Zoom op d’Sprooch

D’Groussmamm Geneviève!
Hatt oder si?

d'Lëtzebuerger Land du 17.02.2017

Déi lescht Woch hunn ech de Lëtzebuerger Buchpräis 2016 Komm net kräischen vum ­Claudine Muno gelies (Op der Lay 181, 2015, 104 S.). Gläichzäiteg hunn ech och um Site vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Luxembourg Deel-Resultater aus dem Online-Questionnaire iwwer hatt oder si entdeckt (Infolux. Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht: Text vum Sara Martin). Déi zwou Lektüren hu mech nach eng Kéier op dat kriddelegt Thema vum Hatt- a Si-System bruecht1, dat eis erlaabt, a gewësse soziopragmatesche Kontexter op Fraen a weiblech Liewewiesen hinzeweisen.

Jee no der Perspektiv ass Komm net kräischen eng länger Kuerzgeschicht oder ee kuerze modernen Erzéiungsroman, respektiv „d’éducation sentimentale“ vum Marie, engem 17- bis 18-­järege Meedchen aus den 1990-er Joeren, Duechter vun enger einfacher Eisebunnerfamill. Säi Schoulfrënd ass den Theo, deem seng Mamm u Kriibs gestuerwen ass an dee mat sengem Papp, dem Ingenieur Paul, a senger Groussmamm Geneviève, senger Mamm hirer Mamm, an engem „rechteckegen an horizontalen“ Haus mat „zwee ­Gäert“ lieft, andeems dem Marie senger Famill hiert Haus „vertikal a rechteckeg“ ass mat nëmmen „engem Gaart hannendrun“ (S. 9).

Kuerz: A ganz konkrete Situatiounen, déi dacks duerch erstaunlech Detailer symboliséiert ginn (d’Buch wierkt bal wéi enger Drëssegjäreger hiren Erënnerungsalbum2), offréiert dem Marie säin alldeeglecht Zécken a Schwäermen dem Lieser Flash-Opnahmen a säi Baussen- a Banneliewen. Dat jonkt Meedchen ass an den Erwuessene Paul verléift a fillt sech ganz iwwerfuerdert a senge Stëmmungen, Gedankefatzen, Existenzfroen iwwert de Sënn vum Liewen a vum Doud, vum Erwuesseginn a -sinn. D’Pubertéit? D’Léift? D’Identitéit vun der Fra an der moderner Welt? „Näischt ass op der richteger Plaz“ (S. 44). Mat der Zäit wäert nach vill missen „an d’Rei goen“.

D’Erzielerin benotzt selbstverständlech den Hatt-System fir hir weiblech Haaptfigur, d’Meedche Marie, ze pronominaliséieren. „Wann d’Marie a seng Mamm dem Paul zoufälleg um Quai begéint sinn“ (S. 8); „Wann hatt dann heemkum, da sutz seng Mamm an der Kiche mat sengem Papp sengem Fouss um Schouss“ (S. 7). Fir d’Groussmamm Geneviève awer, déi beim Theo a sengem Papp Paul am Haus wunnt (S. 8), ass d’Saach méi komplizéiert, well de System ënnerdeelt muss ginn. An alle Fäll gëtt si mat si (ni mat hatt!) pronominaliséiert („Si huet Geneviève geheescht“, S. 8, 16, 20). Mee wann zum Beispill vun hirer Fotell Rieds ass, da schreift d’Claudine Muno de Possessiv seng(-er) : „D’Geneviève sëtzt a senger Fotell an héckelt“ (S. 15); „eng Fotell wéi dem Geneviève seng“ (S. 29). Dat verhënnert awer net, datt de Lieser och op der S. 55 entdeckt, datt „d’Dier vum Geneviève hirer Kummer“ eng Spléck op ass, sou datt een d’Gued lues schnaarchen héiert.

Wouru läit dës Inkohärenz, déi den neutrale Vir- oder Ruffnumm Geneviève eng Kéier grammatesch korrekt mat seng anaphoriséiert an eng aner Kéier feelerhaft mat hir? Geet et dorëm, déi gelunge Relatiounen ze illustréieren, déi d’Awunner am Paul sengem Haus mat der Groussmamm hunn3, oder ass et einfach nëmmen e Feeler, dat heescht d’Zeeche vun engem onséchere Gebrauch vum Prominaliséierungssystem an der Possessiv-Konstruktioun?

Déi éischt Deel-Resultater vun engem Questionnaire, deen am Kader vum Projet Das Anna und ihr Hund4 opgestallt gouf an am Abrëll 2016 vun iwwer 2 700 Lëtzeburgophonen ausgefëllt gouf, ginn anscheinend an d’Richtung vun engem net ëmmer séchere System. Zwar sinn Ëmfroen a Lückentexter ouni Kontext net déi bescht Mëttel, fir kontextsensibel grammatesch Punkten ze testen (d’Iwwersetzungsmethod aus enger anerer Sprooch ass souwisou kontestabel5).

Allerdéngs weisen d’Resultater vum Sara Martin, datt déi grammatesch Korrespondenz: Definitartikel vum neutrale Virnumm fir weiblech Persoun à Possessivartikel seng- à Personalpronom hatt déi normal allgemeng Regel ass a bleift. Den däitschen Ausdrock Claudias Mann ass vun 98,2 Prozent vun de Mammesproochler an dat Lëtzebuergescht dem Claudia säi Mann iwwersat ginn, a bei den Net-Mammesproochler sinn et der 94,1 Prozent. Leider awer sinn déi aner Formulatiounen als „falsch“ verworf ginn. Mee grad Äntwerte wéi dem Claudia hire Mann oder der Claudia hire Mann (wéi och de Mann vum Claudia!) sinn typesch fir d’Onsécherheet vun engem Genus-/Sexus-/Gender-System6.

D’Beispill „d’Dier vum Geneviève hirer Kummer“ aus dem Lëtzebuerger Buchpräis 2016 gëtt eis ­vläicht d’Geleeënheet, déi lëtzebuergesch Sozio­pragmatik ze präziséieren, ouni dat déi ganz Theorie vun den „hybrids nouns/names“ vum Greville G. Corbett (Agreement. Cambridge, 2006) an Damaris Nübling misst iwwerholl ginn7. De grammatesche Genus vum weibleche Ruffnumm (och Kënschtlernumm) ass den Neutrum. Dee markéiert normalerweis déi syntaktesch Konnexioun a Proximitéit an Ausdréck wéi „eng Fotell wéi dem Geneviève seng“ an „D’Geneviève sëtzt a senger Fotell an héckelt“.

Mee am aussergewéinleche Fall, wou déi Persoun, déi mam neutrale Ruffnumm genannt gëtt (hei also „d’Fra Geneviève“), als weiblecht Wiese soll ervirgehuewen an an d’Liicht gestallt ginn, dann iwwerhëlt méiglecherweis de semantesche soziopragmatesche Feminin d’Iwwerhand. Dat ass de Fall, wann den Neutrum vum Ruffnumm Geneviève (Typ 1) grammatesch feelerhaft ­duerch de Possessiv (hir) ausgeschalt gëtt, mee och wann, grammatesch korrekt, e feminiint weiblecht Nominalelement vum Typ 2 dësen Numm explizitt „verweiblecht“ an esou den Neutrum „iwwertrompt“: „D’Dier vum Geneviève senger Kummer à D’Dier vun der Groussmamm hirer Kummer à D’Dier vun der Groussmamm Geneviève hirer Kummer’.“8

1 An de Lëtzebuergesch Sproocherubriken (SchortgenEsch-Uelzecht2013) ass d’Thema vum Hatt- a Si-System dacks behandelt ginn. Cf. Texter Nummer 7, 68, 71, 72, 76, 77, 78, 80, 82, 98 an an der Rubrik Zoom op d’Sprooch: „De Pronom hatt ass Neutrumdofir awer net neutral“ (d’Land, 31.01.2014) an „Extra pronominal Referenzen“ (d’Land, 04.12.2015) 

2 Cf. déi exzellent Rezensioun vum Elise Schmit „Einsam in den Neunzigern“ am Land vum 24.06.2016. Cf. och Jeff Baden (Luxemburger Wort, 04.11.2016) a Radio 100,7 (08.04.2016 an 28.05.2016)

3 Cf. S. 8: Si huet Geneviève geheescht. Säi Papp [dem Theo säi Papp] an si hunn sech gedierzthien huet si Madamm genannt an si hie Paul an si huet d’Heizung vu September bis Abrëll op 10 gedréint an hien huet ni eppes dowéinst gesot [Symboleschen Detail fir der Boma hir Autoritéit!]

4 Cf. Das Anna und ihr Hund. Weibliche Rufnamen im Neutrum. Soziopragmatische vs. semantische Genuszuweisung in Dialekten des Deutschen und im Luxemburgischen. Unie Mainz, Luxembourg, Freiburg.

5 D’Iwwersetzung de Mann vum Claudia gëtt ënner dem Afloss vum Franséische quasi gefërdert!

6 Cf. „De Pronom ‚hatt’ ass Neutrum, dofir awer net neutral“ (d’Land, 31.01.2014); Damaris Nübling: „Between feminine and neuterbetween semantic and pragmatic gender assignment hybrid names in German dialects and in Luxembourgish“. In: J. Fleischer et alii (Eds): Agreement from a diachronic Perspective (Berlin/Boston. De Gruyter Mouton, 2015)

7 Cf. F. Schanen: Zoom op d’Sprooch am Land vum 31.01.2014; Damaris Nübling (Foussnott 6); Bäitrag vum Caroline Döhmer: „Formenbestand und strukturelle Assymetrien. Der Personalpronomen im Luxemburgischen“. In Zeitschrift für Dialektologie und Linguistik. Beihefte, 2016. Et ass net gutt, wann d’Soziopragmatik (Gebrauch vum Sproochzeechen an der gesellschaftlecher Praxis) als natierlechen Zuch ugesi gëtt.

8 Cf. Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen2013) n° 98: „Sockel-Genre? Fraen- an Autosnimm“, S. 234

François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land