Luxemburgensia

„Mäi Stammbam stécht voller Beem“

d'Lëtzebuerger Land du 21.05.2021

D’Kuerzgeschichte-Rei op Lëtzebuergesch Timba geet an eng nei Ronn. D’Publikatioun Nummer 13 trëtt daper eleng op de Plang: Weeër a Spueren heescht d’Geschicht. Et ass dem Yorick Schmit seng véiert Publikatioun a Kuerzformat bzw. vu Kuerzgeschichten, nieft dem dëst Joer verëffentlechte Kannerbuch D‘Sandmeedchen. Weeër a Spueren ass eng ronn Familljegeschicht, déi mat Hëllef vu verschiddene Beem erzielt gëtt, Beem di em d’Haus, d’Duerf oder am Bësch nobäi stinn oder Helzer. An typescher Manéier vun den Timba-Hefter ass et eng kuerz Kuerzgeschicht op 40 Säiten, déi eng kompakt, schéi ronn a gutt gemaache Familljegeschicht verzielt.

„Mäi Stammbam stécht voller Beem“, ass den éischte Saz vum Text, deen sech op d’Spuere vun de Beem mécht, di d’Familljegeschicht matbeaflosst hunn, an op de Weeër wandelt, vun deenen si verzielen. Si all verkierpere besonnesch Momenter am Liewe vun der Famill an déngen als Erënnerungsstétz: Well den Erzieler verzielt d’Familljegeschicht fir säi Bouf, deen e ronderëm féiert, vun engem Bamstomp am Bësch zu de Kifere bei de Minne bis bei e geschnëtzte Fuuss. Dat ass eng flott Manéier, fir och d’Lieserinne mat op den Trëppeltour duerch d’Familljegeschicht ze huelen a vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg ze verzielen. Unhand de Beem am Bësch gi Schlësselmomenter am Liewe vu jee engem Member vun der Famill, vun enger Generatioun zur anerer, verzielt. Zum Beispill vum Ururgrousspapp vum Erzieler, deen Holzfäller war, awer net bei engem Aarbechtsaccident gestuerwen ass. D’Geschicht vun der Ururgroussmamm, der Grousi Léini, a wéi si den Ururgrousspapp Claude kennegeléiert huet. D’Geschicht vun der Urgroussboma Charlotte, déi sech verkleet huet fir an de Minnen ze schaffen – oder d’Geschicht vum Bopa Josi a sengem Frënd aus dem Bësch. A wéi all Bam un ee Familljemember erënnert, erënnert och all Geschicht dorun, wat déi Generatioun gepräägt huet; wat d’Schlësselmomenter an der Geschicht vu Lëtzebuerg zu dem Zäitpunkt waren. Et geet em d’Emigratioun an Amerika op der Sich no enger besserer Zukunft ugangs vum 20. Joerhonnert, d’Aarbecht an de Minnen an den Zweete Weltkrich.

Woubäi opfält, dass den Zweete Weltkrich eesäiteg an dës Episod - au final - souguer positiv besetzt duergestallt gëtt. De Bopa Josi, de Papp vum Erzieler, fënnt bei engem Sträifzuch duerch de Bësch e verletzte jonken Zaldot an der Uniform vun de Preisen. Och wann et e richtege Preiss ass – an net, wei de Josi ugangs duecht, e lëtzebuergeschen Deserteur – hëlleft de Josi him a bréngt em Iessen. Et ass eng Geschicht iwwer Frëndschaft an d’Mënschlechkeet vum Josi, dem gudde Samariter, deen trotz alle Virbehalter géint de Preiss net dem Feind, mee engem Verletzten hëlleft. Eng Geschicht iwwer déif Frëndschaft. Et ass eng Geschicht aus Kannerperspektiv – an deementspriechend bitt se e bestëmmte Fokus op de Krich, wei eben e Kand en erlieft kënnt hunn. Awer trotzdeem. Et ass alt eng Manéier, d’Geschicht ze verzielen, d’Schlësselmomenter vum 20. Joerhonnert, zu deenen eben och den 2. Weltkrich gehéiert, mee et ass erstaunlech, dass deen a literareschen Texter oft an dëser oder änlecher Form optrëtt: Bewosst em den historesche Kontext, mee onschëlleg, selte subversiv, mat souguer gudde Protagonisten.

Mee dat ëmzewerfen ass guer net de Programm vun dëser Geschicht, déi d‘zwanzégst Joerhonnert a grousse Schrëtt duerchleeft an d’Schlësselmomenter opgräift, wéi se ebe sinn. Eng Familljegeschicht unhand vun engem Material: dem Holz, der Zäit, déi d’Héicht vun engem Bam oder d’Alter vun engem Stamm moossen; eng Geschicht, déi duerch dëst gutt agebonnent Motiv liicht an a sech ronn ass, an esou 100 Joer op di puer Säite banne kann.

Yorick Schmit: Weeër a Spueren. Edition Kremart (2021). Timba N°13. 40 Säiten 4,00 Euro

Claire Schmartz
© 2023 d’Lëtzebuerger Land