Zoom op d’Sprooch

Ee gekachtent Ee a verkraschen Aen

d'Lëtzebuerger Land du 28.03.2014

Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie um Internet, ass an hirer Lëtzebuerger Ausgab ganz nëtzlech. Och wa villes vun deem, wat do iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch gesot gëtt, inhaltlech kéint verbessert ginn, da muss een dach fir d’éischt deene Leit Merci soen, déi do hir Zäit a Wëssen hierginn. Si gi sech vill Méi, sou vill Artikele wéi méiglech bäi-zesteieren, mä och fir deem Ganzen eng sproochlech Eenheet ze ginn, déi schwéier z’erreechen ass. Do sinn dann d’Diskussiounen intressant apaart fir Internetsurfer, déi de Gebrauch vun der aktueller Lëtzebuerger Sprooch wëllen observéieren.

Den 8. Juli 2013 freet zum Beispill e Benotzer, deen och Korrekture mécht, wat de richtege Lemma fir den Artikel: Gekachtent Ee oder Gekacht Ee soll sinn. Wéi am dico.lu, am lod.lu an am éischten luxdico.com, hält hien d’Form mat -ent fir richteg, andeems en anere Benotzer mengt, richteg wier de Partizip 2 vu kachen, dee jo gekacht an net gekachten ass. Hie bezitt sech och op d’Grammaire vum Men (2005), déi niewent der Deklinatioun vum Adjektiv – mengt hien – keng Ausnahmsdeklinatioun géif uginn1. Ee gekachtent Ee hätt vläicht e Liaisons-t, deen an der Méizuel géing ewechfalen oder – dat seet en anere Member – ’t wier e feste Begrëff, eng Ausnahm. Souwisou – mengen déi zwéi Benotzer – wier et net un hinne fir ze soen, wat richteg oder falsch ass. Et sollt ee brav déi Regel uwennen, déi am Grammairesbuch steet, oder gedëlleg waarden, bis déi zoustänneg Kommissioun vum CPLL iwwer d’Zweiwelsfäll géif entscheeden.

Ech kann nëmmen de Wikipedia-Auteure Recht ginn: ’t ass net un hinnen déi sproochlech Zweiwelsfäll ze beäntweren. Déi Leit, déi offiziell d’Autoritéit an d’Geld dofir hunn (den CPLL), hunn am allgemengen net d’Kompetenz fir d’Sprooch z’analyséieren, iwwerdeems déi, déi sech praktesch um Terrain mat dësen Zweiwelsfäll ofginn, als Aussesäiter ofgestempelt ginn a prinzipiell net konsultéiert ginn. Esou eng Situatioun misst natierlech scho jorelaang gekläert sinn, awer – anscheinend – feelt dee politeschen an administrative Wëllen dofir2. Dobäi ginn d’Critèren „richteg/falsch“ net duer, well eng Ausbausprooch wéi eis nach net stabiliséiert (dat heescht standardiséiert an norméiert) ass. Dat ass och de Fall am K1 (Nominativ/Akkusativ) vum N. Sg. bei den deklinéierten Epithèten3.

Schonn um Enn vum 19. Joerhonnert, wéi d’Questionnairë vum Wenker agesammelt gou-fen, ass et bekannt, datt d’Musel erof an am Iechternacher Dräieck d’Adjektiv-Épithète am K1 N. Sg. ouni d’Endung -t gebraucht gëtt: „’t ass schéi Wieder; ech sinn an d’kal Waasser gefall; mäi léif Kand“, soe mir Miseler an net: schéint Wieder, d’kaalt Waasser, mäi léift Kand. Nach nom Zweete Weltkrich insistéiert de Robert Bruch an senge Sproochkaarten4 op dës wichteg Variant, vun där an der Grammaire vum Men 2005 net méi Rieds geet. Do gëtt dann den -t am N. Sg. als eenzeg allgemeng Endung ugeholl. Dont acte. Awer da muss een och mat a Kaf huelen, datt vill Lëtze-buergophonen, déi keen -t gebrauchen, sech net méi an hirer Sprooch erëmfannen.

D’Grammatiker vum 19. Joerhonnert hunn och an Uecht geholl, datt den -e, -en an -t- an eiser Sprooch zimlech labil sinn. Mam „Schwa“-e, mam Schluss-n vun der Eifeler Regel, mat den Assimilatioune vun -t-, -d-, -s- an den Nasalsequenzen -nt/nd/ns-, hu mer allkéiers eng Reduktioun vun der Sequenz. Mä et kann och zu enger Verlängerung kommen, wéi an deem Fall, wou bei deklinéierten Epithèten en zousätzlechen -en derbäi kënnt5.

Sou bei de „schwaachen“ Partizipien op –t. An sengem Précis seet de Bruch, datt „attributiv gebrauchte Partizipien schwacher Verben geläufig durch -en erweitert werden“ (§ 25,7 d, S. 84). Hien zitéiert: en zesummegepecht(ent) Bild, e gepant(ent) Päerd, eng gefléckt(en) Auer, am geméit(en)e Gras. Aner Beispiller sinn am K1 F. a Pl. eng geschwate Sprooch, geschwate Sproochen; am K1 N. en zerbranntent Haus an am K1 Pl. gekachte Gromperen, gewënschte Bicher. Den zousätzlechen -en ass net ëmmer fakultativ. En ass och am K2 Pl. méiglech: verwinnte Leit mat verwinnt(en)e Kanner, an deene geschwat(en)e Sproochen, mat ausgelooss(en)e Kanner. Am K1 Sg ass et ee lues gekachtent Ee an am K1 Pl. lues gekachten Eeër. Am K2 Sg: mat engem lues gekachten Ee an am K2 Pl.: mat lues gekacht(en)en Eeër.

Well déi sougenannt(e) Superlativform um Enn -st- huet, ass et och verständlech, datt se en zousätzlechen (meescht fakultativen) -en kritt. Beispiller aus der Grammaire vum Men sinn (§§ 110 an 112) am K1: dat eelstent Kand, mä dat klengst(e) Geschenk, déi schwéierst(e) Course, déi frechst(e) Bouwen, déi déckst(e) Gromperen. „Eis Sprooch versuergt sech do, wou si hir décksten an déifste Wuerzelen huet“, schreift de Lex Roth.

Méi schwéier ass d’Analys vun den 2. Partizipie mat engem haut labillen „staarken“ -en, dee beim deklinéierten Epithète nees obligatoresch erëmkënnt: mäin Hiem ass zerrass à een zerrassent Hiem; seng Ae si verkrasch a verkraschen Aen. Den -en ass selbstverständlech net op de Neutrum limitéiert: en ugebassenen Appel; ugebassen Äppel; mat ugebassenen Äppel; eng ageschloe Fënster; ageschloe Fënsteren; nieft enger ageschloener Fënster.

Déi allgemeng Deklinatioun vun den Adjektiv-Epithèten ass bekannt6. Si ka méi oder manner detailléiert ginn, däerf awer net ze vill vereinfacht ginn, wéi dat an der Grammaire vum Men de Fall ass7. Den zousätzlechen -en muss onbedéngt an enger Grammaire ernimmt ginn, sief et, well e fakultativ no engem Endungs-t ka virkommen: [déi drëtt(e) Kéier; eng goldbrodéiert(en) Decken; déi déckst(e) Frënn; déi klengst(e) Spléck; gefléckt(e) Schong; gekachte Kéis] oder obligatoresch bei „staarken“ 2.-Partizipien en ewechgefallenen -en kompenséiert [ee verkraschent Gesiicht, ausge-wuessen Däiwelen, beschasse Leit].

1 Cf. S. 97-99. Eng kuerz Allusioun op e weideren -e(n) an der Endung gëtt op der S. 102 gemaach: „superlatif relatif“. Mä d’Grammaire vum Men ënnerscheet net de Partizip vum Adjektiv.
© 2023 d’Lëtzebuerger Land