Fenselau, Klaus: Mam Bus op Bellevue

Lëtzebuergesch Literatur made in Germany

d'Lëtzebuerger Land du 10.01.2002

Härgott streck e Been ewech: "Elo schreiwt en Auslänner, a keen aus dem muselfränkesche Beräich, op Lëtzebuergesch, deen mol nach ni zu Lëtzebuerg war, e fantastescht Buch op Lëtzebuergesch", mellt de Verlag Op der Lay vun Esch am Lach a bréngt e Buch eraus Mam Bus op Bellevue.

Et si siwe Geschichten, déi all mat der Fro ufänken: "Wat ech gëschter gemaach hunn?" Si gi vun enger Geschichtchen zersummegehal iwwer e Mann, dee flemseg am Bus eng Ëmfro muss maachen. Datt hie vun der ILReS kënnt, gët net ernimmt. Wou dach all Kand hei weess, datt se all vun der ILReS kommen.

Him verzielt den Tip mat deenen zwee klenge Meedercher, wéi e säi Frënn erëmbegéint huet a Papp gouf. Déi eeler Damm mam Hond erënnert sech un hir Zäit als scheit, jonkt Meedchen. D'Meedche mat deem schwaarze Kleed leeft engem Jong no, deen net wëllt erwuesse ginn. Dem Bouf mam Jogging[s]kostüm seng Mamm huet sech endlech d'Liewe geholl. De Mann mat de Schier hat op der Uni en ale Bekannten erëmbegéint. D'Fra mat der Trompett weess eng Haassgeschicht vun engem Papp an engem Jong. De Jong mam Fotoapparat kënnt aus engem Duerf, dat dem Geschäft an dem Tourissem wäiche musst.

Et sin där liicht konstruéiert, séiss-sauer Geschichte vu Figuren aus dem Alldag. Där mat Klischeeen, wéi jidderee se erfënnt, dee Freed um Schreiwen, ma weder eppes erlieft nach eppes ze soen huet. Ma och där, déi méi déif ginn a méi schrecklech sinn, ouni direkt kitscheg ze ginn. Déi glécklech Leit sinn an der Minoritéit.

Déi flësseg verzielte Geschichten hunn eppes Abstraktes u sech, well se op eng speziell Anerweis allgemeng bleiwen. Et feelt all Lokalkolorit, mat deem apaart Literatur op Lëtzebuergesch probéiert, fir "authentesch" ze sinn a sech nach ëmmer mat där nationaler Fro erëmklappt.

Ma am meeschten iwwerrascht d'Sprooch: déi ass esou prezis oder probéiert, ouni alschléieg ze wierken, fir esou "authentesch" ze sinn, datt se am Verglach zu munnechen aneren Auteure vun haut schons bal manieristesch wierkt. Esou wéi wann um Buchdeckel en décke Stempel wier: "Garantéiert kee Saz ouni ee stacklëtzebuerger Ausdrock!" Mat schlechtem Wëllen fënnt een emol e Germanissem, ma dat sinn der honnert manner wéi all Dag an de Radios- an Tëlesnuvellen. Zubtilitéite vum zoziale Kontext, wéi den Ënnerscheed vun de Stilniveauen, de Gebrauch vum si/hatt, vu betounten an onbetounte Personalpronomina, gin esou gemeeschtert, datt ee sech froe muss, wéi een dat an enger esou wéineg fixéierter Sprooch wéi dem Lëtzebuergesche vu bausse léiere kann.

Ween ass also dee Mann, dee Geschichten op Lëtzebuergsch schreift, ouni hei gewiescht ze sinn? Deen d'Lëtzebuergescht gebéchst soll hunn, wéi Latäin oder soss eng doudeg Sprooch? Klaus Fenselau schreift hie sech, a senger e-mail-Adress och mam Annagram Auenfels, soll 1963 zu Braunschweig op d'Welt komm sinn an ewell zu Frankfurt als fräien Iwwersetzer schaffen - fir Dänesch, Englesch, Finnesch, Franséisch, Italiéinesch, Katalanesch, Lëtzebuergesch, Hollänesch, Portugisesch, Schwedesch, Spuenesch an Ongeresch, wéi et op enger Websäit bei Luxembourg Online heescht. Vill méi verréit och säin Editeur, de Robert Gollo Steffen, net: "Mir hunn eis nach ni gesinn, mir hu just iwwer e-mail korrespondéiert. Am Ufank hunn ech der Saach net richteg getraut. Ech duecht, do mécht een de Geck mat der."

Wéi de Klaus Fenselau zu Frankfurt esouvill Lëtzebuergesch geléiert huet, weess de Gollo och net richteg. Dofir hu mer de Fenselau selwer gefrot - iwwer e-mail natierlech. Hei d'Äntfert am beschte Rewenig-Stil: "Moien, merci fir Ären E-Mail. Dir wësst gären, wéi ech Lëtzebuergesch geléiert hunn. Fir unzefänken hunn ech all méiglech Bicher iwwert déi lëtzebuergesch Sprooche studéiert, déi ech kréie konnt. Ech hu vum Ministär den L wéi Lëtzebuergesch geschéckt kritt, mir an der Bibliothéik eng Grammatik kopéiert, en Dixionnär ugeschafft a mech no deer neier Schreifweis erkonnegt. Souwisou hunn ech meng Geschichten net iwwersat, mä vun Ufank un op Lëtzebuergesch geschriwwen. Ech hat mech nach ëmmer mam Däitschen, mam Hollänneschen a mam Muselfränkesche befaasst an domat, wéi d'Sprooche sech mat der Zäit verännert hunn. Sproochen an Dialekter sinn ze soe meng Passioun. 

Dono hunn ech eng Onmass lëtzebuergesch Texter gelies. Geschichten, Theaterstécker, Gedichter, praktesch alles, wat a leschter Zäit op Lëtzebuergesch erschéngen ass. Mä fir wierklech erauszefannen, wéi d'Lëtzebuerger sech ausdrécken, sinn ech am Internet spadséiert an hunn Honnerte vu Säite gelies, egal ob e Keeleclub oder e Pompiersveräin sech virgestallt huet. D'Gäschtbicher hu mer immens gehollef. 

Ech hunn d'Informatioune gesammelt wéi e Fuerscher, deen am Urbësch Päiperleke fänkt. Bei all Saz hunn ech mir zéngmol iwwerluecht, wat am Lëtzebuergeschen anescht wéi am Däitschen ass. Wat mer opgefall ass, hunn ech mir gläich notéiert, zum Beispill: den Daach - das Dach, hie brauch - er braucht. Elo hunn ech scho ganz Päck Hefter mat lëtzebuergesche Vokabelen. Nach ëmmer kucken ech, datt ech Ausdréck fannen, déi ech nach net kennen. Ech si jo Iwwersetzer a weess vu vireran, wéi ech d'Wierder am beschten am Kapp behalen.Ech hoffen, Dir kënnt mat menger Äntwert eppes ufänken. Klaus Fenselau."

 

Klaus Fenselau: Mam Bus op Bellevue. Geschichten, Op der Lay, Esch am Lach; 2001, 159 S., 11,90 Euro. ISBN 2-87967-088-8

 

 

 

Romain Hilgert
© 2019 d’Lëtzebuerger Land