Zoom op d’Sprooch

E Beräich mat Variatioun: op de Méindeg, e Méindeg, um Méindeg

d'Lëtzebuerger Land du 15.09.2017

Ech sinn eréischt zënter e puer Deeg an der Vakanz an hunn de Kapp nach voll Biller vu Versammlungen op Lëtzebuergesch oder iwwert d’Lëtzebuergescht, wou Spriecher sech géigesäiteg beléieren, wann net verbesseren. Do ass de Josy Braun zum Beispill 2003 zu Munneref an engem Orthographiescours: Hie mécht dat ganz gutt an ass grad drun, z’erklären, datt de Personalpronom an der éischder Persoun Méizuel am Dativ Singular eis oder äis oder ons ka sinn. „A wéi soen se zu Schengen?“, freet e ganz onerwaart.

Spontan hätt hien et bestëmmt gär, wann ech géif äis äntweren, well hien dat da liicht – orthographesch – deem allgemengen eis kéint géintiwwerstellen: <äi> ↔ ! Mee leider ass deem net esou. Hie muss iwwerrascht déi Scheng(en)er Lokalvariant us hinhuelen. De Personalpronom an der éischder Persoun Plural ass nämlech, sou erkläert e genéiert, e Beräich mat Variatioun.

Komesch, dësen haut ganz geleefegen Ausdrock, besonnesch, wann en ouni Artikel gebraucht gëtt! Versteet een ënner Variatioun déi Tatsaach, datt ee selwechte lexikaleschen an/oder funktionelle Signifié duerch verschidde Varianten ausgedréckt ka ginn (wéi zum Beispiell déi éischt Persoun Méizuel am Dativ Singular duerch d’Varianten eis / äis / ons / us oder de Genus Maskulin, relativ Neutrum, deen de Suffix –aire am Franséischen oder –ar am Däitsche mat sech bréngt1), da bedeit Beräich mat Variatioun einfach e Gebitt mat Varianten.

Fënnt een dobäi awer och, datt d’Variante geschichtlech kënnen hierarchiséiert ginn, da kritt d’Wuert Variatioun eng aner semantesch Konnotatioun: Beräich mat Variatioun heescht dann, datt tëschen de Varianten och eng diachronesch Evolutioun besteet. Déi béid Bedeitunge vum Wuert Variatioun, ob an enger synchroner oder an enger diachroner Perspektiv, mussen auserneegehale ginn.

Fir dat ze beweisen, wëll ech just enger Fro nogoen, déi ewell am InfoDesk vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft gestallt gouf, do awer laang ouni Äntwert stoe bliwwen ass2. Dogéint hunn ech schonn eng Kéier dat Thema an der Rubrik 94: „Um Samschdeg: Lëtzebuergesch oder Däitsch?“3 behandelt, wou ech déi zwéin Ausdréck e Samschdeg an um Samschdeg thematiséiert hunn.

„Wat heescht deen e(n) wa mer soen e Méindeg, en Dënschdeg, zum Beispill bei E Méindeg gëtt et kal?“, freet d’Liz Wenger am InfoDesk an et stellt da selwer eng Hypothees op, déi de Peter Gilles, a senger spéider kuerzer Äntwert, ouni Beweis nach Argumentatioun, als méiglech unhëlt. „Ass dat quasi e verkierzten dëse Méindeg, bei deem mer amplaz dëse nëmmen nach de Schluss, also e soen? Oder kënnt dat vun enger Präpositioun, déi eventuell viru laanger Zäit präsent war, esou wéi am Engleschen on Monday (On Monday it will be cold)?“

An der Fro Wat heescht …? geet et ëm d’Semantik vun e(n), also ëm déi grammatesch Kategorië um Nominalgrupp e Méindeg / en Dënschdeg. Normalerweis ass e(n) am System vun haut de sougenannten indefiniten Artikel. Mee semantesch ass dat ni de Fall bei der Zäitangab e Méindeg / Méinden, en Dënschdeg / Dënschden: Dës Nominalgruppe sinn ëmmer definit an identifizéiert a referéieren deiktesch entweder op den nächsten / aneren oder op de leschte / viregte Méindeg … E(n) gëtt also als reduzéierten de(n) opgefaasst, deen een dann och an der Praxis (awer guer net esou heefeg) virfënnt. Zum Beispill: An der US-Stad Charlottesville gëtt de Samschdeg eng grouss Demonstratioun vum Ku Klux Klan an anere riets-extremistesche Gruppen erwaart. (RTL.lu: „Sonndeszeitung“, 13.08.2017).

Well den Demonstrativ dëse am deikteschen dëse Méindeg och definit an identifizéiert ass, hëlt d’Liz Wenger einfach un, datt e(n) quasi (!) e verkierzten dëse Méindeg ass, bei deem mer amplaz dëse nëmmen nach de Schluss, also e soen. D’Aschränkung mam Modalisateur quasi (= souzesoen) weist awer – fir mech – schonn, datt hei eng Hypothees ouni stéchhaltege Beweis opgestallt gëtt. E Méindeg, den nächste / viregte / leschte Méindeg, dëse Méindeg si funktionell gläichwäerteg Datéierungsvarianten an engem synchrone System. Aus diachroner Perspektiv misst d’Evolutioun dëse(n) < de(n) < e(n) op d’mannst mat Textzitater bewise ginn.

Eng ähnlech Verwiesselung vu synchron gläichwäertege Variante mat enger diachron hierarchiséierter Variatioun hu mer och am zweeten Deel vum Liz Wenger a Peter Gilles hirer Hypothees, datt hei méiglecherweis d’Verkierzung vun enger (viru laanger Zäit präsenter!) Prepositionalphras géif virleien: op den Dënschdeg > den Dënschdeg > en Dënschdeg.

Zwar kënnt et vir, datt simultan synchron Variante mat enger diachroner Evolutioun kënnen interpretéiert ginn: E Präpositionalgrupp mat op + definite NG am Akk. kann duerch en NG am einfachen Akk. ouni Prepositioun, mat oder ouni definiten Artikel
(d)e(n) ersat ginn: Ech froe mech, wou hatt op de Sonndegmuere mam Kand higeet > wou hatt (d)e Sonndegmuere. Mee dat ass och de Fall fir d’prepositional Struktur op + indefinite NG am Dat.: Si ass op engem Sonndeg op d’Welt komm, a besonnesch och fir op + Datum am Dat. a fir d’Form um/om + Dat., déi dacks op + Dat. ersetzt: et ass keen Terrassewieder op dësem 16. Mee (= dëse 16. Mee); um Freideg (= e Freideg) ass hei e schrot Ongléck geschitt.4

Kuerz: Déi diachronesch Hypothees vun der verkierzter Prepositionalphras kléngt onwarscheinlech, besonnesch wat de Kasus Akk. ugeet. Dem Här Gilles seng Erklärunge si vill ze flu (cf. Foussnott 2). Souwisou geschitt de syntakteschen Abau vun de Wochendeegsnimm an Daagsdeeler als Member an aner Gruppen éischter iwwer déi grammatesch Kategorië vum Nominalgrupp (Genus, Numerus, Kasus,
[In]Definitheet) wéi iwwert de Prepositionalgrupp.

Den definiten NG am Akkusativ Singular ass fir mech hei en „accusatif de l’espace et du temps parcouru“, wéi „le dimanche / dimanche“ an der franséischer Ausso: „Je me demande où elle partie le dimanche / dimanche.“ D’Hypothees vum Wechfall vun der Prepositioun op erkläert wuel d’Niewentenee vu synchronesche Varianten. Si setzt awer och viraus – géint déi gängeg philologesch Traditioun – datt d’Verbindungen iwwer Prepositioune wéi op méi al si wéi d’Konnektiounen iwwer de funktionelle „puren“ Akkusativ.

1 Cf. Infolux, Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht, InfoDesk: op franséisch „le glossaire“, op däitsch „das Glossar“. Äntwert vum Peter Gilles: Wéi esou dacks, ass et e Beräich mat Variatioun: den Inventaire – den Inventar. Awer: den Exemplaire – d’Exemplar.

2 Cf. Infolux, Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht, InfoDesk: Vu wou kënnt deen „en” bei „en Dënschdeg”? Hei dem Peter Gilles seng Äntwert: De syntakteschen Abau vum Wochendags-
numm ass speziell. Wéi aner Nimm och kréie se den Artikel bäigesat. Méiglecherweis läit hei eng Verkierzung vun enger Prepositionalphras vir : op den Dënschdeg > den Dënschdeg > en Dënschdeg. Den Akkusativ weist hei op d’Richtung hin ( ?!), wat ongeféier bei eng Zäitangab passt ( ?!). D’Preposi-
tioun ass ausgefall an den Artikel bleift just nach iwwereg. (!)

3 Cf. F. Schanen: Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen, 2013): n° 94: „Um Samschdeg: Lëtzebuergesch oder Däitsch?“, (d’Land, 23.11.2012) S. 223-225.

4 Cf. F. Schanen: Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen, 2013): n° 93: „Wéini a wéi laang?“, Dauer an Datéierungen: den einfachen Akkusativ ouni Prepositioun („accusatif absolu de l’espace ou du temps parcouru“) a seng prepositional Konkurrenten (S. 221-223). Cf. och Zoom op d’Sprooch: „Op als Prepositioun“ (d’Land, 28.10.2016).

François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land