Zoom op d’Sprooch

Wou si mer mam lëtzebuergesche Passiv drun?

d'Lëtzebuerger Land vom 05.07.2019

Dir hutt et vläicht selber schon an Uecht geholl! Wann ee Lëtzebuergesch enseignéiert, sief et als Mammesprooch oder Zweetsprooch, ass et méi einfach, e Sproochphänomen ze beschreiwen, wéi sech an der dagdeeglecher Praxis drun ze gewinnen. De lëtzebuergesche Passiv mat senger Grammatikaliséierung gehéiert sécher zu dëse Strukturen, och wann den theoreteschen Term selwer net ëmmer kloer definéiert ass. E weist an engems op eng composéiert net onbedéngt grammatikaliséiert Verbalform an op eng syntaktesch-semantesch Struktur vu Verbalgruppen hin.

Wéi déi composéiert Passivform an eiser Sprooch gebilt gëtt, huet den Antoine Meyer ewell 1829 an E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus (Lëtzebuerger Biliothek 12, virgestallt a kommentéiert vom Roger Müller, CNL Mersch, 2004, S. 181) beschriwwen (oi = ue; é = éi): „Och wat Zaitwierder uebelangen, huet ons Sprooch eng séier grouss Ähnlechkeet mat der houdaitscher; nëmmen, wat d’Hëllef-Zaitwierder uebelaangt, se mer vill verschidden, besonnesch wat d’Zuel vun dësen uegeet. Net eleng sinn, huen, sollen, ower och ginn, gien, an aner, rechne mer an onsem Dialekt. Ech géif geléift ginn ass eng Uewennung vun zwee dëser Zaitwierder.“ D’Kombinatioun vun den Hëllefsverben, am Passiv besonnesch mat ginn, ass eppes, wat am Lëtzebuergesche selbstverständlech opfält.

Dem Meyer seng Notiz weist, datt en e puer Passivformen, an net dat eenzegt Hëllefsverb ginn am A hat. Dëse formalen Aspekt gëtt bis un d’Enn vum 19. Joerhonnert bäibehalen. Sou stinn am Joseph Weber sengem Essai de Lexicologie luxembourgeoise (1896) nach déi zwéin Ofsätz: „§ 75 Les temps du passif se forment tous au moyen de l’auxiliaire gin et du participe passé“ a „§ 76 Tous les verbes transitifs qui régissent l’accusatif peuvent prendre la forme passive“. Méi spéit dann, a sénger Areler Grammatik vun 1921 (Bréissel, S. 320), setzt den Alfred Bertrang explizit déi geleefeg semantesch Interpretatioun vun der Passivstruktur derbäi: „§ 360 Um das Vollziehen eines Leidens auszudrücken wird die Umschreibung mit dem Verbum [gIn], geben und dem Part. Prät. eines transitiven Verbums angewandt.“

Dir wësst dann och ganz bestëmmt, datt d’Genera verbi (op Franséisch les voix!) duerno an de 1960er bis 1970er Joeren hir Glanzzäit an der allgemenger Linguistik fonnt hunn, well se als Musterbeipiller an der neier Generativ-Transformatiouns-Grammaire fir den zweeten Deel vum Chomsky senger Grammatik ervirgehuewe goufen. Déi aristotelesch Interpretatioun vum Passiv als „Leideform“ gouf gehéiereg nuancéiert, an d’Valenztheorie huet déi verschidde Funktioune vun hire Sazstrukturmembre verdéift.

Am grousse Ganzen hunn dës allgemeng Recherchen dohigefouert, niewent de Verbforme mat ginn + Partizip Perfekt, och aner composéiert Verbformen als Passiv z’interpretéieren, ënner anerem d’Strukture mat sinn + Partizip Perfekt a kréien + Partizip Perfekt. Selbstverständlech gëllt et, op d’Semantik an op de funktionale semanteschen Detail vun den Auxiliarverben zréck-
zekommen. Mam Passiv geet et nämlech ëm Verbalformen, mä och ëm syntaktesch Konstruktiounen a semanthesch Diathesen, dat heescht ëm Valenzprogrammer, an deene Rollen, wéi Agens, Patiens, Beneficiaire, ënnerschiddlech op déi grammatesch Funktiounen (Sujet, Objet) vum Verbalgrupp verdeelt ginn.

D’Lëtzebuergescht huet wëssenschaftlech (och an anere Recherche wéi déi vun der „offizieller“ Luxemburgistik, zum Beispill a menger Thèse d’État: Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l’énoncé verbal, Paris 1981, S. 432-502) an didaktesch (zum Beispill am Henri Müller sengem Lëtzebuergesch wéi ech et schwätzen, Heft 3, 1987 an 2000, Lekt. 26 a 27) vun dëse Globalrecherche profitéiert. D’Formateure vun haut hunn, wat de Passiv ugeet, all Haaptdonnéen zur Verfügung, sief et an der Grammaire de la langue luxembourgeoise vum Men (2005, §§ 67-69) oder am Verbebuch (2005), oder, méi detailléiert, an der Lëtzebuergesch Grammaire Luxembourgeoise (Schortgen, Schanen/Zimmer, 1. Band 2012, §§ 119-132). Trotz deem Trend awer, deen haut d‘Verbekompilatioune bei eis favoriséiert (Verbebuch vum Men, LOD, Luxogramm, Jérôme Lulling: Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Delarosa 2014, S. 98, c.f. d’Land, 9.1.2009) sinn d’Passivformen nach net um Internet generaliséiert. Dofir bréngen ech hei um Schluss Beispiller vun esou Passivformen1.

a) Passiv vum 1. Objekt mat ginn: Prozessual Passiv, passif d’action personnel. Ind. Prés.: De Jong gëtt vun der Gëmeng agestallt. – Ind. Prét.: De Jong gouf vun der Gemeng agestallt. – Ind. Perf.: De Jong ass vun der Gemeng agestallt ginn. – Ind. Pl-q-parf.: De Jong war vun der Gemeng agestallt ginn. – Cond. Prés.: De Jong géif/géing vun der Gemeng agestallt ginn, och: géif/géing vun der Gemeng agestallt – Cond. Passé.: De Jong wier/wär vun der Gemeng agestallt ginn.

b) Onperséinleche Passiv mat ginn: Prozessual Passiv, passif d’action impersonnel. Deen Owend war gedanscht ginn. Deen Owend géif /géing gedanscht ginn, och: géif gedanscht. Deen Owend wier/wär gedanscht ginn.

c) Passiv vum 1. Objekt mat sinn: Bilanzpassiv, passif d’état: Dës CD ass opgeholl / war opgeholl / wier (wär) opgeholl / ass / war / wier / wär opgeholl gewiescht.

d) Passiv vum Bénéficiaire mat kréien: D’Chantal kritt vum Dokter gehollef. Du kriss vum Dokter gehollef. De Pier kritt d’CD opgeholl / krut d’CD opgeholl / huet d’CD opgeholl kritt / kréich d’CD opgeholl / hätt d’CD opgeholl kritt.

e) Modalitéit a Modalisatioun (Infinitivgrupp am Passiv): Hie kann / kéint / misst / wäerd d’Wouerecht soen // kann / kéint /misst / wäerd d’Wouerecht gesot hunn ...

1 Cf. och aner Beispiller am Land vum 24.06.2009. Leider ass d’Terminologie vun de Passivformen net déiselwecht am Luxogramm an an der Lëtzebuergesch Grammaire vu Schanen/Zimmer (Schortgen 2012, § 124-132).

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land