Zoom op d’Sprooch

De Lausbouf mat senge Spiichten!

d'Lëtzebuerger Land vom 28.04.2017

Majo, an der flotter Iwwerschaffung vun eiser Orthographie, déi de Cactus fir d’Leit vu 7 bis 77 Joer 2005 erausginn huet, kann ee liesen: „Den e ass e Lausbouf, deen an engem Stéck nei Spiichten an der Klatz huet. Eemol kënnt en eleng, e, dann zu zwee, ee, dann huet e Pinktelcher (neen, keng Speechelen) op der Kopp, ë, oder e Stuerz uewendrop, é, a gëtt och nach als Rëtschvokal ier, uer, oer, äer ugesinn. Den e huet also eppes méi lass, duerfir ass et och dee Buschtaf, deen an all Sprooch am meeschte gebraucht gëtt1.“

Jo, den <e>, als fënnefte Buschtaf vum Alphabet, ass en aarme Kärel, well e mol kee fixen Numm huet: [e] am Däitschen an [ə] (=ö) am Franséischen!2 Mä an eiser Schreifweis huet en och verschidde Funktiounen, dat heescht, datt seng Ticken engem, beim Schreiwen a beim Liesen, séier op de Su kënne goen. Deemno ass säi Gebrauch an eiser Sprooch och zënter zwee Joerhonnerten net liicht ze presentéieren. E schwéiert Kapitel also, dat d’Lëtzebuerger3, déi hir Sprooch wëlle schreiwe léieren, nervös an dronke maache kann.

Ënnerscheede musse mer fir d’éischt véier spezifesch Lauter. 1) De laangen /e:/ betount a méi seelen onbetount : °Eenheetlechkeet, °Regel; 2) De kuerzen /e/ betount an onbetount : °glécklech, °Méck, mech; 3) De kuerze betounten /ë/ (°Bëtong, dënn, net) oder deen dacks onbetounten /ə/, dee Schwa genannt gëtt : °Bëlsen, fërderen, fuddelen; 4) De kuerzen /æ/ (Ëmschreiwung Gilles/Trouvain) : („ä/e“) Bett, hell, Männer, Häll (Hölle), respektiv /ε/ nämmlecht, Fräsch; an dee méi laangen /ε:/ näämlech, gär(en), Päerd.

Zu dëse véier Lauter kommen dann dräi Fäll, wou dem geschriwwenen eigentlech kee Phonem entsprécht. Also: 5) de fakultativen onbetounte silbéierten -/ə/ vun (e)lo, (e)leng, mock(e)leg, oder vun engem Segment mat (e) virun oder/an hanner <r>, <l> , <m>, <n>, an deem e Schwa-<e> ewechgelooss ka ginn, ouni datt en am Schrëftlechen duerch en Apostroph ersat muss ginn4. 6) De stommen <e> muet a Sequenze wéi Madame, Agence, (Partie), (Vue). 7) De sougenannte Rëtschvokal am Règlement grand-ducal vun 1999.

Zesumme sinn dat siwen Ënnerscheedungen, vun deenen der véier un eng speziell Aussprooch gebonne sinn: /e:/ = „ee“, /e/ = „é“, /ə/ = „ë“, /æ/ = „ä/e“. Schrëftlech kënnen se awer mam einfachen „e“ neutraliséiert ginn, well se, an den Ausname vun deene véier Phonem-Graphem-Korrespondenzen, zwar un eng vun deene speziellen Aussprooche gebonne bleiwen, awer, an deenen dräi Funktioune fënnef bis siwen, keng präzis Aussprooch signaléieren. Am nächsten Zoom kommen ech op déi dräi lescht Spezialfäll zréck, wou den „e“ kengem Phonem entsprécht. Fir déi véier Haaptfäll gëllt mol haut dat heiten.

Fir d’éischt de laangen /e:/ vun der Quantitéitsregel. An der Broschür Weess de Wéi? Schreiwen.lu kann ee liesen, datt den /a:/, /o:/, /u:/, /i:/, respektiv och den /Ø/ (blöödst) an den /ε:/ (°näämlech), déi an enger betounter Silb laang ausgeschwat ginn, prinzipiell zweemol geschriwwe gi viru méi wéi engem Konsonant an eemol virun engem oder kengem Konsonant: aalt, al, Liibling, si; kolen, kools, gro5. Bis 1999 war dat och esou am Fall vum laangen /e/. Haut gëtt deen awer ëmmer geschriwwen, egal wéi vill Konsonanten duerno kommen a betounte Silben (°Eenheetlechkeet, Zeechen, Been, zwee, da°jee) oder an onbetounten (-heet, -(eg)keet).

Dës Ännerung vun 1999 huet zwou Folgen: eng Mass vun „ee“-en, déi engem séier kënnen op d’Nerve goen (zweeeeëg Zwillingen) an eng Hällewull vun Ausnamen, déi mam onklore kontrastive Prinzip begrënnt ginn, datt et däitsch oder aner friem Wierder sinn, déi an deene Sprooche mat engem „e“ geschriwwe ginn an déi mer onverännert iwwerhuelen (Text 1999). Kuckt een sech awer déi eenzel Beispiller un, da mierkt een, datt den eenzel geschriwwenen „e“ an dëse Friemwierder entweder net laang (mä op) ass (Demo°krat, De°tail, °Meteo, The°ater) oder am Fong keen /e:/ ass (°Problem, °Banquier[je], Gilet[li]) oder, tatsächlech, déi däitsch gewinnt Quantitéitsregel uwennt: Emil. Fir dat méi däitlech ze maachen, hat ech virgeschloen, am däitschen -eg-, deen op Lëtzebuergesch -ej- ausgeschwat gëtt, en neutraliséierten „e“ ze gesinn, mä den LOD huet do anescht decidéiert6.

Nom laangen /e:/ hu mer dann de kuerzen /e/, deen mam Accent aigu „é“ verschrëft gëtt, wann en an enger betounter Silb virkënnt virun „ch“ [ç], „chs“ [ks], „ck“ [k], „ng“[ŋ], „nk“ [ŋk], „x“ [ks]: sécher, méchs, Béchs, déck, Péng, drénk, féx. Keen Accent aigu – mä den „e“ gëtt ëmmer nach /e/ ausgeschwat – kréien, wéinst hirer Heefegkeet, d’Pronomen ech, mech, dech, sech an d’Possessivwierder meng, deng, seng, mengetwegen, sengerliewen, sengersäits, dengesgläichen. Selbstverständlech kritt den /e/ keen Accent aigu an den onbetounte Suffixsilben -echt, -(l)lech, -eg, -ek, -eng(en). A franséischen Transferte gëtt recommandéiert, datt den Accent aigu just als Oppositioun an de meescht distinktiven Ennsilbe bäigehale gëtt : Tiercé ↔ Tierce, Chargé ↔ Charge, Musée, Lycée.

Den „ë“ mat Trema steet fir de betounte kuerzen /ə/: ënnen, fënnef, Bësch, frësch, Dëppen, an och als Pendant vum däitsche kuerzen „ö“: ëffentlech, vëlleg. An onbetounte Silben an a ville kuerze Sequenzen awer ass den /ə/ schrëftlech neutraliséiert. Sou kritt e keen Trema an de Grammemen : ze, net, den, dem, der, e(n), an de Pronomen em, en, er, es, et, se, an de Suffixen: -ef, -el, -eng(en) -esch, -e, -em, -en, -es. Dogéint kommen Tëppelcher drop („e“=“ë“), wann en am Kontakt mat aneren -en an enger onbetounter Silb ausgeschwat gëtt: gëeelzt, anzëengen, Jeeër, Clienteën, oder wann en am Kader vun der N-Regel e prononcéierte Flexiouns-„e“ ass, deem säin „n“ ewechgefall ass: Poubellë botzen.

Schliisslech hu mer den einfachen „e“ ouni diakritescht Zeechen a betounte Silbe fir de kuerzen /æ/ (Ëmschreiwung vu Gilles/Trouvain) respektiv /ε/ oder /ε:/. Schrëftlech ass den „e“ den net markéierten Terme vum kontrastiv-etymologesche Prinzip. De markéierten Terme „ä“ ersetzt awer den „e“, wann en a lëtzebuergeschen oder friemsproochege Stämm engem „a“, „o“, „ö“ entsprécht: Käpp (Kapp), Kräsi (crassier), Fräsch (Frosch), tässelen (tasser).

1 Mir léiere Lëtzebuergesch schreiwen. E Schreif-a Liesbuch fir Grouss a Kleng. Edition Cactus 1992, Juli 2002 an Oktober 2005 (iwwerschafft no de neie Regele vum 30.07.1999). Konzept an Texter: Pit Hoerold, S. 7

2 Cf. 40. „ABTsee oder ABCé: Ha-hache de guerre?“ in: Sproocherubriken (Schortgen 2013), 96-99; „Léiwen ‚e’, da weis eis dach, wat s de kanns!“, d’Land, 09.08.2013; „Den Trema ass keen Trauma!“, d’Land, 17.04.2015; „Vokaler: eenzel oder duebel?“, d’Land, 12.07.2013; Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen, 2012), Chap. 25: „Quatre transcriptions spécifiques ‚ee’, ‚é’, ‚ä’, ‚ë’ et une neutralisation ‚e’“, § 391 et sq. § 358-368.

3 Lëtzebuerger = e Mënsch, dee Lëtzebuergesch schwätzt an sech och am Däitschen a Franséischen auskennt. Déi orthographesch Perspektiv ass also déi vum encodage (Schreiwen), net déi vum décodage (Liesen). 

4 Cf. Conrad, François (2017) „Schwa-Elision und die Wortprosodie des Luxemburgischen“. Linguistik Online 80 (1). https://bop.unibe.ch/linguistik-online/article/view/3564 krabb(e)len‚ héi(e)ren, donk(e)len, hell(e)gen.

5 Leider ass um Site http://ortho.lod.lu/ en Deel vun dëser Quantitéitsregel falsch formuléiert ginn, well de Vokal an absolutter Finall net onbedéngt laang ass: Ta°bu huet e laangen „u“, °Schockela, °futti e kuerzen „a“ an „i“.

6 Cf. Sproocherubrik 38: „De laangen ,ee’“ (Schortgen, 2013, S. 92): ↔ [ej]: Regel, Segel, Segen, bewegen, Bewegung, opregen, egen, Egenheet. Cf. dat iwwerraschend Wuert Reegel op schreiwen.lu de 26.01.2017!

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land