D'Ausso am Lëtzebuergeschen

Virfeld an Nofeld

d'Lëtzebuerger Land du 17.02.2012

An engem Interview vun 2007 mengt den Henri Losch, déi meescht Lëtzebuerger géifen hir Sprooch gutt a gär schwätzen, mä si kéinten se kaum korrekt schreiwen. D’Haaptfro bléif awer déi vun der Struktur vun hirer Sprooch. „Wou sollen se déi eigentlech hierhuelen?“, freet hien, an e verweist op d’Grammaire vum MEN, un där e matgeschafft huet1. Esou eng Äntwert kléngt e bësse komesch, well een d’Strukture vun enger Sprooch dach an hirem Funktionéieren entdeckt an net onbedéngt a Schoulgrammairen, déi – an dat ass verständlech – vereinfacht Beschreiwungsmethoden uwennen, dobäi awer de Virdeel hunn, datt se vum MENFP bestallt a finan[-]zéiert gi sinn. Villes vun deem, wat den Opbau vun der Ausso am Lëtzebuergeschen ugeet an a méi komplette Recherche-Aarbechten2 detailléiert ass, gëtt an der Grammaire vum MEN net emol ernimmt.

Sou d’Klammertheorie, vun där a menge leschte Rubrike Rieds war. Si weist an der verbaler Ausso op zwou Peilerpositiounen hin – xV2 am Ufank a VE um Wupp –, deene vir an der verbaler Ausso nach e Virfeld an hannen nach en Nofeld mussen ugehaange ginn. Och wann déi zwee Begrëffer net grad wéi an der däitscher Grammatek definéiert sinn3, ass den Distinguo an der Beschreiwung vun der lëtzebuergescher Ausso dach sënnvoll.

Dir hutt et bestëmmt scho selwer an Uecht geholl: an der éischter Peilerpositioun xV2 steet de Member x oder, an der Struktur øV2, d’Verbform V net an absoluter Spëtzestellung, wéi dat dacks gesot gëtt. Verbalsätz wéi: Du (x) bass (V2) awer cool. – (ø) Ass (V2) deen John da mam Liewen dervukomm (VE)? kënnen ouni Problem no vir an no hannen ausgebaut ginn, wéi an den Aussoen: Majo, Pol, du bass awer cool, oder: Ma du bass awer cool, du Ligepol. – Deen John, (ø) ass deen dann am Krich mam Liewen dervukomm, oder Deen John, (ø) ass deen da mam Liewen dervukomm am Krich?

Kucke mer eis mol d’Virfeld un. Do funktionéiere fir d’éischt déi parataktesch (koordinativ, bäiuerdnend) Konjunktiounen an, oder, entweder … oder, ma/mä, awer/ower/iewer, well. Grad well se all am Virfeld virkommen4, ginn se an enger syntaktescher Klass zesumme behandelt. Awer déi meescht vun hinne kommen och soss an der Ausso vir an, semantesch, hunn déi eenzel Elementer jo och kaum eppes mateneen ze dinn. Am Text hunn d’Koordinatoren déi graff Funktioun – am Geschwatene wéi am Geschriwwenen – de Kommunikatiounspartner z’orientéieren: an bedeit ongeféier ‚et kënnt nach eppes‘, oder ‚et gëtt e Choix‘, ma/mä, awer ‚et kënnt eng Ofleedung oder Oppositioun‘, well ‚et kënnt eng Begrënnung‘. Eng analog Orientéierungsfunktioun hunn och am Virfeld metasproochlech Commentairë wéi: Kuerz/éierlech (gesot), anescht/an anere Wierder (gesot), (E)sou. Beispill: Op gutt Lëtzebuergesch, dat war eng Sauerei. Déi Elementer soen eppes iwwert déi gebrauchte Sprooch aus, sinn also Interpretatiounsorientéierungen, déi och als éischte Member x funktionéieren. Vergläicht: Sou, elo (x) geet et duer! an: Sou (x) war dat deemools! Zulescht fënnt een nach am Virfeld verschidden Ausruff-, Nenn- a Kontaktelemeter, wéi Majo, Kanner, da kommt dach mol! Ah, Lotti, meng Mod, du bass et! Pang, do kraacht et aus der Béchs. De gemeinsamen Nenner ass hei déi kommunikativ Funktioun. Datt textuell Orientéierungs- an Interpretatiounsuweisungen a pragmatesch Commentairen hir Plaz am Ufank vun der Ausso hunn, ass jo schliisslech kee Wonner.

Dogéint hunn déi sougenannt Thematiséierungen am Virfeld eng aner Roll: e Member vum propositionale Verbalgrupp gëtt no vir extraposéiert an ervirgehuewen, iwwerdeems en an der syntaktescher Valenzstruktur [-]duerch e Prowuert ersat gëtt: De Pol, dat ass mir e Kärel! De Feierwon, deen ass bereet. Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit […], dat ass eist Land. Wat ech hunn, dat wëll ech mat dir deelen. Wann et dem Iesel ze wuel ass, da geet en op d’Äis danzen. Esou Konstruktioune sinn am Geschwatenen heefeg, mä och am Geschriwwenen. Hei eng Ausso, déi ech deslescht gelies hunn a gekierzt zitéieren: Wann ech mir hei um rtl.lu d’Lieserbréiwer vu virun dräi Joer ukucken, [...] (Virfeld), da (x) muss ech mech bei ville wonneren, positiv! (Nofeld).

D’Beispill weist, datt esou ervirgehuewe Memberen och am Nofeld virkommen: positiv ass am rhetoresche Saz en zweet ausgeklammert Rhema, dat nodréiglech eng Korrektur, hei eng Bewäertung, bréngt. D’Nofeld – dat ass bekannt – ass dacks mat Membere vun där Zort besat: Deen ass jo verréckt, dee Kärel. Deem misste mer mol op d’Fanger kucken, deem Dëlpes. Meeschtens geet et jo och an dësem Fall ëm nohippend Verbesserungen, Präzisiounen, Zousätz oder Commentairen: Hatt ass rout ginn am Gesiicht. Ech gi kee Su méi aus fir esou eppes. Si huet sech intresséiert fir d’Sproochen, och fir d’Lëtzebuergescht. Si sinn op d’Musel gefuer, op Réimech an op Maacher. An du war et geschitt, leider. Esou Nei- oder Ëmformuléierunge musse grondsätzlech net mat syntaktesche Gruppe verwiesselt ginn, déi einfach aus strukturelle Grënn am Nofeld stinn, wéi de Grupp mat engem Infinitiv (Et ass verbueden hei ze fëmmen: d‘Land, 27.01.2012), Konjunktional- a Relativgruppen, déi aus Verbalgruppe bestinn (Et war virauszegesinn, datt näischt draus géing ginn. Well een net ëmmer ka maachen, wat ee wëllt), Komplementer vu Vergläichstrukturen (Mir wiere léiwer mam Zuch gefuer, wéi mam Auto. Déi hu méi e grousse Gaart wéi mir.) Keng extraposéiert Propositionalmembere mä nei Aussoen sinn awer, déi Elementer a Gruppen, déi eng kommunikativer Nenn-, Beuerteelungs- oder Commentairefunktioun hunn: Komm dach, Männi! Kënns de oder net? Dat méchs de net méi, gelldu?

Wat mir richteg gefält, dat ass, datt déi verschidde Klasse vun Elementer oder Gruppen, déi am Virfeld wéi am Nofeld virkommen, eng schéi Symmetrie vun deene selwechte Funktiounen opweisen: exposéiert Memberen, déi als Thema oder Rhema ervirgehuewe ginn, Orientéierungs- an Interpretationselementer am Ufank, Präziséierungen an Neiformuléierungen um Wupp, ganz vir a ganz hanne schliisslech strategesch kommunikativ Uweisungen.

1 cf. Projet Comenius LGE-Interview
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land