Attention chantier en cours

Wann s de eppes kanns

d'Lëtzebuerger Land vom 17.02.2011

„Talentshows“ ass gläich „Einschaltquoten“. Dës Rechnung maachen am Moment eng ganz Rei Televisiounschainen uechtert d‘Welt. A Lëtzebuerg ass do keng Ausnahm. Leider ass an dëse Sendunge meeschtens manner Talent vertrueden, wéi se dat vun hirem Titel no verspriechen. Bei ville Kandidaten kann ee souguer nëmmen de Kapp rëselen. Dofir ass et ëmsou méi eng grouss Freed ze mierken, dass et zu Lëtzebuerg jonk Leit ginn, mat enger gudder Portioun Talent, gemëscht mat der richteger Dosis u Selbstvertrauen. „Luxembourg‘s got talent” too! An dovu kann ee sech de 17. Mäerz nach eng leschte Kéier zu Esch am Theater iwwerzeegen.

Attention chantier en cours heescht déi franséisch One Woman Show vum a mam Eugénie Anselin dat et a sengem jonken Alter vun nëmmen nonzéng Joer fäerdeg bréngt säi Public ze begeesch­teren. Well d’Show vun enger jonker Actrice opgefouert an och geschriwwen ass, heescht dat awer net, datt se sech exklusiv un e jonke Public adresséiert. Am Spektakel ginn divers Problemer ugeschwat, mat deenen een Teenager ze kämpfen huet. Dat geet vu „Liebeskummer“ iwwer Konfrontatioun mat Alkohol oder den Ausenanersetzungen mat den Elteren bis hin zur Kritik un der Gesellschaft. Net alles wat gesot gëtt, däerf och eent zu eent esou opgeholl ginn. Verschidde Saachen sinn e bëssen iwwer-spëtzt duergestallt, mee dat huet och e ganz gudde Grond: et soll gelaacht ginn. An dat mécht een och, souguer méi wéi nëmmen e bëssen. An Zäiten wou ee mengt, datt déi negativ Noriichten déi positiv Noriichten iwwertreffen, deet esou eng dynamesch a flott Performance dem Zuschauer ein-fach nëmme gutt!

Falls Dir Kanner hutt, déi grad an deem schwieregen Teenageralter sinn, oder falls Dir Elteren hutt, déi är Reaktiounen an Aktiounen net wierklech verstinn... Da kann ech Iech nëmmen uroden fir Iech dëst Spektakel zesummen ukucken ze goen. Dës One Woman Show vun iwwert enger Stonn, déi d‘Sich vum Teenager no senger Identitéit op eng ganz rhythmesch a witzeg Aart a Weis erzielt, ass et op alle Fall derwäert. A wann der Iech net ugesprach fillt, da gitt Iech se trotzdem ukucken, well et ass einfach nëmmen e Genoss enger jonker Actrice mat esou vill Talent nozekucken, enger Actrice déi an net all ze laanger Zäit nach vill vun sech wäert héieren doen. Déi Lëtzebuerger Theaterwelt kann dat op alle Fall nëmmen hoffen.

Déi nächst a lescht Opféierung vun Attention chantier en cours ass de 17. Mäerz zu Esch am Theater ; 122, rue de l’Alzette zu Esch-Uelzecht; Telefon: 54 03 87.
Fränk Muno
© 2023 d’Lëtzebuerger Land