D'Wuertbildung bei de Verben

Zréck, hannescht an erëm

d'Lëtzebuerger Land du 28.01.2010

Jo – ech weess – d’Wuertbildung bei de lëtzebuergesche Verben ass e brenzelegt Kapitel. Fir déi Leit, déi an de Coursen eis Sprooch als Zweetsprooch léieren, ass et eng haart Noss wéinstens fir Erwuessener, déi keen Däitsch kënnen an u romanesch Strukture gewinnt sinn. D’Verben, esou wéi een se am Infinitiv am Dictionnaire oder Verbebuch fënnt1, si formell entweder einfach oder komplex an, wann se komplex sinn, derivéiert oder komposéiert. Ënnert de komplexe Verbe ginn dann nach zwou grouss Klassen ënnerscheet: 1) Verbe mat onbetounten ontrennbare Präfixen an 2) Verbe mat betounten trennbare Partikelen. Déi lescht ginn nach, jee no der Perspektiv, an Ënnerklassen agedeelt2. Esou wäit, esou gutt.

D’Lëtzebuerger, déi d’Lëtzebuer­gescht als Eischt- oder Mamme­sprooch hunn (an déi dofir och d’Morphosyntax automatesch uwennen), limitéieren d’Pro­blemer vun dësem Wuertbildungskapitel meescht op d’Orthographie (Zesummen- oder Getrenntschreiwung), d’Semantik (vun den Eenzelelementer mat hi-re Strukturen) an d’Pragmatik (de kontextadäquate Gebrauch vun de sproochlechen Ausdréck). Dës Perspektivereduktioun geet schonn duer, fir prinzipiell zwou linguistesch Orientatiounen z’ënnerscheeden: d’LaF (Lëtzebuergesch als Friemsprooch) an d’LaM (Lëtzebuergesch als Mammesprooch). Dat wëll ech mat engem Beispill weisen, dat, nieft den allgemengen Analysenniveauen, och d’Optik vun der Sproochfleeg matabezitt, déi haut am Land esou wichteg ass (d‘Land 28.10.2008).

An engem Lieserbréif (rtl.lu 06.02.2009) mat der Iwwerschrëft: ‘Zréck’…dat muss net sinn, seet de Lex Roth, mer sollte bei de komplexe Verben (mä net nëmme bei de Verben) zréck duerch hannescht oder erëm ersetzen. Hie begrënnt dës pragmatesch Norm mat Behaaptungen, wéi zréck wier en ‘däitscht’, hannescht awer en aalt, ‘typesch lëtzebuergescht’ Wuert. Mä als sproochleche Beweis zitéiert hien nëmmen zwee Verben: zréck/hannescht ginn an zréck/hannescht goen. “Et ass Muttwëll, wa mir en typesche lëtze­buergeschen Ausdrock mat engem däitschen oder franséischen erdrécken/ermëlzen. […] Wéi historesch - an identitär wertvoll – ass de Wierderfong vun eiser Sprooch. […] Eent vun deene muttwëlles futti gemaachten onverwiesselbare Wierder ass hannescht, dat ëmmer méi vun zréck er­dréckt gëtt”3. – Ech hu guer net wëlles, hei déi vereinfacht an zum Deel zweiwelhaft Opfaassungen ze kritiséieren, déi sech an dësem Text verstoppen. Den Auteur hält souwisou net vill vu spezialiséierte Linguisten a wëssenschaftleche Methoden!4 Brav kommen ech also sengem Rot no a versichen, d’Partikel bei zréck-Verben duerch hannescht oder/an erëm z’ersetzen. Abee! Et brauch een net laang fir festzestellen: dem Auteur seng Norm ass arbiträr an dat beweisen d’Substitutioune bei 56 Verben5.

Fir unzefänken: Zréck kann net an alle Fäll duerch hannescht an/oder erëm ersat ginn. Versicht et selwer a Beispiller mat zréckbehalen/-bleiwen, op eng Plaz zréckfalen, zréckdatéieren/-denken/-drécken, e Wee zréckgoen, op eppes zréckgräifen, zréckhalen, eppes zréck­huelen, zréckleeen/-leien/-setzen/-stoussen/-trieden/-zéien. Bei anere Verben ass d’Ersetze vun zréck méig­lech mat dem eenzegen erëm (zréckäntweren = erëmäntweren, zréckmaulen/-ruffen/-schloen) oder nëmme mat hannescht (zréckgoen = hannescht goen) oder, jee no der Bedeitung, mat deenen zwou Partikelen: zréck­bréngen = erëmbréngen oder hannescht­bréngen (zréckfléien/-ginn/-schécken/-wénken). Zweetens: D’Bedeitung vun zréck ass an eiser Sprooch méi breet wéi déi vun erëm an hannescht. Dat läit dorun, datt zréck a senger méi villfälteger Uwennung de Partikelen erëm an hannescht am Fong net géintiwwersteet, mä déi zwee méi präzis Elementer iwwerbréckt: zréck (orientéiert sech um mënschleche Réck) [gt] erëm (d’Bild erënnert un den Ofschloss vun engem Krees: herum/heremm6) [gt] hannescht (bedeit e Retour op en implizéierten Ausgangspunkt). Drëttens: Zréck huet am exklusive wéi am villfache Gebrauch seng berechtegt Plaz am Lëtzebuergeschen. Et ass also net méi ­‘Däitsch’ wéi hannescht an erëm ‘identitär wäertvollt Lëtzebuergescht’ sinn.

Selbstverständlech huet d’Optik vun der Sproochfleeg hir Plaz am LaM, wann se mat sproochlechen an net nëmmen ideologeschen Argumenter ëmgeet. Iwwregens si Grondsätz wéi ‘wat méi al a méi rar, wat méi echt’ och net ëmmer richteg. Net alles, wat net wuertwiertlech op Däitsch oder Franséisch iwwersat ka ginn, ass ‘Eises’, d.h. ‘typescht Lëtzebuergescht’. Schued ass et och – grad fir eis Sprooch an hire pragmatesche Gebrauch –, wann d’Lëtzebuergescht bewosst net opgeholl an net analyséi­ert gëtt, wéi et funktionéiert. Normativitéit, – dat ginn ech zou – ass zum Deel néideg, mä och aner Haltungen (Toleranz, Offenheet) an Analyseperspektiven (Morphosyntax, Semantik), wéi se am LaF gängeg sinn. Do gëtt dat friemt A awer net, wéi esou dacks am LaM, als Gefor ugekuckt. D’Perspektiv vu baussen ass eng Garantie dofir, datt eis Sprooch eegestänneg behandelt gëtt.

1 Nogekuckt hunn ech am Lexicon vum Gangler (1847), an der Kommissioun vun 1906 hirem Dictionnaire, am Luxemburger Wörterbuch (LWB 1950-1975) (cf. Informationsportal zum Luxemburgischen – Lexicolux: Verfügbare Wörterbücher), am Luxdico (Schanen/Lulling, 3
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land