Zoom op d’Sprooch

Ronderëm de Präteritumschwund

d'Lëtzebuerger Land vom 31.03.2017

Och an de Sproochwëssenschafte gëtt et Ofschlossbilanzen. Fir déi vum Joer 2016 wëll ech mech mat de lëtzebuergesche Verben ofginn, net well an deem Beräich am Laf vum Joer vill Neies entdeckt gi wier, mee einfach, well ech scho laang kee generelle Zoom méi iwwer d’Kategorie vum Verb geschriwwen hunn.

Als roude Fuedem huelen ech e Bäitrag, deen 2015 an der ZDL (Zeitschrift für Dialektologie und Linguistik) zu Stuttgart am Band 82, Heft 1 (S. 48-81) vun der Professesch Fernande Krier, enger franséi-
scher Linguistin, mee gebierteger Lëtzebuergerin, publizéiert gouf: „Der Präteritumschwund im Luxemburgischen. Mit einer Übersicht über das Verhalten des Konjunktivs II und einem Exkurs zur Präteritalgrenzregion“.

De Präteritumverfall am Bayereschen, Alemanneschen an am südlechen Deel vum Rhäin- a Muselfränkeschen ass e geschichtleche Prozess, dee bekannt ass, mee sech weder a senger chronologescher Dauer nach a senger progressiver Kontinui-
téit genee beschreiwe léisst. Fir d’Vollverben leeft d’Präteritalgrenz vun enger Linn Tréier-Frankfurt-Plauen bis op déi südëstlech Grenz vu Schlesien hin (mat enger wahrscheinlech méi oder manner breeder Iwwergangszon géint de Süden).

D’Isogloss vum Modalverb wollte läit da méi südlech wéi d’Präteritalgrenz vun de Vollverben an déi vum Hëllefsverb war nach méi südlech (K. B. Lindgren: Über den oberdeutschen Präteritumschwund. Helsinki, 1956). D’Vollverbe verléieren hire Präteritum relativ fréi, während d’Modal- an Hëllefsverbe méi konservativ sinn1. D’Präteritumforme verschwannen och éischter am Mëndleche wéi am Schrëftlechen.

Chronologesch ass et schwéier, de Prozess genee ze datéieren. An hiren Untersuchungen zum Schwund des Präteritums im Schweizerdeutschen (Bern: Francke, 1967) weist d’Ruth Jörg, datt zu Basel an der Mëtt vum 15. Joerhonnert an der geschwatener Sprooch de Präteritum nach am Gebrauch ass, während am Ufank vum 16. Joerhonnert dofir schonn de Perfekt virgezu gëtt. Zu Bern ersetzt de Perfekt dann och ongeféier 30 Joer duerno de Präteritum, an nach 30 Joer méi spéit ass dat schliisslech och de Fall zu Luzern an zu Zürich. Fir déi ganz Schwäiz dauert de Prozess vum Präteritumschwund also méi wéi 200 Joer laang (16./17. Joerhonnert).

Méi schwiereg a méi kontrovers gëtt d’Recherche nach, wann een no de Grënn vum Präteritumschwund freet: Potentiell phonologesch-formal Ursaache wiirken dann zesummen am Kader vu komplexe systemateschen Aspekt- an Tempus-Perspektiven, Text- an Diskurs-Typen, logesch-stilestesche Kommunikatiounstaktiken2.

Um formalen Niveau ernimmt d’F. Krier selbstverständlech déi formal Thees vun der e-Akopope, déi an de Präteritum-Forme vun der drëtter Persoun Singular bei de schwaache Verben (zum Beispill lebte/lebt) en Dentalsuffix -t- iwwregléisst, deen de Präteritum net méi vum Präsens ënnerscheet. Oder an der Opfaassung vum Ingerid Dal (1960), déi Hypothees, datt grad d’Dentalform -te- sech als geleefege Modusmarker vum Konjunktiv II (niewent der Ëmschreiwung géif/géing plus Infinitiv) duerchgesat hätt3.

Aner Fuerscher argumentéiere méi abstrakt. De Perfekt, deen sech op eppes Aktuelles bezitt, wier als Erzieltempus fir Vergaangenes ëminterpretéiert ginn an hätt esou de funktiounsgläiche Präteritum ersat (R. Jörg, 1976). Oder d’Aspekt-Oppositioun perfektiv versus imperfektiv hätt zu enger ähnlecher Entwécklung gefouert. Fir déi semantesch Interpretation vun de Verbforme sinn och divers Zäit- a Standpunkten ënnerscheet ginn, wéi zum Beispill am Hans Reichenbach sengem Modell vun 1947.

En aneren Deel am F. Krier hirem Artikel ass ganz wichteg: deen, wou verschidde Korpussen opgestallt, begrënnt a kommentéiert ginn. Wa vum Präteritum (Imparfait) am Lëtzebuergesche Rieds ass, da gëtt meescht eng Lëscht vu Rescht-Formen zesummegestallt. Dat ass de Fall zum Beispill am Luxogramm. Informationssystem zur Grammatik des Luxemburgischen (Peter Gilles, Uni Lëtzebuerg), wou 38 Verben opgelëscht ginn, déi haut nach iwwer e Präteritum an e Konjunktiv II duerch Vokalwiessel (stoen -> stoung) oder duerch en -t-Suffix (mussen -> musst) verfügen. De Präteritumsvokal ass meescht ou oder u (éi oder ii am Konjunktiv). Eng Handvoll vun dëse Rescht-Forme kënnt awer ganz seele vir; dofir sinn se och an der Lëscht mat engem Stäerchen * versinn4.

D’F. Krier selektionéiert net, wéi de Luxogramm, all méiglech Präteritumformen an engem vermëschte Megakorpus5. Well si präzis diachronesch Vergläicher maache wëllt, hëlt si als historeschen Textkorpus de Renert (1872) vum Michel Rodange un an als historesche Stand d’Lëscht aus dem Robert Bruch sengem Précis populaire de grammaire luxembourgeoise (1955).

Dobäi stellt si véier Korpussen op: 1) den Aarbechtskorpus aus Pe’l Schlechter: Wéini kënnt ­Fréier erëm, Et kann net ëmmer Krich sinn, Lëtzebuerg, 2013; 2) een éischte Vergläichskorpus aus enger schrëftlecher Erzielung: Guy Rewenig: Wëll Fra. Erzielung, Phi, Iechternach, 1993; 3) een zweete Vergläichskorpus fir de Konjunktiv II aus de mëndlechen Texter vun der Chambre des députés: Compte rendu des séances publiques, Séance 7, 2014, 67-81; 4) een drëtte Vergläichskorpus aus engem Theater­stéck vum Alain Atten: Wämper Klëppelspill. 1798. Spillchronik aus dem Klëppelkrich (1998 in: Galerie 16 (2), 163-319) fir déi nordéisleckesch Präteritumformen z’illustréieren. D’Method an déi detailléiert Resultater maachen aus de Vergläichsstudië vum F. Krier e Muster vu Wëssenschaftlechkeet.

Doriwwer ewech ginn d’Method an d’Korpusanalys nach duerch déi systematesch semantesch Polyperspektiv optiméiert, déi d’Verbformen – a besonnesch de Präteritum an de Perfekt, den Imparfait an de Plus-que-parfait – permanent an en textlinguisteschen an en diskurstaktesche Kader abënnt. Dem Harald Weinrich seng Iddien (Tempus. Besprochene und erzählte Welt. Stuttgart, 1985. 4. Oplo) ginn am Artikel geschéckt ausgebaut. Mee et kéint een sech och virstellen, datt ee méi breet semantescht, text- a pragmalinguistescht Modell vum Verbsystem – wéi et a menger Thèse d’État vun 1981 konzipéiert ass – d’Opfaassunge vum F. Krier nach besser kéint ausbauen.

1 D’Fernande Krier iwwerhëlt déi „däitsch“ Terminologie fir d’Ënnerkategorië vun de Verben, ausser fir d’semi-auxiliaires (Halbauxiliare) vum Typ stoe bleiwen, spille kommen, gelaf kommen…

2 Déi dräi ënnerschiddlech Perspektivë vum strukturale Sproochesystem, vun der Diskurs- an Textlinguistik, vun de Kommunikatiounstaktiken däerfen net vernoléissegt ginn. Zum Beispill gëlt als Stiltaktik d’Méiglechkeet an enger Erzielung, d’Verbform mat engem méiwuertege Prädikat (= Passé composé mat Klammer) oder mat enger eewuerteger Verbform (= Präteritum ouni Klammer) z’iwwersetzen; cf. Goscinny/Sempé: De klengen Nicolas. 16 flott Geschichten op Lëtzebuergesch (iwwersat vum M. Cornelius a Cl. Friedrich, SNE, Luxembourg, 2012), S. 13: „,Ongebännegte Courage’, hunn ech gesot. Du dierfs erakommen, sot hien zu mir.

3 Wat d’Fuerscher, an och d’Fernande Krier, quasi zwéngt, den Dentalsuffix -te- als Tempus- a Modusmarker z’analyséieren (cf. S. 71-73 am Artikel d’Virstellung vum Konjunktiv II mat senge Bedeitungskomponenten).

4 Ech géif bestëmmt och dat vereelzt zouch vun zéien mat engem * markéieren.

5 Wéi deen, deen sou dacks am Institut de langues et de littératures luxembourgeoises (Uni Lëtzebuerg) zitéiert a manipuléiert gëtt. Cf. déi véier methodesch Etappen op der S. 54, déi ville Studenten op aneren Unië kéinte virunhëllefen: zählen, überprüfen, testen (Informantenbefragung: Foussnott 3, S.53), urteilen (Textsorte)!

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land