Feminisatiounen

Aus dem Uedem senger Rëpp

d'Lëtzebuerger Land vom 11.11.2010

Déi lescht Rubrik iwwert de Genus am Lëtzebuergeschen huet mir eng Reaktioun abruecht. Eng Damm erkläert, si wier d’accord mat menger Grondthees, datt de Genus prioritär eng grammatesch Kategorie wier. Awer – sou schreift si weider – meng Behaaptung, datt e keng semantesch Kategorie wier, misst nuancéiert ginn. „Och wann Dir d’Semantik op déi referéiert Bezeechnungsklasse limitéi­ert, musst Der dach zouginn, datt bei Substantiven, déi op Beruffer, Titelen a gesellschaftlech Fonctiounen hiweisen, déi maskulin Form op Männer an déi dacks vum Maskulin ofgeleet feminin Formen op Fraleit referéieren.“ D’Allusioun op d’Feminisatioun vun der Sprooch, déi am dräisproochege Guide Beruffer, Titelen a Fonktiounen: weiblech-männlech vum Ministère de l’Égalité des chances (168 S., 3. Oplo 2005, och um Internet) encouragéiert gëtt, ass net ze verkennen. Op deem Gebitt fale Genus a Geschlecht dach zesummen! Meng Korrespondentin huet Recht, mä si vergësst, datt all Nomen e Genus huet, och déi maskulin a feminin, déi op Entitéiten ouni Geschlecht hiweisen.

Riichteraus gesot: ‘t geet hei net ëm déi Fro, ob a wéi wäit d’Feminisatioun vun de Beruffs-, Titel- a Fonctiounsbezeechnungen an der Lëtzebuerger Gesellschaft a Sprooch vun haut begrënnt ass. D’Fraebeweegung ass mat deene wichtegste Beweegunge vum 20. an 21. Jorhonnert, a selbstverständlech huet se och an eisem Land hir berechtegt Plaz ageholl. De Guide mat senge praktesche Virschléi ass publizéiert ginn, fir enger Gesellschaft ze hëllefen, wou d’Frae sproochlech – an net nëmme sproochlech – solle besser gesinn, genannt an unerkannt ginn. Un deem Objektiv ass, mengen ech, näischt auszesetzen.

Freet een awer, wéi d’Liewewiesen (an net nëmmen d’Fraen) an eiser Sprooch ernimmt ginn, da musse verschidde Sproochformen ënnerscheet ginn1. Do ass fir unzefänken déi ganz Rëtsch vu semantesch opposéierte Substantiven, déi op männlech, respektiv weiblech Wiesen hiweisen, z. B. an der Famill: Mann/ Fra, Papp/ Mamm, Monni/ Tatta, Jong/Fils an Duechter, Cousin/Koseng a Cousine/Kusinn. Am Guide stinn nach: Brudder/ Schwëster, Pater/ Nonn, Accoucheur/ Hiewan, Garçon/ Serveuse, Kniecht/ Mod, Portier/ Concierge, Schneider/ Néiesch. Heiansdo kënnt en drëtt Wuert derbäi, mat deem déi béid Wiesen (eenzel oder zesummen) mentionnéiert ginn: Mënsch (f), Persoun (f), Koppel (f), Elteren (pl), Geschwëster (pl). Bei Déiere ginn och emol déi dräi Genera spezifizéiert: Neutrum, Maskulin a Feminin fir Päerd/ Hengscht/ Mier; Schwäin/ Béi­er/ Sau; Hong/ Hunn/ Kluck. De Neutrum ka mam Sem ‘jonk, mannerjäreg, sozial onwichteg’ verbonne ginn, mä de Genre vu Kand, Fillen, Hénkel, Meedchen, Framënsch, vun de weibleche Virnimm, vum Pronom hatt, dee fir familiär behandelt Fraleit gebraucht gëtt, ass a bleift dach eng stramm Noss.2

Méi heefeg si komplex Nomina. Zesummesetzunge folgen der Regel vum Genre: déi mat -mann si maskulin a männlech, déi mat -fra si feminin a weiblech: Bauer/ Bauerefra, Wiert/ Wiertsfra, Botzmann/ Botzfra, Butteksmann/ Butteksfra. Mä déi grouss Mass vu Bezeechnunge fir männlech a weib­lech Liewewiese sinn Derivéen. Praktesch besteet d’Feminisatioun vun den Nomina jo meescht doran, datt formell maskulin Substantive mat morphologesche Sproochmëttelen an de Feminin gesat ginn an esou spezifesch op dat weiblecht Geschlecht hiweise kënnen. Dofir sinn haut Nomina, déi an engems fir Mann a Fra stinn (Mannequin, Modell) an heiansdo och nëmmen den Artikel änneren, ëmmer méi rar3. Am Guide hu mir: de/d’Comptabel, de/d’Giischtgen, de/d’Skripte, d’Manicure, d’Haushaltshëllef (feminin; Haushälterin / Haushältesch stinn am LWB, net awer am Guide).

Morphologesch ass et derwäert, sech d’Suffixe vun der Feminisatioun genee unzekucken. Den heefegsten ass -in/-innen, den typeschsten awer ass-esch an dat war schonn esou um Enn vum 19. Jorhonnert.4 De Suffix -esch ersetzt -ers (Bäckesch) oder -er (Dokter/ Doktesch, Offizéier/ Offizéiesch) oder, méi seelen, -ert (Pechert/ Pechesch) oder de Nullsuffix (Schmatt/ Schmattesch). Ganz dacks rivaliséiert dee méi däitschen Duebelsuffix -erin mat dem méi lëtzebuergeschen -esch, dee fir en Deel vun de Leit vun haut eng ofschätzend Connotatioun huet: Professesch/ Professorin; Ministesch/ Ministerin; Verwal­tesch/ Verwalterin.

Leschten Enns mussen nach Oppositiounen ernimmt ginn, déi bei fran­séischen Transferten virkommen: a) deen ausgeschwatenen oder stommen Endungs -e: Adjoint/Adjointe; Avoué/Avouée; b) den -eur/-euse wann de Stamm e Verb ass: Plongeur, Plongeuse; Vendeur, Vendeuse; c) den -teur/-trice wann de Stamm e Nominal ass, deen dacks och mat de Suffixen -tion/-ture /-torat virkënnt: Educateur/-trice; Createur/-trice; Tuteur/Tutrice; d) den -ier/-ière, -ien/-ienne, -on/-onne: Infirmier/ Infirmière; Mecanicien/Mecanicienne; Pa-tron/Patronne; e) mat Schreifproblemer (Wechfall vum -e) -aire/-airin (Pro-prietaire/-airin) oder -är/-ärin (Sekretär/-ärin), -aine/-ainin (Capitaine/-ainin).

Fir lexikologesch Analysë gëtt et zwéi Weeër. Deen éischten onomasiologesche geet vun der Bezeechnung a vum Begrëff aus, fir ze froen, wéi se lexikalesch ausgedréckt ginn. Dës Perspektiv ass mir vu menger Korrespondentin imposéiert ginn. Hir Feststellung stëmmt tatsächlech: d’Frae ginn an hire gesellschaftleche Funktioune mat Substantive genannt, déi massiv feminin sinn a maskuline Nomina géint­iwwerstinn, déi op Männer hiweisen. Mä esou eng Oppositioun ass natierlech nëmme méiglech, wann et ëm Liewewiese geet. An allen anere Fäll ass de Critère vum Geschlecht net brauchbar. An do beweist dann deen zweete semasiologesche Wee, dee vun de lexikaleschen Zeechen op d’Begrëffer an d’Virstellunge féiert, datt de formelle Genus bal ni u Bezeechnungsklasse gebonnen ass. Aus ideologeschen, religiösen oder anere Grënn ginn d’Sproochkategoriën da gewéinlech vun der Gesellschaft ‘semantiséiert’. Dat war schonn de Fall – wat d’Feminisatioun vun de maskulinen Substantiven (als Verweiblichung verstanen) ugeet – an der Erzielung vum Uedem5 senger Rëpp (Genesis 2, 17-24), mat där dacks (wéi mat der Feminisatioun vun haut) de Geck gemat gëtt. D’Ischa (Fra) gëtt do ganz konkret vum Isch (Mann) ‘derivéiert’. Sproochlech stëmmt dat, och am Hebräeschen. Problematesch awer gëtt de Mythos, soubal en aus enger anerer geschichtlecher, anthropologescher, gesellschaftlecher Perspektiv interpretéiert gëtt.

1 cf. Schanen/Zimmer: 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Band 2: Kapitel 2, S. 22-27.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land