Zoom op d’Sprooch

Wäerten: Pronosticsverb?

d'Lëtzebuerger Land vom 02.11.2018

Am InfoDesk vun der Uni Lëtzebuerg (eng Fro iwwer „wäerten“) versicht e Student d’Reegelen ze entdecken, wéini „wäerten“ eng sécher oder eng onsécher Ausso ausdréckt. Hie schreift: „Et gëtt Leit, déi steif a fest behaapten, soubal ee wäert benotzt, wier eng onsécher Zukunft gemengt.“ Am LOD awer gi mat der Traditioun zwou Funktiounen illustréiert: 1) d’Modalverb als Beuerteelungs- oder Aschätzungsverb (drückt eine Möglichkeit, eine Hoffnung, eine Vermutung, eine Wahrscheinlichkeit aus); 2) d’Hëllefsverb vum sougenannte Futur (drückt eine Gewissheit über Zukünftiges, eine Drohung aus). Mee stëmmt dës Ënnerscheedung mat där vun der „onsécherer“ a „sécherer“ Zukunft iwwereneen? D’Äntwert verlaangt schwireg an delikat Nuancë vu semantesch-­grammatesche Kategorien (Genus verbi, Modus, Tempus) an erlaabt eng ganz Palette vun Aschätzungen haaptsächlich wat de Wourechtsgehalt vun de propositionalen Inhalter ugeet.

Eigentlech ass et net déi éischte Kéier, datt „wäerten“ a menge Lëtzebuergesch Sproocherubriken a Zoomen hei am Land mat senge Formen, senge Funktiounen a senger Semantik thematiséiert gëtt. D’Fro, ob et „reng Futurformen“ am Lëtzebuergesche gëtt (am Fong gëtt et keng: cf. „No Future? Hu mer e Futur am Lëtzebuergeschen?“1), ass schonn e puer mol explizit gestallt ginn, an esou ass am Enseignement vun de lëtzebuergesche Verben2 d’Schwieregkeet entstanen, fir dat temporaalt Hëllefsverb an dat epis-teemescht Modalverb wäerten3 auserneenzehalen an, parallel derzou, déi an der traditioneller Grammatikaliséierungstheorie zesummegesate Verbkomplexer oder Futur-I- an Futur-II-„Tempora“ oprechtzeerhalen. Elo wäerte si gläich fortfueren wär e Pronostic vun enger Propositioun am Futur I an elo wäerte si bal schonn eng ganz Stonn ënnerwee sinn wär och e Pronostic, en „Optativ“ iwwer ee scho vollendete Prozess.

Sécher ass et, datt et nëmmen ee Paradigma vu flektéierte Forme vum lëtzebuergeschen „wäerten“ gëtt – d’Forme vum sougenannten Indikativ Präsens: ech wäert, du wäerts, e wäert / si wäert / ’t wäert, mir wäerten, dir wäert, si wäerten. Weder Infinitiv- nach Partizipform: d’lëtzebuergescht „wäerten“ ass, vun de Formen hier, e streng defektiivt Verb!

Eng zweet Charakteristik vum Verb „wäerten“ besteet elo doran, datt et, syntaktesch, ausser engem Nominalgrupp als Subjekt (deen am Passiv ausgelooss ka ginn), och mat engem Infinitiv oder Infinitivgrupp (als Propositioun) funktionéiert. Esou kann et, an der traditioneller Grammaire, kontextuell zu deenen zwou funktionelle Liesaarte féieren: 1) zu enger temporaler mam Hëllefsverb „wäerten“ („wäerten“ + Infinitiv Prozessual oder Infinitiv Perfekt: hie wäert muer fortfueren; hie wäert muer um zéng scho fortgefuer sinn) an zu 2) enger episteemesch modaliséierter mam Modalverb „wäerten“: hie wäert warscheinlech / wuel scho schlofen.

Hei e puer Beispiller (tëschen der Futur- an der Modalfunktioun gëtt et kee fërmlechen Ënnerscheed!), déi déi zwou Funktiounen illustréieren: Si wäerten dat um Enn vun der Woch schonns an Uecht huelen: Infinitivgrupp Futur I (Aktiv Prozessual). Si wäerten dat spéitestens muer den Owend an Uecht geholl hunn: Infinitivgrupp Futur II (Optativ vun der Vergangenheet). Mir wäerten déi Demande un déi verantwortlech Instanz weiderreechen (Aktiv Prozessual). Fir Iessen an Drénke wäert scho beschtens gesuergt sinn. (Passiv, Bilanz). Du wäerts dech nach wonneren, wat dir geschitt, wann s de mer net d’Wourecht sees.

D’Paradigmë vum Futur I (mir wäerten déi Demande weiderreechen) an II (déi wäerten déi Demande scho weidergereecht hunn) ginn traditionell als grammatikaliséiert ugekuckt. Mee wann ee si (mat oder ouni explizitte Modal- an/oder Zäit­ergänzungen) an eng syntaktesch-semantesch Struktur abaut („Beuerteelungs-/Aschätzungsverb vum Spriecher + Propositionale Gehalt vum Infinitiv- oder Infinitivgrupp“), da mierkt ee séier, datt „wäerten“ méi de Wourechtsgehalt vun der Propositioun ausdréckt, wéi faktesch objektiv d’Zukunft datéiert. An enger Ausso wéi: Si ass muer de Mëtteg doheem mat ass am Indikativ Präsens gëtt e Fakt behaapt an eng Propositioun zäitlech situéiert. Benotzen ech elo de Saz mat wäerten, da kléngt éischter déi modal Aschätzung vum Spriecher mat „aller Warscheinlechkeet no“: Si wäerte muer de Mëtteg (aller Wahrscheinlechkeet no) doheem sinn. Amplaz den zukünftege Fakt ze behaapten, maachen ech kloer e Pronostic iwwer d’Propositioun: Si //wäerten // muer de Mëtteg doheem sinn.

Ganz allgemeng ka gesot ginn, datt d’Präsenz vum Verb „wäerten“ op eng Modalitéit Pronostic hiweist, wéi d’Modalverben kann / soll / muss /géing / géif … eppes iwwer d’Relatioun vum Subjekt mam Prädikat an der Nominalform (Infinitiv/Infinitivgrupp) aussoen: De Premier //kann / soll / muss / géing / géif / wäert … // eng Ried iwwer de Budget halen4 hunn déiselwecht syntaktesch Struktur, mee verschidde Modalitéiten a „Spriechakten“.

D’Wuert Pronostic bedeit, datt d’Propositioun vun enger Ausso an enger Zukunft läit. Et bedeit och, datt de Wourechtsgehalt vun dëser ­Annonce modal ageschat ass. Am Ufank vun eisem Text schwätzt de Student vun enger onsécherer a sécherer Ausso an denkt am Fong un déi onsécher a sécher Zukunft als Ëmstand vun der Propositioun. Wann d’Ausso e Verb am Indikativ Präsens enthält mat lexikaleschen Temporalmemberen, dann huet een éischter eng faktesch Ausso, mee dat bedeit net onbedéngt, datt déi annoncéiert Zukunft sécher ass: Hie kënnt muer ass faktesch, mee huet net dee-
selwechte Wourechtsgehalt wéi: Hie kënnt vläicht muer (Zweiwel). Hëlt een awer de Saz mat wäert, da gëtt d’Annonce kloer e Pronostic: Hie wäert muer kommen modaliséiert net d’Zukunft, mee déi ganz Propositioun. Mee mat wäert kann een awer och nëmmen d’Resultat vun engem vollendete Prozess viraussoen a „pronostickéieren“: Hie wäert muer ëm zéng schonn do sinn / ukomm sinn.

1 Cf. Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen, 2013): „6. No future“ (S. 25-27);
„47. Mir wäerte manner Wuesstem hunn am Joer 2009“ (S. 111-113: J.-Cl. Juncker); „48. Well ech hunn eng Schwèiermamm“ (S. 113-115); „49. Wat fir Modalitéiten?“ (S. 115-117); cf. InfoDesk:
„Eng Fro zu wäerten – Hu mer e Futur am Lëtzebuergeschen?“ (Äntwert vum Caroline Döhmer: Jo, an awer och Nee).

2 Cf. zum Beispill F. Schanen / J. Zimmer: 1, 2, 3 Lëtzebuergesch Grammaire: „1. Le groupe verbal“ (Schortgen, 2005); Men et formation professionnelle: Les verbes luxembourgeois (Binsfeld 2005); P. Gilles, Uni Lëtzebuerg: Luxogramm, Informationssystem zur Grammatik des Luxemburgischen; J. Lulling: Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Delarosa 2014)

3 Cf. Antje Dammel: „Präteritopräsentia im Luxemburgischen – Eigenwege einer verbalflexivischen Sonderklasse“ (S. 159-161: wäerden), in: Cl. Moulin / D. Nübling: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie, Heidelberg, 2006

4 Cf. Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen, 2013) 47, 48 a 49 (Foussnott 1)

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land