Luxemburgische Sprache und Internet

D’Informatisatioun vun der lëtzebuerger Sprooch

d'Lëtzebuerger Land vom 22.12.2005

An eisem Artikel: "Gefahr oder Chance für das Luxemburgische? Das Internet und weniger verbreitete Sprachen" (d’Land, 20.12.2002) hunn den Informatiker Pierre Mousel an ech selwer eis iwwerluet, wéi ee computerlinguistesch Instrumenter an den Déngscht vun der lëtzebuerger Sprooch kéint stellen. Den Här Thierry Fromes1, Country Manager vu Microsoft Lëtzebuerg, huet elo an engem Interview fir d'Wort vum 21.09.2005 net ausgeschloss, fir an Zukunft ëmmer méi sophistikéiert computerlinguistesch Instrumenter och fir d'Lëtzebuergescht mat a Microsoft-Logicielen anzebauen. Der Informatisatioun vun der lëtzebuerger Sprooch ergi sech doduercher selbstverständlech ganz nei Perspektiven. Bei der Entwécklung vun esou komplexen Instrumenter, wéi zum Beispill vun engem Spellchecker oder souguer vun engem Grammarchecker, stellt sech awer folgend Fro: geet et duer, wa mer déi schonns existent Instrumenter fir d'Standarddäitscht un d'Lëtzebuergescht upassen, andeems mer déi däitsch Wierderlëscht duerch eng lëtzebuergesch Wierderlëscht ersetzen, oder musse mer eis tatsächlech nei informatesch Strukturen ausdenken, fir de linguistesche Spezifissitéite vum Lëtzebuergesche gerecht ze ginn? Fir op dës Fro eng Äntwert ze fannen, hunn ech mer dräi verschidden Aspekter vum Lëtzebuergeschen erausgesicht, an zwar: 1) d'Informatisatioun vun der kombinatorescher Flexiblitéit um Niveau vun den zesummegesatene Wierder. 2) d'Informatisatioun vun der Eifeler Regel. 3) d'Informatisatioun vun de syntaktesche Schemata. Mat dësem Artikel hoffen ech dozou bäidroen ze kënnen, datt d'Luxemburgistik, also d'Fuerschungsaar

Jérôme Lulling
© 2023 d’Lëtzebuerger Land