Lëtzebuergesch-Fuerschung

PhonLaf

d'Lëtzebuerger Land vom 03.03.2011

Loosst Iech nëmmen net vun der Ofkierzung ofschrecken. PhonLaf gehéi­ert zum infolux – Forschungsportal zum Luxemburgischen, wou een Informa­tiounen iwwert d’Recherche-Aktivitéite vum Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni du Luxembourg fënnt. Vun deenen aacht Fichieren, déi do schéi propper presentéiert ginn, sinn der an eise Rubriken ewell e puer ernimmt an diskutéiert ginn – fir d’lescht d’Modal­verben am Luxogramm.

PhonLaf (Phonetische Online-Materialien für Lëtzebuergesch als Friemsprooch) ass eng multimedial ‚Selbstlernplattform für die Lautstruktur des Luxemburgischen‘. De Site – eng Iddi vum Prof. Peter Gilles a Jürgen Trouvain – ass nach um Opbau. E besteet momentan aus enger nach net verbesserter provisorescher Versioun op Däitsch an, ënner anerem och, aus engem Artikel op Englesch, deen am Journal of the International Phonetic Association (JIPA) erauskomme soll. D’Auteure wënsche sech – iwwregens – Commentairen iwwert hire Projet1. Dësem Wonsch kommen ech gär no an dat aus verschiddene Grënn 1) d’Lautstruktur vum Lëtzebuergesche bedéngt an éischter Linn net nëmmen d’Orthographie, mä och d’Morphosyntax a vill aner Aspekter vun eiser Sprooch2; 2) esou eng Presentatioun kann am Enseignement vum Lëtzebuergeschen, vir­op am Friemsprooche-Cours, eng gutt Hëllef sinn3; 3) de Sujet ass theo­retesch net einfach a seng praktesch Ëmsetzung verlaangt nieft der wëssenschaftlecher Ausernanersetzung och e breede Konsens.

De Site riicht sech u LaF-Formateuren an Apprenanten. Dat heescht 1) datt keng Ongenauegkeete sollen dra virkommen, 2) datt en den Destinatairen ugepasst ass. Déi provisoresch Online-Versioun vun 2009 beweist awer, wéi schwéier et ass – fir Studenten ouni ‚Background‘ – d’Lautstruktur vun enger Sprooch ze beschreiwen. Feeler an Inkoherenze mussen onbedéngt vermidde ginn. Sou gëtt um Site kéng (kühn, wéi Méck) mat keng (keine, wéi kleng) verwiesselt. Guer net sécher ass et, datt hell (hell) deeselwechte Vokal huet wéi Häll (Hölle), Männer (Männer) wéi Bänk (Bank): /ae/ oder méi en oppenen ‚ä‘? Den Diphthong vu s­chéin (schön) gëtt phonetesch – a géint all Logik – mat zwee verschiddene Lautschrëftzeechen ëmgeschriw­wen an ‚oi‘ (Moien) ass einfach vergiess ginn. An der Transkriptioun ass Rieds vun enger ‚Geminierung‘, mä am Beispill du mengs d’Dachsen gëtt de Konsonant /d/ nëmmen eng Kéier ausgeschwat. Verwiesselt gi warscheinlech déi schrëftlech (graphematesch) a lautlech (phonematesch an/oder phonotaktesch) Niveauen. Dat ass och implizitt de Fall, wann, bei der Virstellung vun de Lauter, eng Eent-zu-eent-Entspriechung vu Phonem a Buschtaf suggeréiert gëtt, awer ­wéinst den Digrammer (‚ch‘, ‚tz‘, Konsonsante-Verduebelung) an Trigrammer (‚sch‘) net stëmmt. Wa vun ‚Allophone desselben Phonems‘, z.B. [x]/[ç] fir ‚ch‘ oder vun der ‚Tendenz zur Neutralisierung‘ vun Oppositiounen, z.B. vu ‚ch‘ a ‚sch‘, Rieds ass, dann erwaart ee méi Precisiounen, zemol wann et ëm déi divers am Lëtzebuergeschen typesch Realisa­tioune vum geschriwwenen ‚g‘ geet, sief et am Ufank (Geess, Gilli) oder um Enn vum Wuert (Dialog, [x] oder [k], wéineg [ç]) oder tëschent Vokaler (Bagger, Spigel, Regel, Kugel). Natierlech muss d’Presentatioun vun der Lautstruktur am LaF vereinfacht ginn, awer se däerf ni falsch sinn. Behaapten, datt d’Lëtzebuerger ëmmer den ‚n‘ an der Sequenz den Saz bäibehalen, ass falsch4. Am Beispilltext Den Nordwand an d’Sonn5 ass agepak e Feeler: den 2. Partizip ass agepaakt. Och am engleschen Artikel ass dat net verbessert ginn. Jo, ‘t kann een sech nëmme iergeren – an d’ass och penibel –, wann op engem Uni-Site fir Apprenanten, sief et an enger provisorescher Versioun, souvill Detailer net stëmmen.

Dobäi – fäerten ech – ass d’Haapt­perspektiv vum PhonLaf fir eis Sprooch a fir LaF-Destinatairen och net déi bescht. Wat lëtzebuergeschen Experten op de Su geet, dat si besonnesch onverschimmt a verluge Behaaptunge wéi déi, déi am Artikel steet, et géif bis elo nach keng phonetesch an/oder phonologesch Beschreiwung vum Standard Lëtzebuergesche ginn. Och op Englesch ass dat eng Ligen – an et ass net déi éischt6! Déi kuerz Bibliographie ass provokant7. Natierlech hunn d’Auteuren d’Recht, hiren eegene methodeschen an theoretesche Choix ze betounen, mä dee muss argumentéiert a justifiéiert sinn. Wann ech selwer schonns vum CPLL eng Tabell vun de lëtzebuergesche Phonemer (mat hire phoneteschen Transkriptiounen) verlaangt hunn8, da war et, fir de LaF-Unterrecht ze vereinfachen an ze vereenheetlechen, an net fir mech mat enger weiderer Kontrastetude mat der eenzeger héidäitscher Lautstruktur zefridden ze ginn. D’Leit, déi an de LaF-Course sëtzen, kënnen net alleguerten Däitsch. An déi, déi Däitsch schwätzen oder schreiwen, brauche jo angeblech keng phonetesch Transkrip­tioun, well se mengen, hir approximativ Aussprooch géing duer, fir sech ze verstännegen (wat jo stëmmt) a fir hiert lokalgefierftent Däitsch eisem méi duusse lëtzebuergeschen Akzent unzepassen (wat jo méi schwéier ass). Wat eis Sprooch vun haut brauch, dat ass eng systematesch, funktionell-phonologesch Beschreiwung, déi op Oppositiounen a sënnvolle Minimalkoppelen opbaut, awer och all déi wëssenschaftlech Resultater mat abezitt, déi vu Virgänger ausgeschafft gi sinn. D’Bedingung dofir ass awer, datt ee se kennt an datt se net ënner den Teppech gekiert ginn.

1 cf. Gilles Peter/Trouvain Jürgen (submitted): Luxemburgish. Ms. for Journal of the International phonetics Association. [PDF Illustrations_Luxembourgish -pg - 6] 11 Säiten.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land