Kommunikativ Funktiounsinterpretatiounen

Gell, Manu! Hues de dech iere verléift?

d'Lëtzebuerger Land du 20.05.2016

Déi lescht Woch hunn ech nees e Lëtzebuerger Roman gelies – e richtege Roman, keen didaktesche fir Jonker, keng smart Kuerzgeschichet fir Lieser, déi hier Sprooch schwéierfälleg entzifferen, kee (klengt) Folklore- oder Kannerbuch, wéi se an der leschter Zäit sou dacks a verschiddene vun eisen – och neie Verlage – promovéiert ginn. Ech soen ee Lëtzebuerger Roman, net nëmme well et e Spigelbild vun der lëtzebuergescher Gesellschaft ass – dat ass en och: majo, dee bequeme Wuelstand, déi relativ Bildung an heiansdo och Abildung, déi enk Sozialstruktur, wou een deen anere kennt an déi bal alles erlaabt! –, mee well en op Lëtzebuergesch geschriwwen ass, an enger agreabeler, alerter Sprooch vun haut, weeder puristesch vereelzt, nach barock verbéit.

An dann huet d’Buch mir och gefall, well d’Halschecht sech an der franséischer Géigend vum Mont Aigoual ofspillt, net wäit vu menger gewéinlecher Openthaltsstad Montpellier. Dat féiert eng Distanz mat Lëtzebuerg an, déi sech och an der verzielter Geschicht erëmspigelt. D’Buch heescht – dat hutt Der sécher selwer scho geroden – Manu vum Gast Groeber (Op der Lay 170, 189 Säiten, 2012). An engem Dialog hunn ech mir do zwee Elementer erausgefëscht fir op kommunikativ Funktiounen hinzeweisen, déi am synchrone Lëtzebuergeschen als Zweetsprooch (Friemsprooch) méi wichteg sinn, wéi déi geschichtlech-formell Aspekter, déi een an de meeschten Dictionnairen noliese kann.

Gell – an dat wonnert mech net – gehéiert zu deenen éischten Elementer, iwwer déi op infolux.uni.lu/infodesk eng Fro gestallt ginn ass. D’Formatrice, déi zënter Joren am Gebitt LaF matmécht, freet sech, vu wou gell hierkënnt, dat jo interessanterweis och mam Pronom an der zwouter Persoun oder mam Adressat vum Modus (gelldu, gelldir, […] gelldiert, gell Manu) gebraucht gëtt. Déi diachronesch Fro no der Origine wonnert mech, well se jo direkt wéineg mat der haiteger Funktioun vun der kommunikativer Partikel (eigentlech vun der „Ausso“) am LaF ze dinn huet, obschonn se – leider – déi geschichtlech Haaptperspektiv vun de Lëtzebuerger Etüden vun haut nach kloer ervirhieft.

De Professer Gilles gëtt senger Kollegin och gär eng Äntwert, well e weise kann, datt et duergeet op déi (digitaliséiert) Dictionnairen hinzeweisen: gell (mat [æ] – präziséiert hien, wéi dat däitscht gelten – an net mat Schwa [ә], wéi dat lëtzebuergescht gëllen). De Luxemburger Wörterbuch zitéiert och nach déi relativ geleefeg Variant mat : gelt.

Gell ass eng Ofleedung vum Verb gelten/gelden. Si entsprécht der Verbform 3. P. Konj. Präs., bedeit also op Lëtzebuergesch eppes wéi „(Da)t soll gëllen/gëllt et?“ (nicht wahr, n’est-ce pas, nedu, nediert). Als „Partikel“ (an der Wuertgrammaire vun der Schoul och Interjektioun genannt) gëtt d’Element als „Spriechakt“ (J.L. Austin, J.R. Searle) gebraucht mat enger Illokutioun (= kommunikativem Modus, Fro, Behaaptung) an enger Perlokutioun (= viséiertem Effekt), dat heescht datt eng (Réck-)Fro gestallt gëtt, déi eng (virtuell) Bestätegung implizéi­ert, am Sënn vun: „Ech kann dach dovun ausgoen, dass dat, wat elo gesot ginn ass oder gëtt, richteg ass.“ Gell(t) gehéiert esou zu den Elementer, déi am Kader vun der Kommunikatioun vum R. Jakobson och als „phatesch“ (= kontaktiv) beschriwwe gi sinn. (F. Schanen/ J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen, 2012, §342). Datt dat d’Ganzt – dee komplette „Phrasem“ oder déi reduzéiert Réckfro relativ Behaaptung (gell? oder gell!) – e „Spriechakt“ duerstellt, beweisen d’Ofwandlunge mam Pronom oder Numm vum betounten Adressat: gell°du,  gell°dir, gell°diert, gell°dierten, ge°llu /ge°du, gell°au/ ge°dau, gell °Manu; ge°du, wann s de ge(°)follegt häss: ° ass kee Wuertakzent (keen „Toun zwee op der zweeter Silb“), mee e Gruppenakzent!

Am zweete Beispill schéngt iren/iere(n)/éieren (irgendwéi, irgendwou, eventuell, etwa, gar, vielleicht) méi einfach: Formell ass et kee „Phrasem“, mee historesch éischter eng gekierzt Zesummesetzung. D’Funktioun bleift awer déi vun engem „Spriechakt“, deen iergendwéi als Eventualitéit an enger Fro „modaliséiert“ gëtt: Ass et der ieren net gutt? Hat hien iere schonn erëm haart nogeduecht?

Am Franséische kéint een iere(n)/éiere(n) mat „d’une manière ou d’une autre“ kommentéieren, mee och mat „éventuellement“ oder „par hasard“ oder am haitege Moudefranséisch „quelque part“. Et ass keen Ëmstandskomplement (= complément circonstanciel) vum „Dictum“, mee eng „Prise de position“, en Uerteel iwwer d’Adäquatioun vum Rhème („Prädikat, dee proposéiert gëtt“), deen iwwer den Thème („dat heescht déi behandelt Sujeten an Donnéeën“) ausgesot gëtt. Méi aristotelesch Wëssenschaftlecher wéi de J. M. Zemb nennen dat e Phème. An der Pragmalinguistik an Textlinguistik ass, jee no der Perspektiv, och Rieds vun illokutiven oder interaktive Kommunikatiouns- (Diskurs-) a Konnexiouns- (Text-) Partikelen.

Eng Lëscht vun deene Partikelen hu mer an eiser Lëtzbuergesch Grammaire (Schortgen, 2012, § 342) zesummegestallt an an der Übung 69 (S. 382) ­duerch Beispiller illustréiert: also, alt, alt dach, alt eeben, dach, dann och, einfach, elo, glat, grad, iwwerhaapt, jo, jo awer, jo och, souwisou, mol, nëmmen, vläicht, wéinstens, jo awer wéinstens… Si kënnen alleng gebraucht ginn (Dir sidd also eng Journa°listin – Deduktioun/Konsequenz) oder regruppéiert (Dat hat ech alt eebe vergiess. Dat muss de jo dach awer mat a Kaf huelen – d’Formuléierung vun enger Gesamtkategorie ass da vill méi schwéier) oder, Beispiller aus dem Roman Manu: Jo, bestëmmt! Mat sou engem attraktive Vis-à-vis kann et jo souwisou ëmmer nëmmen nach °besser goen! (S. 20) De Suter fënns de jo awer och gutt, oder? (= oder? ass e Kontaktiv wéi gell?)

Elo kéint ee, wéi de Peter Gilles, fir all Partikel, an den Dictionnairen och déi diachronesch Bedeitung (= Signifikat/signifié) mat hire Varianten (= Signifikant/signifiant) akribesch zitéieren, mee domat wieren nëmmen déi geschichtlech „Evolutiounen“ (even-tuell Grammakalisatiounspied?) vun der „lexikalescher Bedeitung“ festgehal. Sou zum Beispill awer- (Präfix: Richtung auf das Verkehrte), ower och kontaminéiert mat ewell: ewer, iewer, iewel, nawell, (e)well…, als Koordinatiounskonjunktioun nëmme mä/mee /ma (fr. mais: an der „viréischter“ Positioun).

Am Fall vun engem Grupp Partikelen ass et awer vill méi kriddeleg, déi semantesch „Funktiounskategorien“ (= Relatiounen/Konnektiounen/kommunikativ Oppositiounen) am Kommunikatiounskontext an am Illokutiouns-/Perlokutiouns- oder Interaktiounskader adäquat ze benennen. Do geet et massiv ëm semantesch „Funktiounsinterpretatiounen“, déi vill méi delikat si wéi d’Erausfannen an d’Verständnis vun der historescher Origine vun engem Ausdrock. Am LaF-Cours sinn se ganz bestëmmt och… méi nëtzlech. Gelldiert?

François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land