Luxemburgensia

Lëtzebuergeschen Take-away

D’Fabienne Hollwege
Foto: Véronique Kolber/Mierscher Kulturhaus
d'Lëtzebuerger Land vom 10.01.2020

Mat der Serie Timba huet sech Kremart enger spannender Missioun verschriwwen: Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch als eegestänneg Texter ze verbreeden an zougänglech ze maachen. An der Serie fannen sech Bichelcher vu jee knapps 40 Säiten mat Coveren a knallege Faarwen. Mat dräi neie Publikatioune zielt dës Rei, déi 2018 lancéiert gouf, elo aacht Bicher, an et kann een sech just wënschen, dass se och esou emseg viru gefouert gëtt. Net nëmmen mécht hiert praktescht Format aus de klengen Heftercher richteg Täschebicher, déi och wierklech an eng Boxentäsch passen an ënnerwee gelies kënne ginn. Och de Präis vun de klenge Bichelcher iwwerzeegt an entsprécht dem Gedanken vun der Zougänglechkeet.

D’Wiel vun de Kuerzgeschichte bitt e Panorama un esou verschiddenen Themen ewéi d’Covere faarweg sinn. D’Sproch an den dräi neie Bänn N°6, 7 an 8 ass dem jeeweilegen Thema ugemooss, den Toun passt zum Text. Si halen alleguer sproochlech an inhaltlech hir Spannung: ob et elo d’Turbulenze vum Verléiftsinn am Lucy Love sinn oder dem Roland Meyer säi subjektiven, feelbaren Erzieler. A sengem Food Leaks (Timba N°6) gi mat Witz an engem Aen fir d’Detail dräi Situatiounen em d‘Iessen verzielt. Di éischt Szeen léisst eis an eng Stuff luussen, wou di ganz Famill fir Chrëschtdag em den „obligatoresche“ Foie Gras an d‘Fondue setzt. Wat fir e Setting fir Diskussiounen ëm d‘Iessen! Du bist, was du isst – mee hautdesdaags ass Iessen am globalen Norden oft net méi eng Iwwerliewensgrondlag, mee e Choix, wat ee si wëll – Omnivor, Flexitarier oder Pudding-Vegetarier. En Déiereschützer, en Ëmweltwiechter, e Fastfood-Junkie.

Wat kënnt dobäi eraus, wann ee fir den anere kacht, awer d‘Goûten an d‘Erwaardungen un d‘Iessen ënnerschiddlech sinn? Wann zum Beispill op eemol Foie Gras net méi als Delikatess gesi gëtt, mee als Foltermethod. Mat dem wuessenden Alkoholpeegel fänkt och d‘Fondue un ze späizen an ze kachen. Wonnerbar ass an dësem Bichelchen di zweet Szeen ëm de gudde Virsaz endlech ofzehuelen. An engem Trëndel aus Werbung, Moral a gudde Virsätz dauscht den Text duerch Assoziatiounen, strack bis op d‘Tankstell. Wat ass d‘Moral hannert dem Iessen, Fett, an Iwwerfloss? An wou oder wat ass de Kick um Verzicht? Stringent féiert de Roland Meyer d‘Motiver a Biller vun de Szeenen aus: d‘Konflikter iwwerdroen sech op den Iessdësch. Subjektiv, kriddeleg an (selbst-)kritesch manövréiert den Ech-Erzieler d’Lieser duerch déi verschidden Episoden.

Dem Josiane Kartheiser seng Kuerzgeschicht Dem Jemp seng Uerdnung (Band N°7?, erzielt d‘Geschicht vum Uerdnungsfanatiker Jemp. A sengem Beruff als Iwwersetzer ass penibel Genauegkeet an d‘Léift zum Detail alles. Leider net a senger Noperschaft. Wann hien spadséieren geet, fält him als éischten op, wann eppes net stemmt: zum Beispill wann d‘Hecken net gSteschnidden goufen. Wéi de Jemp duerch Zoufall un d’Schlëssele vun alleguer den Haiser an der Noperschaft kënnt, schläicht hien sech nuets an hir Haiser eran, fir ze virwëtzen... an ze raumen! Dass hien dobäi awer villes an Onuerdnung bréngt an souguer Gesetzer brécht, féiert zur Eskalatioun. Eng ronn, kuerz a kontemplativ Geschicht iwwer Normen, Erwaardungen an de Wonsch aneren seng Perspektiven opzezwéngen. Mat klengen, spatzen Kommentare vum Erzieler ass dëst „onerhéiert Ereegnis“ eng Geschicht doriwwer, dass een heiansdo seng eegen Erwaardungen als Gesetz fir seng Matmënschen gesäit. An dass dat net ëmmer richteg ass.

Den aachte Band ass dem Fabienne Hollwege säi Lucy Love. En Ausbriecher par rapport zu den zwee Bänn virdrunner, dee sech thematesch awer och duerch eng méi modern Sprooch un e méi jonkt Publikum wennt. Et geet em d‘Lucy, dat sech an de Schwed Rasmus verléift, dee fir zwee Joer bei him an d‘Schoul goe soll. Anarchist, Kommunist ass hien eleng als Erscheinung zimmlech opreegend. Mee do ass nach méi tëscht hinnen zwee... Lucy Love verzielt eng turbulent Geschicht iwwert déi éischt Léift an alles, wat esou komplizéiert ka ginn, wann der zwee aneneen verléift sinn. Fragmentaresch, hormonduerchzunn Episoden loossen eis dës komplizéiert Bezéiung wei Erënnerungen materliewen. An och d’Sprooch changéiert tëscht Himmelhochjauchzend an zu Tode betrübt, benotzt Ofkierzungen, Englesch a schafft et, mat den erzielte Situatiounen d‘Ambiguitéit vun hire Gefiller heiansdo mat wonnerbarer Kloerheet ze faassen: „Wat méchs du do? Hal op! Et ass wonnerschéin…“

Roland Meyer: Food Leaks. Kuerzgeschichten. Kremart Timba N°6, 38 Säiten / Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung. Kremart Timba N°7, 34 Säiten / Fabienne Hollwege: Lucy Love. Kremart Timba N°8, 40 Säiten; jeweils 4 Euro .

Claire Schmartz
© 2023 d’Lëtzebuerger Land