Luxemburgensia

„Fir mech war dat normal”

d'Lëtzebuerger Land du 22.11.2019

A sengem Liewen hat d’Laura et alles anescht ewéi liicht. An och haut nach hëlt d’Vergaangenheet hatt heiansdo an a schléit et mat enger Depressioun. Dat ass keng Laun, déi erëm einfach esou vergeet, mee eng Krankheet. All eenzelen Dag erschéngt him ewéi en onbezwéngbare Bierg, all Schéines ewéi Hohn. Mee well verdrängten Erënnerungen ewéi Loftballone sinn, déi, wat ee méi versicht, se ënnert Waasser ze drécken, just ëmsou méi séier erëm un d’Uewerfläch kommen, decidéiert hatt, sech ze erënneren. No an no schafft hatt eng Kandheet op – an erzielt, géint d’Vergiessen, géint eng Kultur vum Net-Driwwer-Schwätzen an Ewechkucken. An Ech-Perspektiv geschriwwen, ass et eng intim a schrecklech éierlech (fiktiv) Geschicht, déi hautno mat duerch traumatesch Erliefnesser hëlt.

„Ech froe mech, ob ech Iech mat op dës Rees a meng Vergaangenheet kann huelen. Ob ech dat ka veräntwerten. Nach ass Zäit, d’Buch zouzeklappen. Ech weess, dass ech mir mat dësem Buch Tabuthemen erausgesicht hunn, mä ech fannen, dass een och iwwert déi schwätzen a schreiwe soll. Se verschwannen nämlech net, wann een se ignoréiert. An d’Problemer scho guer net.“

Scho fréi erlieft hatt Gewalt an engem futtissen Elterenhaus. Seng Sich no der Léift an Opmierksamkeet ass komplizéiert. Seng Elteren hu selwer Schwieregkeeten, mat sech, hirem Liewen an dem Schued, deen Alkoholismus uriicht, eens ze ginn. Mee et bléift net dobäi, dass net gutt no him a sengem Brudder gekuckt gëtt. Et gëtt och express ewech gekuckt. Kee wëll eppes gewosst oder gesinn hunn, an nach manner eppes dogéint maachen, dass de Papp dat eeleft Joer alt Meedche systematesch vergewaltegt. De grousse Brudder mécht sech duerch d’Bascht; den Monni accu­séiert hatt, ze léien. Nom Doud vum Papp geréit d’Laura vun enger Fleegefamill an di nächst, leeft ëmmer erëm fort.

De Liewenswee ass schwéier ze meeschteren, mee d’Laura hëlt een Dag nom aneren an Ugrëff. Heiansdo huele seng Dämonen, wéi hatt se nennt, hatt erëm an. Och wann d’Laura ufanks mengt, alleng mat senger Trauer eens ginn ze mussen, hëlt hatt sech schlussendlech professionell Hëllef – fir sech, fir seng Kanner, fir dass si alleguer eng Zukunft hunn. An dat ass wichteg un dësem oft grafeschen a schockéierenden Text, dee vill an eescht Tabuthemen uschwätzt a krass Szeene verzielt: E weist, dass een och mat de Läinzeechen an Traumata staark ka sinn. Dass ee keng Schold dorun huet, wat anerer engem ugedoen hunn. Dass een driwwer schwätze muss, an dass och an der Trauregkeet Stäerkt leie kann: am Courage, se unzëerkennen an ze meeschteren.

Dem Jessica Mersch säi fiktive Roman verzielt mat erschreckend kloere Biller eng haart Geschicht vun Ofhängegkeeten an dem Ëmgang mat Depressioun, an hannerfreet d’Verantwortung vun der Gesellschaft. Alkoholismus, Mëssbrauch a Suizid si schwéier Themen, déi onverhuelen ugeschwat an och duergestallt ginn. Leider flitt den zweeten Deel vum Roman am Géigesaz zum éischten, ewéi am Zäitraffer duerch d’Jugend bis an d’Erwuesseneliewen. Et geet hin an hir, Zäit­spréng maachen et méi schwéier, sech anzefillen. Di nei Figuren am Entourage erschénge manner reell ewéi d’Elteren, déi esouwuel voller positiver ewéi och negativer Facettë sinn. Et ginn ëmmer méi Themen agefouert, sou dass se éischter ewéi Schabloune wierken an net méi an der Déift behandelt kënne ginn. Passéiert elo eppes, kann et sinn, dass ee schonn e puer Säite spéider un engem ganz anere Punkt ass. Dat ass schued, well grad déi grujeleg Proximitéit zum Erzielten an der éischter Hallschent d’Lieser esou mathëlt, dass et schwéier fält, den Text ze vergiessen. Léiwer hätt ee méi an deem onmëttelbare Stil geliess, och wann et en schwieregt, schrot Thema behandelt.

Jessica Mersch: Lieweg. Een Dag nom aneren. Roman. Editions Schortgen, 108 Säiten 13,50 Euro.

Claire Schmartz
© 2020 d’Lëtzebuerger Land