De Kiischtebongert

Äddi Firs

d'Lëtzebuerger Land vom 06.03.2003

De Kiischtebongert ass dem Anton Pawlowitsch Tschechow säi lescht a vläicht gréisstent Stéck. Well esouwuel dat ganzt Klengt wéi dat ganzt Grousst stiechen dran, de Konflikt vun e puer Séilen ewéi dee vun der Weltgeschicht. Et verzielt, wéi eng veraarmte Famill vun Adel nokuckt, wéi  en Anterprener hiert Wiesen opkeeft. An domater weist et och den Ënnergank vum ale, midden Adel an d'Opkomme vun där neier, aläerter Bourgeoisie um Enn vum 19. Jorhonnert a Russland.

Mat deene leschte Sätz vum Tschechow sengem Kiischtebongert fänkt de Pol Greisch säin neit Stéck Kiischtebléien un: de Bedéngte Firs, deen d'Härschafte vergiess hunn, fir matzeplënneren, ass aleng an där eideler Villa agespaart a gët ës sech bewosst, datt en "ural" ass an "ni richteg gelieft" huet.

Fir e Stéck Weltliteratur an enger grousser Kultursprooch virunzeschreiwen an op Lëtzebuergesch, ass méi wéi kéng. Ma dem Greisch säi Kuraasch hat sech rentéiert. Well erauskoum, no allerlee schreckleche Saache vun deene leschte Joeren, eent vu senge beschte Stécker iwwerhaapt. Virum Hannergronn vum Tschechow deet seng overgläichlech spuersam a genee Konschtsprooch Amenter laang d'Ëmganssprooch vergiessen a kléngt bal "klassesch".

Well de Greisch fillt sech an där melancholescher Atmosphär vum Tschechow doheem. Zanter 30 Joer verzielt hien ëmmer op en Neits d'Geschicht vun engem, deen ëmmer nëmmen dovunner dreemt, aus engem Liewen auszebriechen, dat keent ass, ganz egal, ob en op engem Biro beim Stat oder op engem Wiesen a Russland schafft. Ma anescht wéi säi grousst Virbild interesséiert hie sech net fir déi brisant Fro, watfir eng zozial Klass haut un der Muecht ass, wann de Kiischtebongert Vakanzendierfer Plaz maache muss.

Beim Greisch huet de Firs eng grouss Léift a sengem Liewe gehat, d'Mod Sonia, ma en huet er et ni gesot. A wéi se vum Patrong e Kand gemaach krut, huet en esouguer déi grouss Geléinheet vu sengem Liewe verpasst a si aus elauter Feigheet verroden. Dat Kand, dat säint hätt kënne sinn, ass ewell e jonke Stodent, den Toni, a kënnt elo bei den ale Firs an d'Villa, déi deen Dag virdru geraumt gouf. An och den Toni huet dem Firs, dem Kiischtebongert, dem Greisch seng Kränkt: hien huet de leschte Rendez-vous mat senger Léift verschlof, mam Anja, der Duechter vum Haus an där eenzeger Figur beim Tschechow, déi sech aus där mouerzeger Supp rette kann. D'Geléinheet verpassen, d'Liewe verschlofen, schéngt vu Generatioun zu Generatioun eng Ierfkränkt ze sinn.

Dem Greisch säi Stéck ass den Dialog tëscht deem Alen an deem Jonken, déi sech an där eideler Villa erëmbegéinen wéi zwee, déi sech un en Dill vum hirem Schëff klameren, dat ënnergoung. Si si anengems Komplizen a kënne sech een deen aner net richteg leiden, well se sech selwer net richteg leide kënnen. An do wou dem Tschechow säi Kiischtebongert ondramatesch ass, spëtze sech dem Greisch seng Kiischtebléien mat allerlee Béisaartegkeeten dramatesch zou bis zu engem zimlech iwwerflëssege Muerd.

Op enger imposanter, kloerer Bühn ouni all naturalistesche Kitsch vum Jeanny Kratochwil spillt de Greisch mat grousser Intensitéit déi Roll, déi hie sech e Liewe laang op de Läif geschriwwen huet. De Mike Tock ass eng ideal Besetzung fir dee Stodent, dee säin eengent Ongléck ass, och wann hien net ëmmer mat där forcéiert moudescher Sprooch vum Toni eens gët. A béid profitéiere vum Claude Mange senger Mise-en-scène, déi voller Respekt virun de Leit an dem Text vun deem grousse russeschen an enger Grimmel méi klenge Lëtzebuerger Klassiker ass. Datt d'Tragik um Wee an d'Katastrof heiansdo hippt, ass vläicht net nëmmen de Feler vun der Regie. Ma dofir verstoppt den Text kleng ironesch Pärelen: Dem Tschechow säin Anterprener Lopachin heescht beim Greisch Lamesch, an de Firs waart dann drop, datt de "Lamesch hie siche kënnt"

 

Nach haut an den 8., 12., 19. a 25. Mäerz owes ëm aacht Auer am Kapuzinertheater (Tel.: 22 06 45). Den Text koum als Amphitheater 64 bei den Éditions Phi eraus (78 S.)

 

 

 

 

Romain Hilgert
© 2017 d’Lëtzebuerger Land