Am Numm vun der Political correctness

Wat maache mer dann elo mat de ‘geduuzte Fraleit’ an der Sproocherubrik?

d'Lëtzebuerger Land vom 23.06.2011

An engem Bréif un d’Redaktioun (d'Land, 22.04.2011) huet d’Mme Jeanne Turnau-Offermann mir ‚misogyn Ausdréck‘ an apaart de Gebrauch vum Wuert Framënsch/Fraleit virgeworf. All Lieser/Lieserin huet d’Recht, en Text z’inter­pretéieren, wéi hien/si (hien/hatt) et wëllt. Déi Zensur awer, déi ech do, am Numm vun der ‚political correctness‘, vun enger ‚Institutrice chargée de la promotion de la lecture‘ kritt hunn, huet nëmme wéineg mam Dierzen an Duzen (d‘Land 24.03.2011) ze dinn. Och Erwuessener hunn alt Problemer mam Lieseverständnis. Ech si net déi Boun fraefeindlech1, mengen awer, datt de Leit hir Misogynie/Misandrie net vum Dierzen an net vum Duzen ofhänkt. Als Linguist halen ech mech un d’Sprooch. Dat ass eppes Anescht, wéi de Kampf vun enger Persoun, déi zwar d’Recht huet géint all Misogynie ze protestéieren, mä net onbedéngt d’Fraefeindlech­keet do siche muss, wou et keng gëtt.

D’Wuert ‚Framënsch/Fraleit‘ soll also – där Damm no – net nëmmen net méi in sinn (ech sinn domat d’accord), mä einfach ‚verpönt‘ ginn (an dat ass lächerlech). ‚Framënsch/Fraleit‘, mengt si, héiert sech haut vereelzt a verstëbst un, well, mat der Evolutioun vun der Fra hirer Stellung an der Gesellschaft, d’Denota­tioun eng abschätzig, pejorativ, misogyn Konnotatioun kritt hätt. De Begrëff wier esou ‚verkomm‘, datt e Wëssenschaft­­ler en net méi gebrauchen dierft. D’Wuert kéint à la rigueur nach a literaresche Wierker virkommen (‚Jury vum Prix Servais‘ oblige), mä an enger Grammaire, déi sech wëssenschaftlech wëllt: Bä, shame on you!

Bekannt ass (an ech weess dat och), datt d’Sozialliewen den Denominatiounen hire Stempel opdréckt. D’Kon­notatioune vun ‚Krëppel‘, ‚Neger‘, ‚Preiss‘ sinn haut méi negativ wéi déi vun ‚Behënnerten‘, ‚Schwaarzen‘ an ‚Däitschen‘. D’Inhalts­komponente vun den Ausdréck, dat stëmmt, ännere sech. Mä dat ass kee Grond, fir d’Gebrauchsnormen an d’Lächerlechkeet ze zéien an d’Funk­tionéiere vun der Sprooch ze fälschen. Firwat sollten dann z.B. déi zwéi Beispillsätz aus dem LOD2: meng Nopesch ass e léift Framënsch; an deem Cours si bal nëmme Fraleit misogyn sinn? A wann do de Sproochregëster mat ‚ëmgankssproochlech‘ beschriwwe gëtt, da géif ech gär wësse firwat? Well, wann een an de Beispiller Framënsch/Fraleit duerch Fra/Fraen ersetzt, dann ännert sech net nëmmen de Regëster, mä déi ganz Informatioun. ‚Fra‘ ass méidäiteg (femme en général oder épouse), ‚Framensch‘/‚Fraleit‘ als allgemenge Begrëff net (femme en général vs. ‚Maansmënsch/Maansleit‘ homme en général).

Korpusanalyse wären néideg, fir d’Fre­quenz vun ‚Framënsch/Fraleit‘ ze dokumentéieren. Et stéisst een awer do ëmmer nees op dräi onbewise Behaaptungen. Sou d’Mme Dr. Christel Baltes-Löhr vun der Uni du Luxembourg3. 1) „In der Vergangenheit (vu mir FS. ënnerstrach) war es eher üblich, von einem Framënsch und einem Maansmënsch zu sprechen als von einer Fra und einem Mann“. 2) Gläich drop awer gëtt si zou, datt nach eng ganz Partie vun hire befrote Gespréichspartner d’Wuert ‚Fraleit‘ gebraucht. 3) Si formuléiert dann eng Gebrauchsnorm: „Wenn man ‚Fraleit‘ und ‚Maansleit‘ parallel verwendet, liegt darin nichts Besonderes“. Mä wann ee ‚Fraleit‘ eleng gebraucht, „liegt in dem Ausdruck eine negative abwärtende Konnotation“. D’Formulle loossen ze wënschen iwwereg, mä si gi wéinstens ze verstoen, datt ‚Framënsch/Fraleit‘ als generesche Begrëff per se net negativ ass. Dat seet och den LWB, deen ‚souguer‘ als verpönten Zeien zitéiert gëtt: ‚Oft abschätzig‘ heescht net ‚immer‘. Iwweregens maachen d’Dictionnären e Feeler, wann se ‚Framënsch‘/‘Fraleit‘ nëmme mam däitschen ‚Weib/Weiber‘ erklären an net och mam genereschen ‚Frau /Frauen‘4. Déi zweesproocheg Wierderbicher hunn hirersäits Recht, wann se dat franséischt negatiivt ‚bonne(s) femme(s)‘ mat ‚Fra(en)‘ an ‚Framënsch/-leit‘ iwwersetzen. Am Kloertext heescht dat: ‚Fra(en)‘ ka grad esou negativ gebraucht gi wéi ‚Framensch / Fraleit‘5.

Den Haaptpunkt läit fir mech awer am Genre. Am Verglach mat ‚Maansmënsch‘, dat, wéi d’Basis Mënsch, e Maskulin ass, kann ee beweisen, datt ‚Framënsch‘, ënner de Composéen, eng Exceptioun am Neutrum ass. Och ‚Meedchen‘ ass eng Ausnamsbildung ënnert den Derivéen: am Lëtzebuergeschen ännert de Suffix -chen an der Regel net de Genre vum Stacksubstantiv (de Kuch, de Kichelchen) ausser beim Neutrum Meedchen. D’Sprooch behandelt also d’Fraleit, ob jonk (Meedchen) oder allgemeng (Framënsch/Fraleit) mam Genre Neutrum an dee Neutrum ass en Dar an deenen hirem A, déi mengen, si missten d’weiblecht Geschlecht an de Genre ‚Feminin‘ gläichsetzen6.

Mir gëtt virgeworf, ech hätt vun engem ‚méi komplizéierten Ëmgank mat de Fraen‘ geschwat. Dat war awer sproochlech gemengt. Frae kann een, wéi Männer, dierzen (normal) oder duzen (familiär). Mä wa vun hinnen an der 3. Persoun Rieds ass, da gëtt et fir d’Fraleit zwou Méiglechkeeten a fir d’Maansleit nëmmen eng: si an hatt, géint dat eenzegt hien. De Personalpronom hatt gëtt ‚für das dt. „sie“ gebraucht zur Bezeichnung von Mädchen und Frauen, die man mit dem Vornamen nennt und duzt‘ (LWB, Art. hatt). A menge Rubrike soen ech näischt aneschtes. Mä ech insistéieren op dës lëtzebuergesch Spezialitéit an do brauch een dann net laang em de Bräi ze réieren: hatt ass e grammateschen Neutrum, kee Feminin7. De Problem ass, vrun allem am LaF-Cours, ze wëssen wéi, wann a fir ween dëst hatt gebraucht gëtt. Meng Äntwert ass technesch: hatt gëtt gebraucht fir Fraleit (objektiv genereschen Term fir all weiblech Persounen, ob kléng oder grouss, also net nëmme fir Fraen, mä och fir Meedercher), déi familiär (am Géigesaz zum normal gesellschaftlech-héifleche Verkéier) mam weibleche Virnumm (deen Neutrum ass) genannt an/oder geduuzt ginn. Kuerz: Hatt ass de Pronom fir familiär behandelt oder geduuzt (d. h. vum Spriecher gutt bekannt) Fraleit.

Wou ass dann do d’Misogynie? An der Tatsaach, datt Frae familiär behandelt oder geduuzt kënne ginn? datt de weibleche genereschen Term an déi weiblech Virnimm an eiser Sprooch de Genre Neutrum hunn? datt also den Hiwäis op weiblech Persoune mat de Pronome si (Fra: normal) oder hatt (Fra a Meedchen, also Framënsch: familiär) geschitt? D’Fro vun der Héiflechkeet an den Anstandsregele stellt sech souwisou nëmmen, wann hien (fir d’Maansleit), si (fir d’Fraen), hatt (fir familiär behandelt Fraleit) an der exophorescher Sproochsituatioun direkt op Persounen/Mënschen/Leit hiweisen.

1 Dat hunn ech scho laang bewisen z.B. duerch meng Collaboratioun um Bichelchen iwwert d’Verweiblichung vun den Titelen, Beruffer, a.s.v. (Ministère de l’égalité des chances), duerch d’Presentatioun vun de Suffixen a vum Genre ‚Feminin‘ a menge verschidde
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land