Zoom op d’Sprooch

Ass et net schonn ze spéit?

d'Lëtzebuerger Land vom 09.01.2015

Haut de Moie wollt ech mäi Klick-Tierchen um Internet maachen, du fält mir e Mastermemoire vun der Universitéit Oslo op: Marianne Konstali, Lëtzebuergesch – vom Dialekt zur Nationalsprache. 2010. Betreiung: Heinz-Peter Prell. Ënnert aneren Aar­bechten hunn ech mir dee Memoire erausgefëscht, well en a senger Method typesch ass a seng Conclusiounen net esou konventionell si wéi déi meescht lëtzebuergesch Etuden.

D’Iwwerschrëft gëtt direkt ze verstoen, datt et ëm de Status vum Lëtzebuergesche geet. Dialekt oder Sprooch? Dat ass déi éischt Fro, woubäi Dialekt entweder am gesamtgermanesche Kader interpretéiert gëtt oder am méi klenge Lëtzebuerger Land vun haut, dat de Fernand Hoffmann zum Beispill mat Ënnerscheedunge wéi Landkoiné vs. regional Ënnerdialekter erfaasse wollt. Am Marianne Konstali hirem Memoire gëtt d’Beschreiwung vum „West-Moselfränkeschen“ op e puer Isoglossen (Sproochgrenzen) reduzéiert (dat/das-, up/auf-, Dorp/Dorf-, maken/machen-, ik/ich, Pund/Fund) an op sechs funktionnell-syntaktesch Charakteristiken, wéi de Gebrauch vu ginn amplaz wäerden, d’‘n’-Tilgung (sougenannt Eifeler Regel), fir … ze (+ Infinitiv), de Péiter (Artikel), gemat ass ginn/gemat ginn ass (Wuertstellungsvarianten).

D’Optik ass déi vun de germanesch-däitschen Dialekter, ouni datt lëtzebuergesch Bannenoppositiounen (vum Bruch a Bertrang, H. Palgen an F. Hoffmann) ernimmt géifen. Dat läit dorun, datt d’Auteurin vum Memoire sech beim Guy Berg (1993) an am Krees vun den Unie Lëtzebuerg, ­Tréier, Mainz a Magdeburg ëmfrot huet a sech mat deem zefridde gëtt, wat d’Cl. Moulin an de P. Gilles engersäits an hiren zwéin (iwwregens onvollstännegen) Panoramaartikelen1 an d’Cl. Moulin an d’D. Nübling anersäits an hirem programmatesche Buch Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik, Heidelberg, 2006, erausginn hunn. Déi sougenannt „systemlinguistesch Luxemburgistik“ vun dësem däitsche Frëndeskrees ass op eng gesamtgermanesch geschichtlech Perspektiv limitéiert, déi am Fong méi duerop aus ass, Fuerschungslücken an de verschiddene germanisteschen Domänen auszefëlle wéi eng richteg systemlinguistesch Luxemburgistik am saussuresche Sënn opzebauen an ze detailléieren. D’Systemlinguistik vum Lëtzebuergeschen (ob synchron oder diachron) ass net déi nämmlecht wéi déi vun der Gesamtgermania2, an dat ass en Ënnerscheed, deen een als Linguist vun den däitschen Diachronisten an Dialektologen trenne kann.

Eng zweet Perspektiv am M. Konstali hirem Memoire ass déi soziolinguistesch Problematik, déi an dräi Grondfroe resuméiert ka ginn: 1) Ass d’Lëtzebuergescht am Verglach mam Däitschen a Franséischen eng selbstänneg Sprooch? 2) Wéi verhält et sech an eisem Land als Symbol vun der „nationaler Eesproochegkeet“ vis-à-vis vun der „dräi-sproocheger amtlecher Ausdrocksméiglechkeet“? 3) Geet dem Heinz Kloss seng Abstand-/Ausbautheorie iwwerhaapt duer, fir d’Sproochesitutioun vun haut am Grand-Duché ze beschreiwen?

Gesetzlech ass d’Lëtzebuergescht zënter 1984 eng eegestänneg Sprooch: eng Nationalsprooch. Den Term ass doduerch begrënnt, datt den Idiom sech, vum 19. Joerhonnert un, ëmmer méi als Symbol vum Nationalgefill a vun der Staatsonofhängegkeet duerchgesat huet. D’lëtzebuergescht Selbstbewosstsinn identifizéiert sech mam Lëtzebuergeschen, dat sech deemno och als „selbstänneg Nationalsprooch“ vun „onsem däitschen Dialekt“ emanzipéiert, a sech souguer vum Däitschen iwwerhaapt (éischter „Preiseschen“) befreit, respektiv „lassräisst“3. Wat d’M. Konstali net notéiert (si hätt an dëser Hisiicht hir egozentresch däitsch Quelle kënnen iwwertrompen!4), dat ass, datt an de 1960er/70er Jore mam Bruch (Thees 1953-54, Grammaire 1955, Sproochatlas 1963 a mam Luxemburgisches Wörterbuch 1950-1977) déi wichtegst Grammatisatiounswierker erauskomm sinn, op déi an de Joerzéngten duerno d’Actioun Lëtzebuergesch sech och berifft, fir eis Sprooch an de konkrete Gebrauchsberäicher als Schrëftsprooch ze populariséieren a vun aktuellen héidäitschen Interferenze fräi ze halen5. Do-géint gëtt an de wëssenschaftleche Recherchen (zum Beispill vum F. Hoffmann a G. Berg) dem Heinz Kloss seng Ausbautheorie (1952) erbäigezunn, fir ze weisen, wéi déi „jonk 12. germanesch Sprooch“ (Moulin/Damaris) sech als Ausbausprooch aus dem „Varietätengefüge des Deutschen“ (besser: der Germania) degagéiert huet.

D’M. Konstali konzentréiert sech apaart op d’Abstand-/Ausbautheorie. Si ënnersträicht, wéi noutwenneg et ass, déi geschriwwe Sprooch vun der geschwatener ze ënnerscheeden, a wéi schwéi-er et ass, déi verschidde Beräicher auserneenzehalen, wou d’Lëtzebuergescht sech verschrëftlecht a verselbstännegt. Egal ob dat, nom H. Kloss (Oplo 1978), a Phasë geschitt oder, nom G. Berg (1993), op en Diagramm vu neng funktional Domänen agedeelt gëtt – déi Lëtzebuerger Realitéit ass offensichtlech vill ze komplex, fir an en allgemengt theoretescht Raster eragequëtscht ze ginn. Dat beweisen dann och kloer déi lescht Kapitele vum Memoire, wou d’M. Konstali éierlech versicht, déi kontradiktoresch Resultater vun enger eegener Ëmfro iwwer d’Sproochesituatioun am Lännchen z’expliquéieren.

Kuerz: Lëtzebuerg ass haut an engems en „eesproochecht“ an e „méisproochecht“ Land. Verzichte kann et weder op seng Eesproochegkeet, op „Eis Sprooch“ als National- an Identitéitssymbol, nach op seng Méisproochegkeet als Amts- a Verkéierssprooch am In- an Ausland. D’Ausbautheorie vum Kloss, déi d’Lëtzebuergescht als Dialekt an Ausbausprooch presentéiert, weist zwar, wéi eisen Idiom sech zu enger eegener Sprooch konnt entwéckelen, hieft awer net d’Oppositioun „Eesproochegkeet“ vs. „Dräisproochegkeet“ op. Och wann d’Ausbaustreck net wäit vum Enn sollt sinn – eise germanesch-däit-schen Dialekt ass nach keng voll schrëftlech Ausbau- a Kultursprooch. D’M. Konstali stellt an hirem Memoire radikal d’Haaptfro, ob d’Lëtzebuergescht sech iwwerhaapt als voll Schrëft- a Kultursprooch developpéiere kann. Dofir ass et net nëmmen, wéi d’Auteurin et suggeréiert, ze spéit. D’Hypothees selwer ass widderspréchlech: Ouni de Multilinguissem geet et mat eiser Nationalsprooch weder am Aus- nach am Inland duer.

1 Gilles, Peter und Moulin, Claudine (2003): „Luxembourgish“. An: Deumert Ana und Wim Vandenbussche (ed.): Germanic Standardizations – past to present; John Benjamins Publishing Company. S. 303-329. – Gilles, Peter und Claudine Moulin (2009): „Die soziale Praxis der Mehrsprachigkeit in Luxemburg“. An: Willems, Helmut (Hg.): Handbuch der sozialen Arbeit, 197-215, Luxemburg.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land