„Sprooch ass eppes Komesches“

d'Lëtzebuerger Land du 05.01.2024

Leschten Hierscht koume mat Blaustufen vun der Faby Schintgen a Fassad a Substanz vum woxx-Journalist Joël Adami direkt zwee éischt Romaner bei Op der Lay eraus. Wann et u sech begréissenswäert ass, an engem Milieu, wou stänneg déi nämmlecht al Schanken hier méi oder manner relevant Fiktioune verëffentlechen, direkt op zwou nei Stëmmen ze setzen, esou feelt et deenen zwee Romaner leider uerg u... Substanz.

Ee jonke Mënsch verléiert een Dag, wéi en an d’Lach am Buedem, wou fréier den Aldringer war, stuerkt, säi „Glawen un déi lëtzebuergesch Realitéit“ a kënnt ëmmer méi zur Erkenntnis, dass am Grand-Duché alles just Fassad ass an hien an engem Land lieft, an deem d’Leit all just esou maachen, wéi wann.

Dass eis Wierklechkeet net eis Wierklechkeet, mä just eng (schlecht) Theateropféierung wier, ass eng Angscht, déi sech vum Platon iwwert de Shakespeare bis hin zu all zweeten, vum Philip K. Dick sengem Wierk inspiréierte Sci-Fi-Roman zitt.

Fir dem Adami seng Erzielfigur ass se awer am Grand-Duché ëm sou méi justifiéiert, well de ville Wuelstand zu enger Gesellschaft gefouert huet, an där alles méi opgesat, kënschtlech a bleech wierkt, wéi anerwäerts – esou schéngt et him, wéi wann an der Chamber Politik just géif nogespillt ginn a beim Bäcker rassistesch Zeene wéi aus der ADR hirem Dram vun engem méi lëtzebuergesche Lëtzebuerg an enger Dauerschleef géife lafen.

Aus genee deem Grond versicht seng Frëndin Lis, mat där hien zanter kuerzem eppes huet, him dat richtegt Lëtzebuerg ze weisen a féiert hien op Platzen, op deenen een eben net dauernd den Androck erhält, si géifen an de Koup falen, wann een eemol mam Fouss géint eng Mauer stéisst.

En Ausfluch am Flying Dutchman – de Berghain vu Lëtzebuerg, versicht eng Figur e bësse beméit, sech lëschteg ze maachen –, um Bockfiels, op der Aire de Berchem an hire Bierger un Tubak-Eemeren a schlussendlech um Kierchbierg soll am zweeten Deel vum Roman, dee wéi ze erwaarden „Substanz“ betitelt ass, der Haaptfigur hier ontologesch Panik gepléischtert ginn, andeem si op en Tuer duerch „dat richtegt Lëtzebuerg, dat onfgeschminkt, ongeschéint, dat net vun Nation-Branding-Campagnen oppoléiert Lëtzebuerg“, de „Grand-Duché vun den Tankstellen, den Départment [sic!] du Tabac et de l’Essence“ matgeholl gëtt.

A Blaustufen kämpft eng Hausfra mat dräi Kanner an engem Mann, dee méi gläichgülteg net kéint sinn. Eng Affaire mat engem begeeschterte Concertsgänger, deen sech awer net op eppes Eeschtes festleeë wëll an ee Retour an d’Aarbechtswelt ginn awer net duer, hir Onzefriddenheet am Stot ze kompenséieren, a wann si bis erausfënnt, dass hire Mann sech op Datingplattformen erëmdreift an do sichtlech eng nei Léift fonnt huet, tëschent där hie wëlles huet, an enger Zort oppener Bezéiung hin- an hier ze pendelen, platzt der Mel iergendwann net just de Kolli, mä si stellt och fest, wéi stengeg de Wee zur Selbstverwierklechung fir eng Fra an engem reaktionärem Lëtzebuerg ass.

Dass eng Rei Verlagshaiser zu Lëtzebuerg kaum bis kee Lektorat maachen, ass eng traureg Realitéit, déi dozou féiert, dass vill Wierker quasi onvollstänneg an de Rayone vun de Librairie landen. Dat mécht d’Liese vu Fassad a Substanz a Blaustufen zu enger deels iergerlecher Experienz, wärend där een sech dobäi erwëscht, stänneg Feeler, Redundanzen an Inkohärenzen ze verbesseren.

Wou bei der Faby Schintgen quasi op all Säit ee „laacht“, gëtt beim Joël Adami zwar just op all zweeter Säit „gegrinst“, dofir huet am jonken Auteur sengem Roman d’Lach am Aldringer wuel och d’lëtzebuergesch Rechtschreiwung an och hei an do ee Verb verschléckt. Méi schro ass dann awer, wann sech am éischte Kapitel zwou Figuren ee Rendez-vous virun engem Hipster-Café ginn, déi zwee sech duerno awer, wéi anscheinend ausgemaach, virun der Post treffen. Dass an engem Wierk vu knapp 190 Säiten esou Logikfeeler, fir déi am audiovisuelle Milieu ee sougenannte Continuity Editor agräift, virkommen, verstäerkt den Androck, dass den Auteur säi Roman net mat der néideger Fleeg geschriwwen an iwwerlies, ma en e wéineg dohi gemurkst huet.

Et bleift net dobäi, dass déi zwee Wierker just net funktionéieren, well sech beim Verlag keen zoustänneg gefillt huet, se uerdentlech ze iwwerliesen. „Sprooch ass eppes Komesches“, schreift iergendwou dem Adami säin Erzieler, an op der Sich nom richtege Wuert erfënnt hien zwar tatsächlech dräi Neologismen, mat där en d’Lëtzebuerger Sprooch beräichere wéilt (an déi de facto liicht ofgewandelt Friemwierder sinn), oft bleift déi „komesch“ Sprooch awer erstaunlech banal a wéineg geschlaff.

Virun allem awer funktionéieren eng Rëtsch Zeene glat a guer net: Mat Kolleege parodéiert den Erzieler eng Chamberssëtzung wärend enger Sequenz, déi hie gefillt 30-mol als ee vun de witzegsten Ablécker a sengem Liewe bezeechent, wéi wann e géif spieren, dass de Lieser vum selwen net op déi d’Iddi komm wier, iwwert déi wierklech plakativ Parodie, am Verglach zu där Duerf-Cabaret op eemol wéi en Avant-Garde-Theaterstéck wierkt, och nëmmen eemol ze „grinsen“ – och wann ee spiert, dass den Auteur seng Freed beim Verfaasse vum Kapitel hat, mécht de Passage ongeféier esou vill Freed, wéi stonnelaangt Kucke vu Chamber TV.

Och d’Zeen beim Bäcker, bei där ee rosene Rassist eng Bäckesch ubläert, well e säi Croissant op franséisch muss bestellen, funktionéiert net, well et eben net duergeet, an enger Zort postmodernem Selbstbewosstsinn dorop hinzeweisen, dass déi Zeen e Klischee ass, fir der Zeen hier Klischeehaftegkeet ze transzendéieren. Méi interessant Passagen, wéi d’Kapitelen op der Aire de Berchem, am Fly an um Stau, ginn duerch éiweg Widderhuelunge vun de Metapheren („Kuliss“, „Theaterstéck“), sproochlech Ongenauegkeeten an onnatierlech Dialoger gestéiert – wat schued ass, well dem Adami säin Debut Potenzial zum Generatiounsroman hat, trotz dem immens dialekteschen Opbau mat Amenter duerchaus intelligent ass an den Auteur eng Rei Pärele bereet hält, wéi wa beispillsweis säin Erzieler sech wiert: „Ech hu keng Identitéitskris. Ech hunn eng Kris mat der Identitéit vum Land.“

Bei Blaustufen erhält een den Androck, dass d’Substanz vum Roman selwer en eenzegt Uneneereie vu Klischeeën ass, déi déi verschidde Kapitelen zementéieren, e bësse wéi wann de Roman dem Adami senger Figur hier Angscht, ganz Lëtzebuerg wier eng eenzeg Kuliss, wéilt bestätegen. Hei wierkt alles beméit, vun der Kippchen an de sëllege Glieser Wäin – a Blaustufen gëtt esou vill an esou reegelméisseg ee klenge Patt gedronk, wéi am leschte Roman vun der Fred Vargas gefriess gouf – bis hin zu der Aart, wéi Konscht reng dem katharteschen Ofbau vu Frust déngt.

Wann d’Haaptfigur op ee Concert geet, gëtt net eemol gesot, wie spillt, alles wierkt, wéi wann d’Auteurin hier Kapitelen a Situatiounen esou vag wéi méiglech wéilt halen, vläicht, fir der Geschicht méi Universalitéit ze ginn, vläicht awer och, well hier net vill méi agefall ass.

Kanner sinn ustrengend, Männer onsensibel, d’Feierdeeg just mat Glühwäin ze erdroen a beim Shopping gëtt een ze vill Goss aus: Hei gëtt keng Banalitéit ausgelooss, Blaustufen spigelt d’Wierklechkeet ouni iergend en Usproch, doraus eng literarescher Experienz ze wiewen – am Géigendeel ass all „provokanten“ Ausbroch aus dem Alldag genee esou banal, wéi den All-
dag vun der Figur selwer. Esou féiert d’Banalitéit vum Liewen hei just zur Banalitéit vun der Literatur an all Gedankegang, wéi een aus genee där Routine kéint ausbriechen, ass vu pseudo-literaresche Klischee gefiddert an duerchdrongen. Dat ganzt an engem Stil, deen net just duerch déi vill Widderhuelungen oder déi déck Erzielfiedem, déi et engem erlaben, all eenzel Handlungswendung virauszegesinn, stéiert, mä virun allem eng Zort Reklamme-Jargon un den Dag leet, wéi wa mer hei an der Plastikswelt vun enger IP-Pub wieren. De Crémant ass „prickelnd“, Iessen ass „lecker“ oder „himmlich“, d’Kanner sinn „Hoppelhäschen“, d’Coiffeuse eng „Haarfee“ a wann d’Auteurin wëll lyresch ginn, freet si sech, op si och eemol an déi „verbotenen Künste des Haarföhnens“ wäert ageweit ginn. Dass Literatur net do ass, fir eisen alldeegleche Sproochgebrauch an déi linguistesch Ofkierzungen, mat där mer eng komplex Wierklechkeet zu pragmateschen Automatisme verstümmelen, mä am Géigendeel fir den Alldag poetesch ze transzendéieren – dat Gefill erhält ee beim Liese vu Blaustufen zu kenger Sekonn.

Don John
© 2024 d’Lëtzebuerger Land