Pantea-Keintzel, Cornelia: Wierderbuch Lëtzebuergesch - Ungaresch / Ungaresch - Lëtzebuergesch

Bettseecheschzalot heescht gyermeklàncfü

d'Lëtzebuerger Land du 09.08.2001

Datt d'Lëtzebuergescht eng nei Etapp a senger Entwécklong erreecht huet, mierkt een net nëmmen un der Romanliteratur. An där selwechter Zäit, wéi op eemol all déi Romaner op Lëtzebuergesch erauskoumen, goufen och e sëllechen Dixionäre publizéiert. Zanter datt d'Lëtzebuergescht geschriwwe gët, koum gemitterlech all halleft Jorhonnert een Dixionär eraus, an deem d'Vokabele vum Dialekt an der däitscher Housprooch explizéiert goufen: dem Gangler säi vun 1847 an déi zwee vun den Dixionärskommissioune vun 1906 a 1954-1977. Ma vu Mëtt vun de siwenzeger Joer un gët et op eemol eng ganz Rëtsch vun Dixionären - dacks d'Wierker vun eenzele Fräizäit-Linguisten -, déi d'Lëtzebuergescht gläichberechtegt mat Friemsprooche vergläichen.

Mat de Pionéier Henri Rinnen, Will Reuland an dono Jules Christophory goung et lass: e Kleines deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch (1974) an e Petit dictionnaire français-luxembourgeois (1980), e Portugiesesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire (1980), en English-Luxembourgish Dictionary (1982), méi e groussen Dictionnaire Français-Luxembourgeois (1988), e Lëtzebuergesch-italieneschen Dictionnaire (1996) an e Woordenboek Luxemburgs Nederlands (1998). Dobäi kommen nach dem Jacqui Zimmer hir polyglott Dixionären (1993, 2000 mat CD-Rom) an hire Billerdixionär fir Kanner nom Amery/Cartwright (1999), dem Fraeministär säin dräispoochegen Dixionär Weiblech-männlech an esouguer e Reesdixionär fir Touristen, Lëtzebuergesch Wort für Wort (1997), deen eenzege lëtzebuergeschen Dixionär, deen am Ausland erauskoum.

Elo huet d'Cornelia Pantea-Keintzel, déi aus Rumänien a Frankräich an dono op Lëtzebuerg koum an hei Sproochekure gët, op eege Fauscht esouguer en ongresch-Lëtzebuerger Dixionär erausbruecht. Si mengt zwar, nees un d'Siwebierger uknäppen ze missen, ma am Ament liewe ronn 250 Ongrer - ewell mescht "Ungare" ganannt wéi Tierken ëmmer méi "Türken" - zu Lëtzebuerg, vun deenen en Deel schons no der Revolt vun 1956 heihinner komm woren. Wann net onbedéngt geographesch, dann ass op d'manst linguistesch d'Ongrescht déi Sprooch, déi am wäitsten ewech läit vun allen Dixionären, déi bis ewell hei erauskoumen. Well als finno-ugresch Sprooch ass d'Ongrescht, dat vu ronn 14 Millioune Leit op der Welt geschwat gët, net mat deenen aneren osteuropäesche Sprooche vu sengen Nopeschlänner Famill. Et ass villméi mam Finneschen an Estneschen a méi wäitleefeg mat Sproochen aus Nordwestsibirie Famill. Och wann et esouvill Accenten an Tëppelcher wéi d'Lëtzebuergscht huet, ass seng Grammär mat ville Suffixen, déi un engem Wuertstamm agglutinéieren, fir Westeuropäer ongewinnt.

Dee klengen Dixionär am Täscheformat DIN A6 huet ronn 5000 Wierder vun der Alldagssprooch, déi eng Kéier vun Ongresch op Lëtzebuergesch an eng Kéier vu Lëtzebuergesch op Ongresch iwwersat ginn, heiansdo eng Grimmel bosseg beim Preisesche geléint. Schons plangt d'Cornelia Pantea-Keintzel un engem rumänesch-lëtzebuergeschen Dixionär.

 

Cornelia Pantea-Keintzel: Wierderbuch Lëtzebuergesch-Ungaresch / Ungaresch-Lëtzebuergesch, Magyar-luxemburgi/luxemburgi-magyr szótár, Lëtzebuerg 2001, 118+114 S., 580 Fr.

 

 

 

Romain Hilgert
© 2019 d’Lëtzebuerger Land