Zoom op d’Sprooch

D’Orthographie … horizontal

d'Lëtzebuerger Land vom 20.09.2013

Loosst Iech nëmmen net vun der Iwwerschrëft ofschrecken! Wéi an de leschte Rubrike geet et mir haut och ëm d’Richteg-Schreiwe vun eiser Sprooch. Do kéint fir d’éischt mol geschichtlech vun deene verschiddene Systemer Rieds goen, déi am 19. an 20. Joerhonnert ausgeschafft goufen an och an ëffentlechen oder privaten Texter festgehale gi sinn1. Dobäi kéinten dann zweetens déi verschidde Regelen an Normen detailléiert ginn, déi sech bei der Ëmschreiwung vun de Vokalen, Duebellauter a Konsonanten entwéckelt hunn2. Déi vereenzelt Eenheeten, am Mëndleche Phonemer respektiv Phone genannt an am Geschriwwene Graphemer, respektiv Buchstawen, gehéieren als Phonem-Graphem-Entspriechungen zur paradigmatesch vertikaler Sproochanalys, déi prinzipiell mat Substitutioune schafft. Si mécht den Haaptdeel vun eiser Schreifweis aus. Anersäits gëtt et dann, hir géintiwwer, déi syntagmatesch horizontal Aspekter vum Richteg-Schreiwen, vun deenen an der Rubrik vun haut deelweis Rieds ass. Schliisslech wieren an engem drëtten Deel déi net-alphabetesch Schrëftzeechen ze behandelen, wéi d’Grouss- a Klengschreiwung, d’Zesummen- an d’Getrenntschreiwen, d’Interpunktioun3.

An der lineariséierter Ausso gehéiere fir d’éischt zur syntagmatescher horizontaler Orthographie d’Iwwergäng vu Wuert zu Wuert, respektiv vu Silb zu Silb mat allen Zorte vun „Liaisounen“4, déi traditionell als Kierzungen (Wechfäll: owens -> owes, Assimilatiounen: du hues, du mixØ) oder Verlängerungen: Timberen -> Timbren, lengMënner, gutt -> gudden analyséiert ginn. Fréier hunn d’Wëssenschaftler versicht, déi Phenomener all mat der segmentaler Phonetik (iwwert eenzel Lautoppositiounen) z’erklären. Haut wëllen se am méi breeden iwwersegmentale Kader vun der Prosodie (iwwert Betounungsmusteren, Rhythmen a Strukturen) erfaasst ginn. Awer egal wat d’Spezialisten dovun halen, esou onstabil Textiwwergäng geheien déi ideal Organisatioun vum phonographesche System praktesch op d’Kopp. Allefalls maache se d’Schreifweis vill méi komplizéiert.

Huele mer de labillen „n“ vun der sougenannter Eifeler Regel, enger kierzender „Liaisoun“. D’Regel ass jo bekannt. Den „n“ ass am System vun der Sprooch virgesinn, fält awer um Enn vum Wuert (och a Composéen) ewech, wann en net direkt virun engem vokalesche Laut (engem einfachen „i, u, e, o, a“ oder duebelen „ei, ai, äi, éi, au, ou, ie, ue, oi“) oder virun engem Dentallaut („d, t, ts, tsch“) respektiv Nueslaut „n“ favoriséiert gëtt. Datt et hei ëm d’Lauter geet an net ëm d’Buschstawen, beweisen den „y“ vun den Yves an den „z“ vun den Zuppermarché5. D’Applicatioun vun der theoretesch einfacher Regel ass awer guer net automatesch an dat aus zwéi Grënn.

Engersäits gëtt et eng laang Rëtsch Wierder, déi e fixe Schluss-„n“ hunn, deen ni ewechfält (eesilbeg Wierder wéi Bunn, Sënn, ronn, Boun, Schan, Tréin, Clown, Zänn, méisilbeger op -in(n), -in(e), -äin, -an, -än, -oun a vrun allem –tioun, an net ze vergiessen Eegennimm, an deenen den „n“ e fixe Bestanddeel vum Wuert ass).

Anersäits ka jidderee feststellen, datt eng Paus no engem Wuert d’Realisatioun vum Schluss-„n“ mëndlech a schrëftlech favoriséiert: in Pausa bleift den „n“ stoen. Dat erkläert, datt e virun Interpunktiounen, viru Klammeren an um Wupp vun enger poetescher Zeil net ewechfält, awer och (verständlecherweis) dacks do steet, wou de Schreiwert senger Sprooch net sécher ass, wou en zéckt, méi lues schreift oder einfach der „n“-Regel net Meeschter ass.

Eng Kierzung hu mer dann och, wann an der zwouter Persoun Singular de Schluss-„s“ no engem Zischlaut assimiléiert gëtt, also net geschriwwe gëtt (du lies, léiss, duz, sëtz). Iwwregens gëtt de ganze Grupp mat „s“ heiansdo och modifizéiert wéi „ers -> -esch“: Schneiders -> Schneidesch; Bréifdréier -> Bréifdréi-esch; Neijoersdag, Neijoeschdag, Neijooschdag.

An anere Fäll sinn den „n“ an den „s“ Verlängerungen. Als Verbindungs-„n“ an -„s“ stinn se awer eleng fir sech. De getrennt geschriwwenen „s“ am Grupp wann s de wëlls kënnt nëmmen no enger Niewesazkonjunktioun vir oder nom Grupp, deen dës Roll spillt, just virum Pronom du/de/d’: ob s de kënns; déi Säit, déi s du wollts opruffen. De Verbindungs-„s“ gëtt assimiléiert no Wuertendunge mat „s, ss, x, z“: wéi béis de bas, wéivill Holz de verbrenns; ech weess, datt s de kënns, awer: dass de kënns. Sengersäits kënnt de Verbindungs-„n“ nëmmen tëschent den onbetounte Pronomen de an e(n) a se an e(n) derbäi: Kenns de n en erëm? wéi se n e gesinn hunn. Am Lëtzebuergeschen ass et iwwregens heefeg, datt matzen am Wuert den „n“ an den „s“ (an och aner Konsonante wéi den „m, l, r, ch“) eleng oder kombinéiert mat anere Lauter gekierzt oder verlängert ginn. Dofir d’Hesitatioune wéi Ländchen/ Lännchen? Händschen/ Hännschen? dréinen/ dréien? muergen/ mueren/ muer? Biischt, mä Wiertschaft, Nuecht, bruecht awer: Nuet.

A ville Bannerelatioune kann den onbetounte Schwa-„e“ als Verlängerung, Kierzung, oder Substitutioun virkommen. Am Optakt vum Wuert kann en heiansdo am Geschriwwenen ewechfalen: (e)lei, (e)leng, (e)lo, (e)mol, (e)sou (e)wéi, (e)well, (e)ra, (e)raus, (e)rëm, och an de Grammemen s(e), d(e), z(e), (e)t, wou en duerch en Apostroph ersat gëtt. Am Wuert selwer kann e virun „r, l, m, n“ + engem anere Vokal och net geschriwwe ginn: int(e)ressant, iw(we)-regens, héi(e)ren, donk(e)len, o(o)t(e)men, zeech(e)nen. Heefeg friem Silbe wéi -ble,-bre,-dl, -dr, -pl, -pr, -tr, -isme ginn an eiser Sprooch meescht duerch -bel, -ber, -del, -der, pel, -per, -ter, -issem/-ëssem ersat: due-bel, propper, Mechanissem, zeechnen, gezeechent…

De Clou vun dësen horizontale Variatioune fanne mer zweiwellos bei de Verschlosslauter (haart /p/, /t/, mëll /b/, /d/) a Reiflauter (haart: /f/, /s/, „sch“; mëll: /v/, /z/, „ch“). Dës Obstruente ginn um Enn vum Wuert an ausser Kontext haart ausgeschwat: Knupp, Land, Rat, Rad, Bud, gutt, Bréif, naiv, Dous, grouss, Piisch. Geschriwwe gi se awer nom visuell-etymologesche Prinzip nom däitschen oder franséische Muster, wann et eent gëtt oder einfach haart, wa kee Modell do ass: Rat a Rad, Dag / Deeg an Daach / Diech, Loge a Massaasch. Dofir gëtt, am Wuert selwer, dacks och am Kompositum a vu Wuert zu Wuert, deeselwechte Laut vermëllt: Knupp vs. knubbeleg, gutt vs. gudden, Gruef vs. gruewen, Rous vs. Rousen. Vun deene ville Méiglechkeeten hält d’Reglement vu 1999 nëmmen /p/, /t/, /f/ -> /b/, /d/, /v/ fest. D’Oppositioun haart/mëll bei den Obstruenten bleift awer kontex-tuell e flexibelt Adaptatiounsfeld. Dofir froe mer eis och dacks beim Schreiwen: spazéieren/ spadséieren ? Benzin/ Bensin? Dënschdeg/ dënschteg? mateneen/ madeneen? Mat beschte Gréiss/ mat beschde Gréiss?

1 Cf. „Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis“ an der lb Wikipedia
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land