Mat Vitess an Humor: De neie Band mat Kuerzgeschichte vum Guy Rewenig

Décke Kaméidi mam Elektricitéitswierk

d'Lëtzebuerger Land du 15.04.2022

Dem Guy Rewenig säi neie Band mat Kuerzgeschichten huet de villverspriechenden Titel: Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektrizitéitswierk. Scho bal eng Geschicht fir sech, esou e laangen Titel. “Den allerlängsten”, fir et mat de Wieder vun der Figur Wolak aus der Geschicht “Geforen a Virdeeler vum Sonndesjogging” aus dësem Buch ze soen: “Wann ech e mat den Titele vu menge Kollege vergläichen. Déi sinn ëmmer séier ausser Otem, wann et ëm den Titel geet. (...) Wann ee scho kee laangen Titel fäerdegbréngt, soll ee guer net ufänken, e Buch ze schreiwen.” An deen heiten huet souguer eppes mat den „onméigleche“ Geschichten, wéi den Ënnertitel se nennt, ze dinn. Onméiglech? Ma jo, onméiglech, wat déi eng opféieren an dëse lëschtege, ëmmer erëm rasante Geschichten am typeschen humorvollen Toun vum Guy Rewenig.

An de néng Kuerzgeschichten leieren mer di ënnerschiddlechst Figuren kennen: E Museksproff aus dem Conservatoire, deem seng Visaskaart enges Daags vun engem Automat agezunn gëtt, wouropshin hie no an no seng ganz Identitéit a seng Plaz an der Welt verléiert. Et geet em eng Koppel, där hir Sich nom perfekte Faarwtoun fir hir nei Fassad an d’ Éislek féiert, wou d’Situatioun kippt an et séier guer net méi em d’Fassad geet. Oder eng aner Koppel a Corona-Zäiten, déi hir gewinnte Summervakanz op de Vierwaldstätterséi elo op Balkonien organiséiert, mat enger Bidden voller Waasser. Bis aus dem Dram no Gemittlechkeet doheem eng regressiv a beklemmendend Realitéit gëtt. Oder sief et en Direkter vun der Nationalbibliothéik, dee keng Bicher méi gesi kann. A natierlech gëtt et do och nach den Herkull, dee sech am Schoulministère onbeléift mécht, a sou munch aner Figur.

An all dësen Texter stinn d’Mëssverständnesser an hir absurd Resultater am Fokus. Ironie an Humor ginn den Toun un a Zeenen, di ëmmer nëmme méi schlëmm ginn, well vun Ufank un eppes kromm war – och wann een dat net direkt gemierkt huet. Dass et ëmmer erëm em Koppelen mat hire verfuerene Gewunnechten a Manéieren mateneen ze schwätzen geet, erënnert och un d’Absurditéit vun de Mustiken an de Streiselen am Guy Rewenig sengem leschte Buch mat Kuerzgeschichten Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch (2020). An der Kuerzgeschicht “Well” goung et do em eng Koppel, déi sech hiren Ausfluch op de Stauséi ëmmer méi ëmständlech organiséiert, bis een sech herno freet, op dat Ganzt dann iwwerhaapt Spaass mécht. Och an deem Buch waren d’ Kuerzgeschichten iergendwéi “schräg”, lëschteg an hirer Onwarscheinlechkeet a sinn genee sou schnell an mat onerwaarten Resultater eskaléiert wéi am Herkull Heng.

Zur Vitess vun de Geschichte, déi sou vill Spaass beim Liese mécht, dréit och den zackegen Tounfall vun de Kuerzgeschichten bäi: D’Lieser ginn direkt an di ënnerschiddlech Zenarien era gerappt, sief et duerch en kräftegen, éischten Saz – si sinn oft e richtegt Statement, knätschbumm!, eng Stäerkt vun den Texter – oder en Monolog, deen eis d’ Banneliewen vun enger vun de Figuren weist an hir Vue op d’ Welt méi no bréngt. Egal wéi absurd et gëtt, et bleift een derbäi, matten dran. An sou schwätzen d’ Texter och indirekt iwwer Themen, déi eppes mam Liewen an eiser Gesellschaft ze dinn hunn. Mat onsen Bezéiungen a mat den Manéieren, mateneen ëmzegoen an ze schwätzen.

Heiansdo erschafe verschidden Perspektiven op een Erliefnes, déi eng no där aneren verzielt ginn, Widderspréch, bis schliisslech guer net méi kloer ass, wat am Fong passéiert ass. Eng Ausso, di als éischt direkt gegleeft gouf, well se sech als „Setting vun der erzielter Welt“ präsentéiert, gëtt kuerz drop komplett widderluecht. Ah, de gudden alen onzouverlässegen Erzieler! Sou gëtt engem op eemol erëm bewosst, wei flexibel des Andréck sinn. Dass et vläicht guer net em d’ Handlungen an di absurd Geschicht geet, mee éischter em d’Dynamik tëscht de Figuren. An déi ginn nëmmen gewisen, net erkläert, wat immens ass. Dat ass de Fall bei der Messergeschicht “Schaarf Kéier”, wou ugangs d’ Schnëppelkonscht vum Mario bewonnert gëtt, wann hien Geméis schneit ... bis d’ Geschicht di programmatesch schaarf Kéier aleet a net méi gewass ass, ob d’ Vue vun senger Mamm, déi e bewonnert, stemmt, oder déi vun der Nopesch, déi eng ganz aner Siicht op alles, wat passéiert ass, huet ... An nach manner, wéi wäit se alle béid stemmen, oder och iergendeppes dertëscht, fir dass d’ Geschicht esou viru goe konnt, wéi se ausgaangen ass.

A richteg  gelongen mat hirer einfacher Form, an där knapp eng immens eendeiteg an dicht Stëmmung erschaf gëtt, ass d’ Geschicht „Vollekssport“: Noeneen kommentéieren sech Aussoen vu Leit, di just mam Familljennumm genannt ginn. Knaschteg gëtt gelästert, wéi een et kennt, den Toun präzis an den Contenu vun de Gerüchter mat spatzer Zong erzielt, béiswëlleg a lëschteg. Et ass wéi am Spill “Ich packe meinen Koffer”: D’Rumeuren ginn ëmmer méi laang. Dobäi geet et net nëmmen em en Spill mat der Form. Och wann et eng orchestréiert Collage vu Gemauschels ass, kann een sech den Toun, jo souguer d’ Figuren mat hiren typesche lëtzebuergesche Nimm, de Schmit an de Wilwers an de Michels, an enger lëtzebuergescher Zeenerie virstellen, um Wäifest zu Éinen, zu Gréiwemaacher oder zu Greiweldeng, um Futtballsmatch zu Hesper, Esch oder Déifferdang. Déi animéiert Dialogen werfen d’Fro op, firwat den Auteur am Fong net och Stécker schreift.

Guy Rewenig: Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk. Onméiglech Geschichten. Lëtzebuergesch. Editions Guy Binsfeld 2021. 304 S. 20 euro

Claire Schmartz
© 2022 d’Lëtzebuerger Land