De Plural vun de franséische Wierder

Korrekturronnen

d'Lëtzebuerger Land du 20.03.2015

Déi lescht Zäit wollt ech nees op d’Thema vun der lëtzebuergescher Orthographie agoen, well déi meescht Froe vun de Lieser sech ëm dës Problematik dréinen, an dat trotz den 21 Regelen a Kontroll-Exercicer, déi d’LOD-Equipe ënnert dem Link ortho.lod.lu erausginn huet1. Zwar ass dëst Material net grad dat, wat am néidegste gewiescht wier fir dee scho laang erwaarten Texte coordonné de l’Orthographe officielle ze finaliséieren (Cf. d’Land, 27.06.2014). Mä alles, wat zur Präzisioun vun eiser Schreifweis bäisteiert, ass wëllkomm. Haut geet et ëm eng Initiative, déi mir Freed mécht a vun där ech hoffen, datt et där nach méi am Land gëtt.

Dräi Hären hu sech fir Korrekturronnen zesummegesat. Si gesi sech regelméisseg, fir stéckweis den Text vun enger Biographie op Lëtzebuergesch duerchzeliesen an, esou gutt wéi et geet, ze verbesseren. Dat ass awer net méiglech, ouni datt si sech iwwert d’Schreifweis Gedanke maachen a versichen, op déi Hällewull vu Froen ze äntweren, déi eis offiziell Rechtschreiwung nach an der Praxis op léist. Do kënnt et dann zu Diskussiounen iwwert d’Aussprooch (ass et empfänken wéi am Däitschen oder emfänken wéi vill Lëtzebuerger soen?), iwwer d’Varianten (ass et dréinen oder dréien, Nuecht oder Nuet, géing oder ging, géif oder gif?), mä och iwwer d’Applikatioun vu méi oder manner wichtege Regelen, wéi de laangen [e :] als einfachen an transferéierten däitsche Wierder: Reegel oder Regel, weeder oder weder2, oder d’Eifeler Regel jee no den Elementer mat enger selwechter Endung: mäi Brudder, Wäiglieser, fäi Leit, d’Schwäi schluechten, mä Latäinprofesser, op Latäi(n?) schreiwen, si huet en 100-Euro-Schäi(n?)3 gewiesselt oder, viru Grammeme mat : Wann s de kënns, Wann se / Wa se heemginn. Derbäi kennt nach e ganze Koup Schwiregkeeten, déi eppes mat den net alphabetesche Schrëftzeechen, wéi d'Grouss- a Klengschreiwung, d'Zesummen- a Getrenntschreiwen, d'Interpunktioun ze dinn hunn.

Ee Punkt, deen dem Korrekturgrupp apaart Suerge mécht, ass de Plural vun de Substantiven, déi eis Sprooch aus dem Franséischen iwwerhëlt. Do hu mer fir d’éischt mol de Problem mat den net ausgeschwatene Buschtawen. Ech erënnere mech, wéi mer déi éischt Versioune vum Texte coordonné geschriwwen hunn5, datt déi net ausgeschwate Konsonanten oder Vokaler an der Eenzuel vun de franséische Wierder fir déi eng sollte matgeschriwwe ginn, fir anerer awer einfach sollte fale gelooss ginn. Am Arrêté ministériel vun 1975 (A. Atten) stoung ausdrécklech: „Wa mer lëtzebuergesch Endongen u franséisch Wierder hänken, loosse mer déi stomm franséisch ewech: de Cours – d’Couren, den Terrain – d’Terrainen“ (1975: 1367). Den H. Rinnen: Dictionnaire français-luxembourgeois (1988) schreift zum Beispill Abus, Abü-en; Accroc, Accro-en.

Am Règlement grand-ducal vun 1999 gëtt d’Regel leider komplizéiert: „D’Lëtzebuerger Mehrzahl bei franséische Wierder oder gëtt un d’Wuert drugehaangen, nodeems een d’franséisch Mehrzahl ewechgelooss huet; les Cours - d'Couren (egal ob Häff oder Léiercoursen), les employées - d'Employéen, les employées - d'Employéeën.

D’Remarque tëschen de Klammere weist klor op déi éischt (erstaunlech) Interpretatioun vum Josy Braun hin, deen a sengem Heftchen Eis Sprooch richteg schreiwen (3. Oplo, S. 30) seet: „An der Méizuel hänke mer eis lëtzebuergesch Méizuel oder einfach drun, an déi franséisch Méizuelsendongen, oder falen einfach ewech (och wann den keng Méizuels-Endong ass, mä zum Wuertstamm gehéiert: Abus/Abuen, Cours/Couren, Devis/Devien). Dogéint liest een an der 7. Oplo, S. 31, datt déi stomm Wuertstamm-Buchstawe vun der franséischer Eenzuel bäibehale ginn. Beispiller: Abusen, Accenten, Accèsen, Accrocen, Affluxen, Besoinen, Borden, Boulevarden, Jusen, Permisen, Tauxen.

Vun enger Oplo op déi aner huet de J. Braun also d’Regel total geännert, wahrscheinlech well dertëschent eisen Texte coordonné (Schanen/Lulling) virgeschloen hat, de Prinzip bäizehalen, a) datt d’Transferenzen sou wéineg wéi méiglech geännert ginn, b) datt déi stomm Wuertstamm-Buschtawe vun der franséischer Eenzuel am Plural all matgeschriwwe ginn, c) datt dogéint awer déi franséisch Méizuelsendonge gestrach a mat de lëtzebuergeschen ersat géife ginn, an d) datt, bei polylexikaleschen Transferenzen am Plural systematesch e Bindestréch tëscht all Eenzelelement stoe kéim an nëmmen dem leschte Wuert dat lëtzebuergescht Morphem vum Plural ugehange géif: d’Arrêté-grand-ducalen, d’Visite-guidéeën. Dës nei Regele vum Arrêté vun 1999 bréngen awer och selbstverständlech Schwieregkeete mat sech, apaart beim Liese vun de Composéen a wéinst den ongewinnte Forme vum leschte Konstituent.

Déi Problemer huet de Léon Doemer an engem Lieserbréif ënner anerem am Luxemburger Wort vum 05.02.2011: „Abus’en – wat gelift?“ detailléiert. Fir se ze ëmgoen, huet e virgeschloen, „eis typesch lëtzebuerger Plural-Endunge mat engem speziellen Zeeche vun de franséische Substantiven (besser: Wuertstämm) ze trennen. […] Dat einfachst, wat do a Fro kéim, wier den Apostroph“, mengt hien, och wann deen ewell reservéiert ass fir Buschtawen z’ersetzen, déi aus verschiddenen Ursaachen ewechgelooss ginn.

Den Apostroph kéint esou eng zweet Funktioun, déi vum Trennungszeechen, unerkannt kréien an déi Wierder, déi sou schwéier ze liese sinn, well mir et net gewinnt sinn, wiere mam Apostroph méi einfach z’erkennen: Don’en, Camion’en, Dossier’en, Abus’en, Besoin’en, Jus’en, Permis’en, Employé’en, Employée’ën, Bord’en, Effort’en, Moyen’en, Moyenne’en (fran­séische stommen ). Dee leschte Pluriel géif geschriwwe wéi dat zitéiert Beispill Site’en, an e puer Beispiller kéinte musterhaft stoe fir d’Composéen an der Méizuel: d’Arrêté-grand-ducal’en, d’Aide-à-domicile’en, d’Visite-guidée’ën, an esou weider (och wann am Plural d’Bindestrécher net dem Här Doe­mer senger Propos entspriechen; hie kéim einfach léiwer op d’Franséischt zréck, zum Beispill Coquilles Saint Jacques fir Coquilles Saint Jacqu’en oder besser Coquilles Saint Jacques’en).

Meng Meenung? Firwat misst een dem Apostroph dann eng zweet Funktioun ginn, wou de Bindestréch am Lëtzebuergeschen dach, zum Beispill um Wupp vun enger Zeil, an engems eng Trennungs- a Bindungsfunktioun kann hunn? D’Schwieregkeete beim Liesen a beim Erkenne vum leschte Konstituent ginn an alle Fäll och mam Trait-d’union opgehuewen, a sou brauche mir dem lëtzebuergeschen Apostroph keng nei Funktioun ze ginn.

1 Cf. D’Regele fir de Pluriel vun franséische Wierder: n° 19
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land