D'Sproochesituatioun ze Lëtzebuerg

Sproochepolitik

d'Lëtzebuerger Land vom 09.05.2014

Déi lescht Zäit hate mer nees e puer gutt Geleeënheeten, fir eis Sprooch méi an d’Gespréich ze bréngen. Do war fir d’éischt de 60. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Land an dem Fernand Fehlen säi geschichtleche Panorama iwwert de Status vum Lëtzebuergeschen: Ende der Ausbaustrecke in Sicht? (d’Land, 20.12.2013) Dann e puer Interviewen (Kloertext, 02.03.2014, Luxemburger Wort, 24.01.2014) iwwert den 30. Anniversaire vum Sproochegesetz vun 1984. Schliisslech en etlech Reportagen an Editoriallen iwwert de Projet, eis Sprooch kloer an der Verfassung ze verankeren an hir am Schoulwiesen an an der Erwuessenebildung méi eng grouss Plaz unz’erkennen. Kuerz: mam „printemps de la langue luxembourgeoise“ soll et hellewech virugoen, an dat natierlech am Kader vun der Méisproochegkeet, déi haut – sou mengen der vill – och als Hypothéik an net nëmmen als Chance erlieft gëtt.

An den Diskussiounen – och am Fernand Fehlen sengem Panorama – kommen ëmmer nees Begrëffer vir, déi evident schéngen, dofir awer net onproblematesch sinn. Een dovun ass de Konzept vun der Sprooch(e)politik, wann et dorëm geet, méi oder manner offiziell eng oder méi Sproochen ze fërderen, ze entwéckelen an an hirem Gebrauch z’organiséieren. Am Ufank an um Enn vu senger Etude seet de F. Fehlen, d’Sproochepolitik wier zu Lëtzebuerg e staark vernoléissegt Politikfeld. Dat wär bedauerlech, well se haut dréngend néideg wier, fir aus der lëtzebuergescher Ausbausprooch definitiv eng vollwäerteg Kultur- a Schrëftsprooch ze maachen. D’Sproochesituatioun am Grand-Duché, sou mengt hien, wier éischter „wildwüchsig gewachsen“ an, ausser e puer „sprachenplanerische“ Mesurë wéi d’Gesetz vun 1984, d’Grënnung vum CPLL (1998) an d’Aféiere vum Congé linguistique (2009), wier den „Ausbau des Luxemburgischen zur Vollsprache wildwüchsig“ weidergaang. Sou d’Grondthees vum F. Fehlen.

Tëschen wildwüchsig gewachsen a méi oder manner direkt sprach(en)politisch gefördert gëtt et natierlech eng ganz Rëtsch Nuancen. Den Auteur selwer ass net wäit vum Widdersproch, wann e vun der „wildwüchsig gewachsenen heutigen Sprachensitua­tion im Großherzogtum“ grad an deem Kontext schwätzt, wou d’Schoulgesetz vun 1843 als sproochepolitescht Musterbeispill betount gëtt. Hien ernimmt och komesch en „Nullpunkt der Sprachenpolitik“ just an deene Joren, wou, no der Personenstandsaufnahme vun 1941 an no der Nazi-Okkupatioun, d’Däitscht duerch d’Franséischt am État Civil ersat gouf (1945) an d’Lëtzebuergescht net nëmmen eng Ofizièl Lezebuurger Ortografi (OLO) krut, mä och als Zeitungssprooch wollt agefouert ginn. Hien ënnerscheet zwar d’Sprachenpolitik an d’Sprachenplanung an, am zweete Volet, déi funktionell Statusplanung an d’Korpusplanung, déi mat Musterwierker, Grammairen an Dictionnairen eng wesentlech Grammatiséierungs- a Standariséierungsphas an der Geschicht vun enger Sprooch ausmécht1. Leider awer vergësst hien dës streng Linguisten-Aarbechten a sengem Panorama, sou datt leschten Enns seng ganz Étude (a seng Kritik vum Robert Bruch a Fernand Hoffmann) riskéiert, u Kredibilitéit ze verléieren.

Wéi kann een iwwerhaapt schreiwen, datt no de Mesurë vun 1946 (OLO-Schreifweis) an 1948 (Sträiche vun der Zweesproochegkeet an der Verfassung), d’Lëtzebuerger an eng Sakgaass gerode sinn an déi zwou Decisiounen „am Beginn von zwei Jahrzehnten sprachenpolitischen Stillstands“ stinn, „der erst mit der Gründung der Actioun Lëtzebuergesch 1971 ein Ende nehmen wird“? Déi 50er a 60er Joere si grad déi, wou déi dräi, respektiv véier wichtegst kulturell-philologesch Grammatisatiouns-Wierker vun eiser Sprooch entstan a mat ëffentleche Mëttele publizéiert si ginn: dem Bruch seng Dokterthees (1953/1954), säi Précis de grammaire (1955), säi Sproochatlas (1963 no sengem Doud) an dat fënnefbännegt Luxemburger Wörterbuch (1950-1977). Eng Sproochepolitik ouni Korpusplanung ass keng2. Net nëmmen d’Terminologie misst hei méi genee definéiert ginn. Och déi verschidde Fassongen, déi et am Lännchen an an der Lëtzebuerger Gesellschaft gëtt, fir méi oder manner offiziell respektiv heemlech Sproochepolitik ze dreiwen, misste mol éierlech ënner d’Lupp geholl ginn.

Eng zweet Fro ass dann déi, wéi déi gewënschte Sproochepolitik sollt an den nächste Joren inhaltlech ausgesinn. Warscheinlech gehéiert déi allgemeng Fuerderung derzou, datt d’Lëtzebuergescht als Nationalsprooch an d’Verfassung agedroe gëtt an och – mat méi praktesche Schwiiregkeeten – datt säi Status an der Europäescher Unioun an am Ver­glach mat den europäesche Regional- a Minoritärssprooche kloer misst präziséiert ginn.

Niewent dëse staatlechen Decisiounen iwwert de Status vum Lëtzebuergeschen am auslänneschen an inlännesche Kontext vun der traditioneller europäescher Méisproochegkeet sinn da ganz bestëmmt och sproochepolitesch Mesuren am Schoulwiesen noutwenneg. Wéi eng Alphabetiséierungssprooch braucht d’Lëtzebuerger Schoul?, froen sech haut en etlech Wëssenschaftler. Déi däitsch? (Si ass net méi onproblematesch.) Déi franséisch? (Si ass vill ze wäit ewech [abstänneg] vum Lëtzebuergeschen). Déi zwou international Sproochen, wéi d’École primaire bilingue luxembourgeoise se an hirem Konzept virgesäit? Oder d’Lëtzebuergescht als eenzeg National- an Integrationssprooch? De Fernand Fehlen bréngt gutt Argumenter fir d’Lëtzebuergescht als Alphabetisatiounssprooch3, awer menger Meenung no iert en sech, wann e schreift: „Il suffit d’y croire.“ Eng Sproochepolitik ass méi oder manner volontaristesch, dat stëmmt. An der Praxis awer gëtt et e ganze Koup Problemer – psychologescher, organisatorescher, didaktescher an net zulescht pur linguistescher4.

Dobäi kënnt dann nach, datt déi Lëtzebuergesch Schoul a mengen Ae vun der Méi­sproochegkeet iwwerfuerdert ass. Véier Sproochen als Léierfach, dat sinn der vill (d’Englescht däerf och net vernoléissegt ginn) an dat prinzipiell an dräi verschiddenen Unterrichtssproochen. Nei iwwerduecht Methoden a spezifesch linguistesch Etudë si ganz bestëmmt néideg, och wann de Soziolog Fernand Fehlen mengt, et wier am Fong keng pädagogesch a keng linguistesch, awer eng sprooch(e)politesch Fro.

1 D’Korpusplanung huet näischt mat der puristesch-arbiträerer Sproochefleg vun der Actioun Lëtzebuergesch ze dinn. Cf. Claudine Moulin: „Grammatisierung und Standardisierung des Luxemburgischen. Eine grammatikographisch-sprachhistorische Annäherung“, in: Moulin/Nübling: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Heidelberg, 2006, S. 305-339. D’Perspektiv limitéiert sech op „die allmähliche Herauslösung des Luxemburgischen aus dem Varietätengefüge des Deutschen und seine Entwicklung zu einer vor allem vom Neuhochdeutschen abgrenzbaren Sprachform“ (S.306). D’Auteure hält sech un d’Theorie vum Lëtzebuergeschen als Ausbausprache. Si envisagéiert d’Lëtzebuergescht scho guer net als autonom strukturéiert Nationalsprooch.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land