Zoom op d’Sprooch

Déi nächst[e] Strooss ass déi bescht!

d'Lëtzebuerger Land vom 08.12.2017

Dës Kéier war et net besonnesch schwéier fir en neit Thema fir mäi Zoom ze fannen. Just menger Frëndin hir Mailbox opmaachen – a scho steet breet op mengem Écran déi einfach Fro: „Firwat soe mer meeschtens déi nächst Woch (Akk./Nom. am F. Sg.), awer déi nächste Kéier (Akk./Nom. F. Sg.)?“ Obschonn een och déi nächste Woch an déi nächst Kéier soe kann. Just equivalent Varianten?

Ee Moment hunn ech geduecht, meng Korrespondentin wéilt mech op den Terrain vum Neologismus nächst verféieren. Neen. Och wann een et selwer aus de Beispiller vum LOD erausliese muss (d’nächst Woch fuere mir a Frankräich; déi nächste Kéier muss de besser oppassen), sou geet et dach kloer ëm e Beräich vu Varianten, ëm reduzéiert a besonnesch ëm zousätzlech -en / -t- Flexiouns-
morphemer vun Epithèten1.

Vläicht ass et elo awer dach net iwwerflësseg, sech Froen iwwer d’Flexioun vun de lëtzebuergeschen Epithèten ze stellen. E Mataarbechter vun der lb. Wikipedia, dee vill Korrekture mécht, huet eemol behaapt, datt vill vun den Auteure vun der Enzyklopedie hir Deklinaisounen net kéinten2. Oder ass déi Saach guer net esou einfach wéi gemengt? Ass et wierklech sécher, datt et nëmmen eng eenzeg méiglech Flexiounsform pro Kasus, Genus, Numerus gëtt ? Oder mussen och heiansdo niewent „enger sougenannter richteger“ Form e puer Doubleten oder Varianten ugeholl ginn? Diskussioune wéi déi iwwer gekacht Ee an der lb. Wikipedia.org sinn intressant, an de Zoom op d’Sprooch am Land vum 28.03.2014 „Ee gekachtent Ee, verwinnte Leit a verkraschen Aen“ weist, datt et a verschiddenen Flexiounen d’Méiglechkeet gëtt fir zousätzlech Epithète-Morphemen -en / -t- (F. Schanen /
J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen, 2013, §§ 214-216).

Schonn um Enn vum 19. Joerhonnert – wéi dem Wenker seng Questionnairen agesammelt goufen – war gewosst, datt d’Musel erof an am Iechternacher Dräieck fir d’Epithète am K1 Neut. keng Endung mat -t- gebraucht gouf: mäi kleng Haus, ’t ass schéi Wieder, ech sinn an d’kal Waasser gefall, mäi léif Kand, soten se d’Musel erof, an net mäi klengt Haus, ’t ass schéint Wieder, an d’kaalt Waasser, mäi léift Kand.

Nach nom Zweete Weltkrich huet de R. Bruch op senge Sproochkaarten op dës lokal Variant ouni -t- higewisen, vun där duerno an der Grammaire vum Men (2005) net méi Rieds goung. Du gouf dann am Neut. Sg. d’Endung -t- generaliséiert an als standardiséiert ugesinn, wat selbstverständlech deene Lëtzeburgophonen net gefall huet, déi keen -t- benotzen. Ausser der standardiséierter Flexiounsendung een/dat klengt Haus am Neut. Sg. an der lokaler Miseler Variant ouni -t-, hu mer dann een/dee klenge Jong am K1 (Akk./Nom.) Mask. Sg.; eng/déi klengØ Maus am F. Sg. Ø zwou wäissØ Mais/ déi zwou wäissØ am Pl.

Déi aner Flexiounssequenzen, déi derbäi koumen, waren: Am K2 (Dat.) Mask. Sg. mat roudem Wäin; am Neut. Sg. a kalem Waasser; am Mask. deem roude Wäin; am Neut. an deem kale Waasser; am Fem. mat grousser Gedold, mat der léiwer Gedold; Pl.: bei deene klengen Haiser; am méi rare K3 (Gen.) M. Sg. enges schéinen Daags; F. Sg. denger Meenung no; Pl.: hues de där speziel-
ler Tricken nach méi?

An dräi Zorte vun Epithèten op d’mannst kann elo d’Deklinatiounssequenz mat engem zousätlechen -en erweidert ginn: 1) Wann d’Epithète en adjektivéierte schwaache Partizip op -t- ass, 2) eng adjektivéiert Superlativform op -st oder 3) en adjektivéierte Partizip mat engem haut labille staarken -en.

1) Vun de schwaache Partizipen op -t- seet de R. Bruch an sengem Précis, datt „attributiv gebrauchte Partizipien schwacher Verben geläufig durch -en erweitert werden“ (§ 25,7 d, S. 84). Hien zitéiert: en zesummegepecht(-ent) Bild, e gepant(-ent) Päerd, eng gefléckt(en) Auer, am geméit(en)e Gras3. Weider Beispiller sinn am K1 F. a Pl. eng geschwate Sprooch, geschwate Sproochen; am K1 Neut. en zerbranntent Haus an am K1 Pl. gekachte Gromperen, gemoolte Biller.

En ass och am K2 Pl. méiglech: verwinnte Leit, mat verwinnt(en)e Kanner, an deene geschwat(en)e Sproochen, mat ausgelooss(en)e Kanner. Fir e komplette Paradigma ze zitéieren, deen sengerzäit an der Diskussioun um Site lb. Wikipedia.org a Fro gestallt gouf, ass et am K1 Sg. ee lues gekachtent Ee an am K1 Pl. lues gekachten Eeër. Am K2 Sg.: mat engem lues gekachten Ee an am K2 Pl.: mat lues gekachten / gekachtenen Eeër.

2) Déi sougenannt Superlativform huet -st um Enn. Et ass also verständlech, datt se duerch en zousätzlechen (meescht fakultativen) -en erweidert ka ginn. Beispiller aus der Grammaire vum Men sinn (§§ 110 an 112) am K1: dat eelst(ent) Kand, dat klengst(e) Geschenk, déi schwéierst(e) Course, déi frechst(e) Bouwen, déi déckst(e) Gromperen. „Eis Sprooch versuergt sech do, wou si hir décksten an déifste Wuerzelen huet“, schreift de Lex Roth. D’Grammaire vum Men seet vum Superlativ: „On peut ajouter au nominatif et accusatif -e(n) au féminin, neutre et au pluriel.“

3) Méi schwéier ass d’Analys vun den zweete Partizipen mat engem haut labillen staarken -en, dee beim deklinéierten Epithète nees obligatoresch erëmkennt: mäin Hiem ass zerrass → mäin zerrassent Hiem; hir Ae sinn zerkrasch → hir zerkraschen Aen. Den -en ass selbstverständlech net op de Neutrum begrenzt: en ugebassenen Apel, ugebassen Äppel; eng ageschloe Fënster; ageschloe Fënsteren; nieft enger ageschloener Fënster; eng Auer ass verluer → eng verlueren Auer → verlueren Aueren.

D’Flexiounsforme vun den Epithèten (déi sougenannt Morphemer) si meeschtens bekannt, mee d’Kombinatiounen vun de méigleche Varianten, déi den Text verkierzen oder verlängeren (besonnesch déi zousätzlech -en an -t- Morphemer), mussen onbedéngt an enger Grammaire ernimmt ginn, well si fakultativ no engem adjektiveschen Endungs-t4 oder Superlativ-st5 oder no engem schwaache Partizip-t6 kënne virkommen oder bei staarken 2. Partizipen en ewechgefallenen -en kompenséiere kënnen7. Awer den zousätzlechen -en ass net ëmmer fakultativ8. Duerfir kann och keng prioritär néideg Flexioun ëmgaang ginn.

1 Epithète ass eng attributiv Funktioun am Nominalgrupp. Formell awer kann d’Epithète en Adjektiv och an der Superlativform sinn (kaalt Wieder, dat flottst(e) Buch), eng adjektivéiert Partikel (en oppent Geschäft), e Partizip II (ee gekachtent Ee, verschasse Leit), e Partizip I (ee bedeitend Buch).

2 „Bei all de Verbesserungen, déi ech bis elo gemaach hunn, hunn ech festgestallt, datt der vill vun onsen Auteuren net richteg deklinéiere kënnen.”

3 Well de Robert Bruch den Iwwergang vun de staarke Verben an d’Kategorie vun de schwaachen envisagéiert, stinn d’Suffixen -t (schwaach) an -en (déi staark Erweiderung) niewentenee: méi präzis misst nottéiert ginn: en zesummegepecht / tent Bild, eng gefléckt/ ten Auer…

4 Adjektiv-Epithèten op -t: déi éischt(e) / drëtt(e) / lescht(e) Kéier, eng goldbrodéiert(en) Decken

5 Superlativformen op -st: déi déckst(e) Frënn, déi schéinst(e) Figur(en); dat flottst(e) Lidd; déi nächst(e) Woch, déi nächst(e) Kéier, déi nächst(e) Strooss

6 Schwaach Partizipen op -t: zesummegerullt(en) Zeitungen, gefléckte Schong, gekachte Kéis, ee gekachtent Ee

7 Kompenséierte staarke Partizip -en: een zerrassen(e) Pullover, ee verkraschent Gesiicht, beschasse Leit

8 Cf. Diskussioun Gekacht op Wikipedia: eng oppen (obligatoresch) Dier, zerkraschen (obligatoresch) Aen

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land