De Simon Larosche ass Ugangs 2014 an d’Rédaktioun vum 100,7 komm. Ass et ustrengend, ëmmer gutt gelaunt ze kléngen?

Mam Simon Laroche um Mikro

d'Lëtzebuerger Land du 27.01.2023

d’Land: War de Sven Becker scho laanschtkomm, fir eng Foto ze maachen?

Simon Larosche: Hie war de Moie schonn hei. Ech hunn normalerweis ëmmer eng Kap un …

... Du has jo och emol eng Kap verluer an has dunn iwwer de Radio gefrot, ob kee se fonnt huet.

Jo, beim Moschen hat ech se verluer.

War dat keen Interessekonflikt? Deng Positioun als Animateur auszenotzen, fir dass d’Nolauschterer deng Saachen erëmsichen?

Dat ass einfach ee Bonus vu menger Aarbecht. Mee leider hat kee se fonnt ... Also jiddwerfalls sinn ech intrigéiert, wéi déi Foto wäert ausgesinn – ech am Fussballstricot an ouni Berri um Kapp. Wann hien et fäerdegbréngt, mech gutt auszegesinn ze loossen – dann all Respekt.

Du kléngs éischter gutt gelaunt. Ass dat ustrengend ëmmer gutt gelaunt ze kléngen?

Nee, well ech maache mäin Dramberuff. Ech spillen hei meng Musek a begleeden d’Leit an hiren Dag eran. Wann ee mer a menger Jugend gesot hätt, du gëss Radiosanimateur, dann hätt ech geäntwert „ze cool“. Natierlech muss ech mech heiansdo awer och mam metaphoresche Fouss rennen, fir professionell ze bleiwen. Well ech natierlech och een normaalt Liewe mat klengen a grousse Problemer hunn, am Trafick hänkebleiwen, Kanner, Dokter, Ex-Frëndin, Finanzen.

Um wéi vill Auer stees de Moies op?

Géint hallwer fënnef. Als Fussballsjunkie ass dat net ëmmer einfach. Ech géif owes gär Matcher kucken.

An da bass de spontan, wann s de bis virum Mikro sëtz oder ass dat kuratéiert spontan?

Déi kleng Spréch tëscht de Lidder oder déi Kommentare virun oder no der Presserevue sinn tatsächlech spontan. Mee verschidde Formuléierunge fir d’Sendungen ze lancéieren, déi iwwerleeën ech mer den Dag virdrun. Reaktioune kréien ech awer éischter fir déi spontan Afäll. Den Moien hat mer eng Frëndin een Audiomessage hannerlooss a gesot et hätt gutt gelaacht iwwer de Fait, dass ech sot, dass d’Villercher sou schéi sangen ... wa se net erfruer sinn …

D’lescht Woch has de d’Nolauschterer opgefuerdert den Invité vum Dag an de Video-Stream kucken ze goen, fir dass een dem Rick Mertens seng nei Frisur ka gesinn …

... dat huet hie mir als Teaser op d’Blat geschriwwen. Do war ech och ganz iwwerrascht a si bal iwwer d’Wierder gefall. De Rick weess, dass ee mir och scho mol eng manner seriö Wendung kann dohileeën.

Deng Stëmm leeft esou munche Leit hannendrun. Du weess awer net wiem.

Ech weess, dass ech gelauschtert ginn, wëll ech ginn op meng Aarbecht ugeschwat. Et gi Leit, déi soen: „ech stinn all Dag mat dir op“. Dat freet mech! Mee net jiddwereen dee mat mir opsteet, kennt mäi Gesiicht, dat ass ee Virdeel géigeniwwer Fernsee-Presentateuren. Awer nëmmen heiansdo ginn ech vun Hondsfriemen iwwer d’Stëmm identifizéiert. Ech krut allerdéngs och schonn Hate-mails.

Wëlls de dat ausféieren?

Gären! Dat war de Kleeschen-Gate 2019. Virum Studio war deemools d’rout Luucht un, wat bedeit, dass ee Live op Sendung ass. An du koum de Kleeschen eran an de Studio a sot „Ho ho Simon“. Ech hu mech geiergert: „Kleesche, weess Du net, dass ee bei enger rouder Lued dobausse bléift? Géi raus, Kleeschen.“ An hunn em gedreet mam Houseker ee Wuert ze schwätzen. Dunn koum eng Mail, dat wier ënner aller Sau.

Elo nach ee méi erfreelechen Ofschloss. Wéi ee Lidd spills de am Moment am léifsten?

D’Lëtzebuerger Sängerin Marcy mat Johnny oder en House-Remix vun Ring Ring Ring vun De La Soul.

Stéphanie Majerus
© 2023 d’Lëtzebuerger Land