FLB

Den Afloss vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband

d'Lëtzebuerger Land vom 24.02.2000

An engem Land, wor eng Landwirtschaftsgewerkschaft am Oktober 1944 - haut als association de fait unerkannt - gegrënnt ginn, an enger Zäit wou ët dem Bauerestand relativ gudd gaangen ass - ët wor no dem Hamsteren an dem "Ernteeinsatz" vun Lëtzebuerger Jongen an der Landwirtschaft a vrun allem virun der Rundstedt-Offensiv. Eng Gewerkschaft, där hiren CNA d'Funktioun vun enger Chambre d'agriculture zougestan kritt huet an déi laut den Aussoën vun dem éierwierdege Monseigneur Turpel, fréieren Direkter vum Lëtzebuerger Wort, oder dem Joseph Bech oder nach dem fréiere Landwirtschaftsminister Colling no, sech als Stat am Stat entwéckelt huet; déi bei öffentlechen Stellungnahmen während der blo-rouder Koalitioun tëschend 1974 a 1979 d'Rechenschaft a Kontentransparenz carrément refuséiert huet.

Fir déi op der anerer Säit awer secher legitim Betreiung, d'Repräsentatioun an d'Vertriedung vun enger Landwirtschaft, déi ët mat de Joëren ëmmer méi schwéier kritt huet, an an där z.B. d'Herdbuch d'Kalwer vun Holsteiner Stéieren nët ageschriwwen huet an der Bauerenzentral hierem SEG awer d'Donneën fir Mëllechkontrollauswärtungen a Rechnen vun den Zuuchtwäerter vun den Wald-haff-Stéieren wärend aacht Joër vun 1970 bis 1978 iwwerdroen huet; wou d'Luxlait d'Vermaartung vun hiren Produits finis un deen selwechte Firmenkomplex outgesourced huet; a wou de Verband zoumindest am Fuddermëttelhandel den Epicier vun der Silocentrale, enger Firma aus dem selwechten Grupp, gespillt huet; wou Baueren, Veterinären, Economen, Juristen, Notairen, Infirmièren a Mathematikprofesseren, ënner aneren als Staatsminister, als Landwirtschaft-Minister oder als  Staats-sekretär, d'Virschléi vum Boulevard d'Avranches ganz oft 1:1 - dat muss nët ëmmer schlecht gewiescht sinn, mä méi wéi eng Kéier och ganz däitlech géint hiren egenen Wëllen - iwerhollt hun.

An deem Land do erdreist sech e Grupp vun meeschtens jonken, ganz fortschrëttlechen Bauern  géint den agrar- a gewerkschaftspoliteschen esouwéi dén kommerziellen, landwirtschaftlechen Establishment unzekämpfen! Fir d'éischt als MEB, d.h. an de Strukturen vun der Bauerenzentral, duerno als fräi Gewerkschaft. Si bréngen domat dé Pluralismus och an d'Landwirtschaft, op deen aner Sekteure schon seit laangem stolz waren, nët zoulescht, well déi Fräiheet batter erkämpft war.

Virwat soen ech fortschrëttlech Baueren? Well si oft zou denen eischten Fusiounsbetriber gehéiert, déi eischt Boxenlafställ opgeriicht, schon 1968 Spermaimport vun HF-Stéieren getätegt hunn an méi héich Mëllechleeschtongen pro Kou opzeweisen haten, si waren a sinn aktiv beim Saatbau a gehéieren haut zou denen éischten, déi eng Biogasanlagen opbauen.

Virwat géint den Establishment? D'kommerziell Aktivitéiten vun der Cépal SA, als Mamm vum ganzen Agrocenter, ginn als genossenschaftlech Aktivitéiten vun der Asta op Bréissel gemellt, d'Centrale paysanne ass do souwuel an der Copa wéi a ganz onverständlech an der Cogeca vetrueden, kritt z.B. Verwaltung vun der ominöser Compensatiounskees an d'Verdeelung vun den staatlecher Ennerstëtzung vun dem 76er Drécheschied iwerdroen, sträicht d'Luxlait, féiert ongestrooft schwarz Konten, exportéiert ongestrooft geschluechten, also doudeg Béischten lieweg an d'Ausland a verhënnert den automatechen Transfer vun de Resultater vun den Mëllechanalysen vun der Luxlait an d'Ofrechnungsprogrammer bei der Bauerenzentral.

Wat huet dës Grënnung trotz oder villeicht grad géint dës iwermächteg Dominanz vun der Bauerenzentral der Lëtzebuerger Landwirtschaft bruecht?

Si huet a mengen Aen am Ufank awer och nach méi spéit all déi Stréimungen regruppéiert, déi sech an de 70er Joere ganz éendeiteg als "Selbsthilfeorganisatiounen" an a Form vu Genossenschafte konfiguréiert haten. Iwerall waren engagéiert MEBisten oder FLBisten mat virop.

Awer eréischt mat dem Emfunktionéiere vum MEB an den FLB erfollegt déi gewollte politesch Unerkennung. Ech ginn e Beispill: FAE 1983: Vun do un konnt den FLB Gespréicher op politechem Niveau féieren an huet misse serieux geholl ginn.

E wichtegt, wann nët dât wichtegst Produkt vum FLB séngem Schaffen ass ganz sécherlech d'Grënnung vun enger rechtméisseg gewieltener Chambre d'agriculture, wou laut den Aussoën vun hire Mëmberen e konstruktiven Dialog direkt tëschend de verschiddene Baueren gefouert gëtt. Iwer dee Wee war ët och méiglech, Ännerungen u Gesetzesvirlagen virzeschloen, wéi z.B. beim Pachtgesetz (méi piechterfrëndlech) oder beim leschten Agrargesetz, wou zum Deel e puer positiv Akzenter ënner anerem fir Fusiounsbetriber gesat konnte ginn.

Beim éischten Mëllechquotereglement huet den FLB malgré lui eng éischter kontraproduktiv Roll gespillt: Déi grouss an agangs vun mir als fortschrëttlech charaktériséi-ert Betriber sinn onverständlëcherweis iwwermoosseg ageschränkt ginnxy .

Ganz positiv bewäerten ech dem FLB sein Asaz beim Wäissbuch zum Kuelbecherhaff ufanks den 80er Joëren: An deem Kader, behaapten ech, souze fir déischt hei am Land Ëmweltschützer a Baueren zesoumen an hu konstruktiv mateneen geschwat, och wann hir Argumenter géint den Kuelbecherhaff ganz anerer waren. Aus dësem Zesummenschaffen ass spéider z.B. déi ökologësch Beroderplaz tëschend Jongbaueren a Jongwënzer an dem Öko-Fonds op d'Initiativ vum Mouvement écologique entstanen.

D'Ënstehungsgeschicht vum FLB, fir d'éischt als MEB an der Bauerenzentral, huet én wichtegen Deel vun der Aarbecht virgezeechent: Nämlech d'Opklärung an d'Entfilzung vum iwwermächtege Bauerenzentralapparat an sénge Geschäftercher hannert de Kulissen a speziel d'Klärung vun de Besëtzverhältnisser vun de sougenannten "berufsgemeinschaftlichen Einrichtungen", an déi de Staat an d'Baueren zësummen sëcherlech gudd dräi Milliarden investéiert hun.

Als richteg Gewerkschaft war den FLB legitiméiert Revandicatiounen no baussen un d'Politik an d'Gesellschaft ze riichten. A grad an dësem Beräich hun ech e puer Kritiken unzebréngen. Bestëmmt nët onberechtegt, awer dach kopflasteg war déi dominant Vertriedung vun de Mëllechbaueren, déi bis haut nët ofgehollt huet. Eréischt méi spéit koumen Interesse vun de Wënzer an nach méi spéit déi vun de Fleeschbaueren richteg zum Zuch. D'Interessie vun de Schwéngsbaueren huet den VLS an enger méi oder manner enker Zesummenaarbecht mam FLB iwwerholl. Ech kann leider kéng kloer Ausso zum Asaz fir d'Gäertner maachen.

Bei den éischte Revandicatiounen stoung dann och ëmmer de Mëllechpräis am Virdergrond. Et si gerecht Präisser gefuerdert ginn, déi sou héich sollte sinn, dass keng Direktzuelungen, wéi de McSharry se virhat, néideg wären. Et war eng Fuerderung no fräiëm Unternehmertum, awer mat Ausseschutz.

Den Hearing an der Chamber 1991 iwert d'Ausrichtung vun onser Landwirtschaft war fir mech eng eenzeg Enttäuschung. Zoumol well ech pertinament weess, wéi en zustane komm ass. Nët nëmmen den FLB, awer och den FLB huet a méngen Aen relativ kuerzsichteg Saache gefuerdert, déi an en neit Agrargesetz sollten agebaut ginn. Deen eendeitegen a prinzipiellen Engagement fir eng ökologesch oder nachhalteg Landwirtschaft war nët ginn. Dat huet och dozou gefouert, dass den FLB nach nët an der AbL (Arbeitsgemeinschaft bäuerliche Landwirtschaft) als Vollmitglied opgeholl gouf. Eng logesch Folleg dovun war dén éischter kritiklose Beitrëtt an d'FILL.

Och dat d'plakativ Virgoën bei der nët ze veräntferter Ausso, Lëtzebuerger Produkter sinn einfach qualitativ gudd, well se zou Lëtzebuerg erstallt goufen, kann ech nëmme schlecht novollzéien.

Mee, wat elo? D'Beschleunigung vum Strukturwandel, d'weider Spezialiséierung vun de Betriber, d'allgemeng Diversifizéierung vun der Produktioun, d'Ofsécherung vun der Produktsécherheet, d'konsequent Ausrichtung vun enger nohalteger Landwirtschaft, d'Veraarbechtung an d'Kommerzialisatioun vun den einheimeche Produkter verlaangt ganz einfach a méi wéi je no engem nationalen Konsens.

Wann ech da ronderëm mech ku-cken, da gesinn ech op der enger Säit den - allem Uschäin no - finanziell ugeschloene Firmen-Komplex vun der Cepal S.A., mat dem héchstens nach 1/4 bis maximal 1/3 vun de Lëtzebuerger Baueren matschaffen, an op der anerer Säit staark Genossenschaften, wéi de Verband, d'Bako, d'Procola oder och nach d'Herdbuch oder d'Luxlait als gréisst- vun allen hei zou Lëtzebuerg. Dës Genossenschafte fille sech am Recht an duerch déi finanziell eemoleg Resultater, wat Joër 1999 ugeet, nët direkt gewëllt vum ageschloenen Wee ofzeweichen, wou si dach je no Dëngschtleeschtong oder Produkt bis zu 2/3 vum Gesamtëmsaz mat de Baueren maachen.

Dass also keng direkt Nout do, fir zesummenzeschaffen. Och well se alleguer méi oder manner intensiv mat auslännesche Schwësterorganisatioune Kooperatiounen amgaang sinn. An dann stellt sech d'Fro: Wouhin mat den bestehenden deieren Infrastrukturen an a ronderëm eis Landwirtschaft?

Ech denken do un den Agrocenter an de Kuelbecherhaff z.B. D'Gefor, dass auslännesch Firmen d'Mierscher Schluechthaus, de Silo oder de Kuelbecherhaff als lëtzebuergesch Filialen iwwerhuelen, ass imminent: Emc2, CR Delta a Nucleus sinn zum Deel scho Realitéit.

Bei deem dach équilibréierte Kräfteverhälniss an de leschte Land-wirtschaftskammerwahlen, wann een d'Bauerenallianz dobäi rechent, an dat muss ee ménger Meenong no man, dann kann am Fong nëmmen e Zësummenstoen a goen d'Zoukunft sinn. Och an nët zulescht, well d'Jugend nët no hanne kuckt, an de jetzege Sträit nët versteet. A grad dat ass nët einfach. Ech hun dat um egenen Läif erfuer, op zweschend SEG an HL oder an der Schluechthausaffär, an déi ech malgré moi eragezu sinn ginn. Dass ët awer och geet, beweist dëser Deeg d'Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft. Heibäi muss d'Politik awer Réckendeckung  ginn, wëll se wéi keen aneren Komplizin vun der jetzeger Situatioun ass a wor a mat hirer flagranter gesetzeswiddreger 10 Prozent Quotestrof ganz eendäiteg fir eng national staark Landwirtschaft wollt suergen.

 

Jean Stoll
© 2023 d’Lëtzebuerger Land