KItsch

D'Liewen ass Uschass

d'Lëtzebuerger Land du 22.11.2001

Eng Lut geet un: Am éischten Ament mengt een, et wier e Roboter wéi dee vum Abraham Lincoln (1809-1865), deen am Disney-World, Florida, eng paterjottesch Ried hält. Ma da fänkt en u mat Sangen, an et weess een: et ass de richtege Camillo Felgen (*1920), déi nei Lëtzebuerger Kitsch-Ikon vun där Generatioun, déi en net méi richteg mat erlieft huet. De Camillo freet: "Sag warum!". An d'Äntfert ass: Well et zwou wichteg Saachen am Liewe ginn, Geld a Sex.

Geld a Sex bréngen och déi zeng Figuren am Nico Helminger sengem Stéck Kitsch zesummen. Kitsch rennt hott an har, wéi wann et vun der rosener Kou gefriess hätt, tippt eis dee schlëmmste Kitsch virun d'Féiss a kann ëmmer soe: pardong, ech si Kitsch, well ech esou heeschen.

Déi Männer a Fraen am Kitsch hunn all hiert Liewen an de Sand gesat, egal, ob se op der Bank schaffen, wéi de Gautsch (Serge Tonnar) oder guer näischt, wéi de Schocki (Mike Tock). Jidderengem bleift soss näischt ass wéi säin Dram, datt et en Auswee géif. Et misst ee just eng Disco wéi den Arni (Jean-Paul Maes) an de Steff (Jean-Claude Majerus) maachen, e Film wéi d'Malou (Isabelle Constantini) oder en Iwwerfall, wéi d'Doris (Josiane Fritz). Natierlech hu mer all an der Kulturfabrek Entrée bezuelt, fir datt ët keen Auswee gët. D'Cindy (Mireille Wagner) spréngt vun enger Bréck erof a bréngt et emol net ronn, fir dout se sinn.

Geld a Sex bréngen d'Figuren no kuerze Kontakter och nees auserneen, well näischt aus hire klenge Geschäfter mat Krëppeng an Aarbecht, Kierperen an Dreem gët. De Geldschäin ass grad esou falsch wei d'Verspriechen an d'Gefiller. A wa se de Bak opdinn, komme keng richteg Wierder eraus, ma nëmme Kitsch, eng Sprooch, déi net op hirer Mëscht gewues ass.

De Jean-Paul Maes huet dem Helminger säi laangt Stéck gekierzt a mat e puer flotten Szenen inszenéiert. Do gët da grousse Kitsch-Schpektakel gebueden, nodeems apaart am Ufank d'Schauspiller dacks ronderëm houngen an hire vill ze schnëssegen Text opgesot hunn, wéi wa se um Radio wieren.

D'Liewen ass Uschass. Dat jéimeren owes spéit all Krunnemécken an den Nico Helminger schons am Ënnertitel vu sengem Stéck. Hien nennt et eng Ballad, ma och dat ass Uschass. An eng Grëtz sinn och d'Figuren Uschass, well se keng richteg Mënsche sinn, ma nëmme Middelen.

Géint d'Enn kënnt dat plazeweis trapegt Stéck op Touren. Da ginn d'Touristen tëscht de Banquieren iwwer Läichen, fir d'Stad gewisen ze kréien a Souvenirskitsch ze kafen. Esou entdeckt den Helminger déi national Fro a mécht aus dem Misär vun sengem Grapp futtise Figuren en nationale Misär. "do si leit, déi waarden op d'katastroph", resuméiert d'Viviane (Carolina Correa-Luis). "iirtum. si hun d'katastroph laang hannert sech. an si hu se mol nët rechteg bemierkt."

Well dat kann net méi laang gutt goen, a mir sëtzen all op engem Polverfaass. Esou prophezeien d'Krunnemécken zanter honnert Joer. Am Theater solle se Recht behalen: Do ginn d'Stéck a wuel och de Granduschi an enger "fierchterlecher explosioun" ënner, wéi am alen Teschtement Sodom a Gomorrha. Ma och d'aalt Teschtement ass Uschass.

 

Net méi gespillt. ­ Nico Helminger: Kitsch. Éditions Phi, Amphitheater 60, Iechternach 2001, 108 S. 200 Fr.

 

 

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land