Komplex Verben

„Kapitalerheijung bei Cargolux: Staat klëmmt mat eran”

d'Lëtzebuerger Land du 11.02.2010

D’Iwwerschrëft hunn ech den 01.12.2009, an der Editioun vun der RTL Dageszeitung um Internet gelies. E puer Zeilen duerno dann den zweete Saz: „Dat huet déi Lëtzebuerger Cargo-Fluchgesellschaft […] matgedeelt“. Paus. Ech halen op mat liesen. Net well mech dat Thema iergendwéi kal léisst (Majo, a Krisenzäite muss een sech dach fir d’Wirtschaft intresséieren). Och net well ech un der Lëtzebuerger Sprooch, déi d’RTL Zeitung verdéngschtvoll gebraucht, iergendeppes auszesetzen hätt (Esou Meckereien iwwerloossen ech deene Knouterer, déi mengen, si missten hir Sprooch stänneg an d’Botz droen). Neen, ech hunn aus Déformation professionnelle opgehal mat liesen, well ech – d’Grammatiker si jo alt och emol Gelungener – op en Detail gestouss sinn, dee glat an d’Bild passt, dat mech de Moment beschäftegt: d’Prag­matik vun de komplexe Verben.

Do hu mer am Titel, getrennt geschriwwen, klëmmt mat eran an dann am zweete Saz, zesummegeschriwwen, matgedeelt. Am Infinitiv gëtt dat: mat eraklammen (den ‘n’ vun eran fält am Composé ewech: mat eranzeklammen) a matdeelen (matzedeelen). Am Partizip: mat erageklommen a matgedeelt. Bon. Elo gëtt et awer och Lieser, déi mat eraklammen léiwer zesummeschreiwen. Präzis legal Virschrëfte gëtt et fir dee Fall keng am Text vun 1999. Stäipe kann een sech nëmmen op d’Ausso vun 1975: „Gemengerhand hale mer äis un d’héidäitscht Wuertbild, dat mir gewinnt sin, wou et néideg as, och un dat franséischt“. Dat bleift awer extrem flu, ëmsou méi an der Tëschenzäit déi offiziell däitsch Schreifweis och reforméiert gouf. ‘t muss een also verschidde Fäll ënnerscheeden1.

An, fir d’éischt, déi ganz Rëtsch vun ontrennbare Verben, déi mat engem onbetounte Präfix ufänken: be’-, em(p)f’-, ent’-, er’-, ge’-, ver’-, zer’-, mëss’-, hanner’-. Grad well d’Präfixen net betount sinn, kritt keent vun dëse Ver­ben een zousätzlechen -ge- am Partizip. Den eventuellen ze am Infinitivgrupp steet getrennt virum Verb: begoen, begaang, ze begoen.

Méi rar sinn d’Verbaliséierunge vu komplexe Lexemen aus anere Klassen. Si verhalen sech wéi ontrennbar Verben: buschta’wéieren, ‘langweilen, (ge’langweilt, ze ’langweilen, mä wéinst dem Accent op enger anerer Silb wéi der éischter ouni ge-: buschta’wéiert).

Schwéier fir Romanophonen, déi eis Sprooch léieren, si komposéiert Ver­ben, déi am Infinitiv mat deeneselwechte Konstituenten ufänken. Jee no der Bedeitung funktionéiere se wéi onbetount ontrennbar Präfixen oder wéi betount trennbar Partikelen. Heihi gehéiere Verbe mat de Wiesselpartikelen (particules mixtes) duerch-, ëm-, ënner-, iwwer-, widder- a voll-.

Méi liicht ass leschten Enns de Gebrauch vun deene Präfixverben, déi aus anere Sproochen (meescht aus dem Franséischen) transferéiert sinn. Si sinn ontrennbar: demissionéieren, desavouéieren, diskutéieren, kontersignéi­eren, transportéieren.

Déi grouss Schwieregkeete kommen eréischt mat den trennbare Verben. Dat si komplex Wierder, déi am Infinitiv an am Partizip II zesummegeschriwwe ginn (den eventuellen ze am Infinitiv oder ge am Partizip kënnt tëschent d’Partikel an de Rescht vum Wuert: uruffen, unzeruffen, ugeruff) an och wann d’Verb an Ennpositioun steet (d.h. net an 1. an och net an 2. Stellung): Ech wëll si uruffen, datt ech si wëll uruffen/ruffe wëll, datt ech si uge­ruff hat, mä: Ech ruffe si un. Ruff si un! Ënner deenen trennbaren éisch­ten Deeler mussen dann nach verschidde Klasse vu Partikelen ënnerscheet ginn.

Elementer aus ënnerschiddleche Klassen: a(n)-, aus-, bäi-, duerch-, ëm-, ënner-, fort-, hei-, hier-, hi(n)-, iwwer-, laanscht-, lass-, mat-, nidder-, no-, of-, op-, u(n)-, vir-, viru(n)-, weider-, widder-, zou-. Mat der Betounong op der 2. Silb: ent’géint-, géint’iwwer-, vi’raus-. Dobäi och déi laang Serie vun Duebelpartikele mat er-/(e)r- (op Däitsch her- an hin): (e)ra(n), (e)raus, erbäi, (er)duerch-, (e)rëm-, (e)riw­wer-, (e)rop-, (e)ru(n)-, ervir-.

Denominaliséiert Substantiven als Rescht vu festen Nominal- oder Präpositionalgruppen: deelhuelen, heemfueren, präisginn, standhalen, uechtdoen, wéidinn oder: (e)wechgoen, ze’rechtmaa­chen, ze’rotkommen, ze’réck-/zréckleeën, ze’summefalen. Normal Nominal- oder Präpositionalgruppe ginn awer getrennt geschriwwen: Angscht hunn/an Uecht huelen.

Demonstrativadverben, déi eigentlech ëmgekéiert fest Präpositionalgruppe sinn. Si hunn eng allgemeng Bedeitung: derbäi-, derfir-, dergéint-, derniewent-, dertëschent-, dervu(n)-, derwidder, derzou-, do-, dohi(n)-, dohier-, dra(n)-, drënner-, drop-, dru(n)-, duer-. Mä aner Pronominaladverbe wéi déi géigesäiteg -enaner/-enee(n) gi meescht getrennt.

Semantesch verblatzten Adjektiver, déi an der Globalbedeitung vum Verb weder geännert nach erweidert kënne ginn: doutschloen, feststellen, lassgoen, stallhalen, volltanken, kabott-/futti-/vrecktschloen. Getrennt geschriwwe ginn déi aner Adjektiver, speziell déi op -eg, -esch, -lech an déi mat den Hëllefsverbe sinn a ginn.

Déi meescht Zweiwelsfäll gehéieren zu deenen dräi leschtgenannte Klassen. Prinzipiell gëllt d’Getrenntschrei­wen. D’Zesummeschreiwe muss dofir ëmmer begrënnt sinn. Déi däitsch Reform vun 1998/2005 mat hire Retouchë vun 2007 gëtt de syntaktesche Critèren de Virdeel: den éischten Deel vum Composé kann am Kontext net geännert an net erweidert ginn. Dogéint awer gëllt traditionell eng méi semantesch Argumenta­tioun: den eigentleche Sënn vun den éischte Konstituenten ass verblatzt an an der dacks bildlech phraseologescher Eenheet en aneren; dofir gëtt de Composé meescht zesumme­geschriwwen. Mä heefeg gëllt och d’Toleranzregel, d.h. datt jee no der Begrënnung déi zwou Schreifweise méiglech sinn. Fir mat eraklammen hätt d’Getrennt­schrei­wung, vu mir aus, d’Virrecht.

1 cf. F. Schanen/J. Zimmer: 1,2,3 Grammaire, Bd. 1, 12-15; Bd. 3, 101-105; Introduction à l’ortho­graphe luxembourgeoise: Site internet www.cpll.lu. Iwwert den Detail vun de Verben: Luxogramm. Informationssystem zur luxemburgischen Sprache. Site uni.lu (L
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land