Films made in Luxembourg

Krëschtdag ouni Iesel

Den Änder (Jung) an de Philippe (Thelen)
Photo: Samsa/Artémis
d'Lëtzebuerger Land du 29.11.2019

„Eng Tut ewéi eng aner“ wir et, seet den Änder iwwer déi plastiks Tut, déi virun him um Dësch läit. Et ass ee vun deene komeschen Amenter am Liewen, wou et esou vill ze soe géif, dass kee wierklech eppes ze soe weess – well en nët weess, wou ufänken. Den Änder sëtzt do an deem ellenen hëlzene Chalet bei engem Eckdësch, op deem eng elle gemustert Toile cirée läit mat sengem Jong, dem Philippe, a pro-
béiert ze schwätzen. E Jong, deen der elo iwwer drësseg ass, mä deen e fir d’éischt a sengem Liewe gesäit. Eréischt viru kuerzem huet d’Mamm dem Änder Bescheed gesot, dass en e Jong mat hir hätt, hir Relatioun war deemools keng stabil. A well den Änder parallel gewuer ginn ass, dass en esou krank ass, dass en nëmmen nach sechs Méint ze liewen huet, wollt en de Jong awer kenneléieren. An elo sëtze se do. Et ass alles e bëssen awkward – den LOD (Lëtzebuerger Online-Dictionnaire) huet och keng besser Iwwersetzung fir dat Wuert ewéi „onkamoud“ –, an dofer schwätze se dann op eemol iwwer déi Tut, déi do läit. Déi Zeen ass esou staark, esou representativ fir dee Film, dass de Produzent Bernard Michaux (Samsa) souguer en Totebag mam Sproch „Eng Tut ewéi eng aner“ maache gelooss huet. No der Pre­mière de leschte Freiden an der Zinemathéik stoung den duebelen Änder (deen aus dem Film, also de Schauspiller Änder Jung) an der Mëtt vun där riseger Equipe vum Film virum Ecran, mat der „Tut ewéi eng aner“ vru sech. Domat ass de Film eigentlech scho resuméiert.

De Buttek ass deen éischte laange Film vum Schauspiller Luc Feit no engem Theaterstéck (Homekrimi) an e puer Kuerzfilmer (Ferkel, 1998; Dessous, 1999; W, 2003; Ibijazi, 2011). Et ass awer kee klassesche Film, mat Dréibuch a Casting anesouweider, mä et war eng Idee vum Bernard Michaux, de Luc Feit ze froen. An deen huet du mam Guy Helminger d’Konzept ausgeschafft: De Buttek ass en Improvisatiounsfilm. Mat just enger Grondiddi: den Änder, e chef d’entreprise, deen eng Chaîne vu siwe Butteker mat Gesondheetséquipementer huet, rifft seng Leit zesummen, wéi all Joer Krëschtdag. Mä d’Betribsfest an engem Hotel dem Hond hannen, gëtt a Wierklechkeet dës Kéier e bësse méi stramm, well de Mann e Successeur sicht, deen d’Butteker kéint iwwerhuelen. An dat gëtt décke Buttek – den duebele Sënn vum Titel ass keen Zoufall.

De Buttek ass haaptsächlech eng Libeserklärung vum Luc Feit u seng Schauspillerkollegen. En huet, mat e puer Ausnamen, all déi zesummekritt, déi e gären huet, a léisst se gewäerden. Do ass natierlech als éischt den Änder Jung, incontestéierte Pater familias vun deem ganze Clan, dee sech net duerch Zoufall an enger Zeen, där vum Owendiessen, ronderëm hie schäert wéi an der Bibel. All d’Schauspiller hunn hir eege Virnimm an hire Rollen, a wann de Chef se beschreift, weess een ni, wéivill dovunner fir d’Figur a wéivill fir de Schauspiller gemënzt ass. De Germain (Wagner), deen e scho laang kennt, de Luc (Schiltz), de Chaot, deen hei mam Fabienne (Hollwege) be-stuet ass. Hatt hätt eigentlech gutt Chance gehat, fir d’Geschäfter ze iwwerhuelen, wir do nët d’Sophie (Mousel) gewiescht, dat, iwwerdiplo­méiert a frësch dobäi, vläicht grad besser ugesinn ass. Dat well d’Esoterikerin Catherine (Jahnke), dat hei immense ass mat sénge Macken a Phobien, awer op jidfer Fall nët einfach esou akzeptéieren. An d’Anouk (Wagener) mengt souwisou, dass d’Haaptroll him zousteet. D’Valérie (Bodson) kënnt wei ëmmer ze spéit, versteet näischt (hatt ka just Franséisch), kritt da keen Zëmmer méi a fënnt dat Geméchs ëm Geld a Muecht souwisou zimlech oninteressant. Dotëscht ass dann de Patron vum Hotel Dirbach Plage, nieft der Sauer: de Martin (Engler) weess, dass säin Etablissement um Enn ass, iwwerall reent et eran an d’Cliente bleiwe scho laang fort. Mais hien hëlt et mat Fassong – an ëmmer deem richtege Schnurri oder Costume, jee nodeem ob e grad Concierge, Barmann, Serveur oder Botzfra ass. Vu dass den Engler souwisou ëmmer all Mënsch un d’Wand spillt, matt senger onmoosseger Präsenz a sengem natierlechen Don zum Slapstick (sëng Nuesepäif ass och neess dobäi), mécht hien och aus dëser Nieweroll eng Haaptroll. Da gëtt et nach e Vertrieder vu Rollatoren (Klaus Nierhoff), e (falschen) Notaire (Jules Werner), an …den Iesel Claudia, dee fir d’Vrecken nët wëll bei d’Krëppche stoe goen (de Martin, dee probéiert, fir e mat enger Muert aus dem Bësch ze lackelen, ass einfach groussaarteg).

Natierlech wosst den Änder, dass d’Leit geierzech sinn a just op de Su – de Luc Feit hat dat schonn zum Thema vu sengem Stéck Homekrimi (2002) gemaach, wou eng eeler Koppel hier Kanner mat Geld wëll erëm heiansdo heem kréien. Dofer huet en de Philippe geruff, deen als Bléck vu baussen dem Public en Abléck an dee ganzen Zodi gëtt. A fir dat Ganzt ze démaskéieren.

Déi grouss Fro ass also um Enn: klappt de Film? Geet dat, Schauspiller improviséieren ze loossen? (Si wossten zum Beispill net, dass dee Philippe ­géing dobäi kommen). D’Äntfert ass …jein. Engersäits sinn et wierklech e lauter excellent Schauspiller a Schauspillerinnen, déi meescht aus dem Theater, a si hu ganz offensichtlech décke Spaass gehat, déi zwou Wochen, wärend deene se d’lescht Joer ëm dës Zäit zu Déierbech sutzen, 24 Stonnen op 24 beieneen, an eeben improviséiert hunn. Et laacht ee wierklech immens dacks, heiansdo mat hinnen an de running gags (wéi dee penibele Kleeschen, dee séngt, oder dee gran­diose Geste, einfach ëmmer alles dat nervt an d’Sauer ze puchen), heiansdo och iwwer si (d’Valérie, dat einfach nët zum Zock kënnt, oder dem Anouk säi mëssrodene Karaoke...) De Philippe Thelen ass eng richteg Revelatioun a sengem zréckhalende, mä intensive Spill (1988 gebuer, huet en zu Stuttgart Thea­ter geléiert a spillt elo am Ensemble zu Osnabrück; am Kino war en bei Eng nei Zäit vum Christophe Wagner an am Mammejong vum Jacques Molitor ze gesinn). De Kameramann Tom Bierbaumer dréint dat ganzt mat enger oder méi nervöse Kameraen, wéi fir en Documentaire, e pecht un der Aktioun.

Mä anerersäits aart d’Geschicht och aus. A besonnesch an der zweeter Hallschent vum Film versteet een nët méi richteg, wou et soll higoen. Op eemol gläicht d’Experiment éischter engem Jonggesellen-abschid wéi engem Film (déi Rollator-Course ass just peinlech). A wa se dann all bei deem falsche Kranken defiléieren, gët een op eemol nët méi eens. Dofer gesäit een dann de Luc Feit als… Luc Feit am Bild, dee, wéi en Deus ex machina eppes seet ewéi „also fir mech ass et kloer“. An dat ass dann och ok.

De Film ass elo an de Kinoën uechter d’Land.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land