioun an och vun de Jonken. D’Mesurë cibléieren allkéiers ënnerschiddlech Zilgruppen, Contenuen, Generatiounen an Institutiounen (d’Schoul ass nëmmen en Deel dervun). Et ass richteg derwäert – wann et Iech intresséiert – datt Der Iech bis an den Detail informéiert an dat ëmsou méi, datt déi 40 Mesurë weder quantitativ nach zäitlech limitéiert sinn. De 16. November 2017 huet d’Regierung schliisslech e Gesetzprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch annoncéiert mat engem Exposé des motifs op Lëtzebuergesch. Biergerforen a Campagnë sollen zum Biergerrapport vum neie Kommissär a senge Mataarbechter bäidroen. De Cru 2017/2018 versprécht, e Genoss ze ginn. Natierlech ënner Bedingungen an Ëmstänn, déi där ganzer Entreprise en neie Geescht gi sollen an op déi ech nach an engem nächste Zoom wäert zréckkommen.

1 D’Petitioun 698 (Lucien Welter) gouf rekordhéich iwwer 14 700 Mol ënnerschriwwen; cf. Land, 11.11.2016: Do huele mer et leider ni esou genee.

2 Déi verschidden Definitioune sinn ervirzehiewen, ginn awer net duer, fir déi divers soziolinguistesch a soziopragmatesch Spannungen an der Gesellschaft ze léisen. Trotz de Präzisioune an den Enquêten, sinn déi eenzel Funktioune vun de Sproochen an eisem Land net ëmmer ganz kloer.

3 Déi politesch Argumenter an der Chamber sinn dacks, wat d’Lëtzebuerger Sprooch ugeet, ganz schwaach. Cf. Luxemburger Wort 10.03.2017: Luxemburgisch first … Neue Strategie zur Stärkung der luxemburgischen Sprache; Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch (Offizielle Text Määrz 1017)

4 schonn eleng doduerch, datt d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen als Kommunikatiouns-, Integratiouns-, oder literaresch Sprooch unerkannt gëtt an e puer iwwergräifend Ziler viséiert sinn: de Stellewäert vun der Sprooch stäerken; d’Sprooch norméieren, gebrauchen a studéieren; d’Sprooch an d’Kultur léieren a fërderen.

5 ‘d’Regierung ass der Meenung, datt een sech dofir muss eng eenheetlech Strategie ginn, déi vun alle gedroe gëtt an op déi all hischaffen. D’Festhale vu gemeinsamen an iwwergräifende Richtlinie sollen e kohärente Suivi vun der Lëtzebuerger Sprooch erméiglechen.’ (1, S. 4)

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land