Nenne mer hie Mohamad B.
Wat wosst ech iwwer hien, ier ech ëm begéint sinn? Hie wier schwéier an den Alkohol gefall, an Europa, zu Lëtzebuerg, am Exil. Violence domestique, Scheedung vu senger Fra. A bei der Police wier hie e puer Mol opgefall. Eng ideal Victime? Wéi eng Sprooch schwätzt ee mat him? Säi Franséisch, seet hie mer, wier esou lala, an duerfir war ech frou, am Januar 2020, datt een am Raum war, dee mir op Franséisch iwwersat huet, wat de Mohamad B op Arabesch gesot hat. Dee war 11 Méint virdru vun engem Escher Polizist fierchterlech geschloe ginn. Éischt Fro natierlech: Comment ça va, bal ee Joer no der Attack?
Psychologesch géif et him zimmlech schlecht goen, äntwert de Mohamad. Hien hätt zwar Aarbecht, eng kleng Plaz, Volontaire bei der Croix rouge. An d’Gesondheet? Do geet et lues besser, den ënneschte Kifer géif lues a lues erëm normal fonctionéieren. Hien hätt awer nach Péng an den Aen esou bal et waarm oder kal wier. Gutt gesi géif hie net méi, absënns net mam lénkse A, wou de Polizist drageschloen hat. Hien hat jo och e Broch um Aperhoer, ça commence à se cicatriser. Mä et kéimen nach Operatiounen am Gesiicht.
De Mohamad B konnt déi lescht Woch am Prozess géint déi fënnef Polizisten net soe wéi et him geet; hien ass am Juni 2022 gestuerwen, am Alter vu 55 Joer. Ouni datt ee genee gewuer gëtt, firwat. Just dëst: et hätt näischt mat der Attack op hien ze dinn. Egal wéi: De Mohamad B war de groussen Absent am Prozess géint d’Polizisten.
Mä wat war eigentlech geschitt, Mëtt Februar 2019, owes? De Mohamad hat zu Audun-le-Tiche en Test fir eng Plaz als Metzler ze kréien. Dat war ganz gutt gelaf. Hie war zefridden zeréck op Esch komm, hat geduscht, Kleeder gewiesselt. An du koum e Coup-Telefon, deen – do gëtt hien diskret – mat senger Fra ze dinn hat. A wat hie do héieren huet, dat huet hie komplett duerchernee gemaach, hien hätt eng angoisse kritt. An huet eng Tournée duerch e puer Bistroe gemaach, Martini a Whiskey a grouss Quantitéite Béier gesoff. Aus engem Bistro ass hien esouguer ouni ze bezuelen eraus gaang, huet dat eréischt dräi Deeg méi spéit gereegelt. Heem ass hien net komm, well am Bistro, direkt nieft senger Wunneng, huet hie weider gedronk, krut Buttek mat zwee Portugisen a mat der Patronne. Kuerz a schlecht: Déi hunn d’Police geruff. Wat genee du lass war, do kann hien sech net drun erënneren. Dat ass dee Saz, dee vun elo un iwwer 12 Stonne vu sengem Liewe steet, pas de mémoire, car bourré.
Deen anere Muere gëtt hien an der Ausnüchterungszell vum Escher Kommissariat waakreg, säi Gesiicht ass holl a blo, hien huet grouss Péng. An d’Zell ass voller Blutt. Zwee Méint laang hätt seng Nues geblutt a säi lénkst A war bluttënnerlaaf. Hien huet dovunner eng Foto gemaach. Ob ech déi gesi wéilt? Wëll ech, a gesinn e schwéier geschwollent Gesiicht, e lénkst A, dat bal verschwonnen ass. De Riichter am Prozess sot, dem Mohamad B seng Blessure wiere schrecklech gewiescht, bal jidder Schank am Gesiicht gebrach, hien hätt déi Nuecht kënnen un all Méiglechem stierwen, Bluttverloscht, erstécken am eegene Blutt, Gehirnerschütterung.
Wou d’Attack war, dorunner och nëmmen eng ganz vag Erënnerung, un eppes wéi e Spidol. Eréischt wéi hien déi entretemps faméis Biller vun der Iwwerwaachungskamera gesinn huet, hätt hie verstan, wat him geschitt ass. Den haaptugeklote Polizist hat hie jo mat der Fauscht an d’Gesiicht K.O. geschloen. De Mohamad kann sech un e puer Uniformen erënneren, mä soss? Deen anere Mueren um Kommissariat hunn se hien erwächt, hätten hie bei e Lavabo an e Spigel gefouert an do wier hien erféiert. Méi spéit hätten se him seng perséinlech Saache ginn, seng Kleeder wieren zerrass gewiescht, hien hätt just e Kalzong ugehat. Eng Ambulanz wier komm. D’Ambulanciere hätten him net gegleeft, datt d’Polizisten hien esou zerschloen hätten. An der Klinik war et him ze voll, hien ass eréischt deen aneren Dag an d’Spidol gaang. Well hie schlëmm ausgesinn huet, ass en direkt an d’Urgence komm an och an de Scanner. Wou se déi gebrache Schanke gesinn hunn.
Nach haut kéint hien net duerch dat lénkst Nueslach ootmen, nëmmen duerch dat rietst. Hien hätt keng Explikatioun fir dem Polizist säi Coup. Hie wéisst net firwat hie geschloe gi wier, de Polizist misst et awer wëssen.
Mä am Prozess weess dee Polizist näischt Explikatives ze soen. Am Spidol, um Wee bei den Dokter, dee feststelle sollt, op de Mohamad B an d’Ausnüchterungszell geluecht kéint ginn, do hätt hien en éischte Black-out gehat an hätt him an de Bauch gefacht. Hien hätt gemierkt, datt hie géif duerchdréien, d’Luuchte wieren ausgaang, hien hätt Schäiss gebaut. Datt hien de B esou geschloen huet, wier eng Sauerei gewiescht. Im Nachhinein kéim hien sech fir wéi e Monster, wéi en Nazi.
Am Prozess gouf net driwwer geschwat, wéi déi fënnef Polizisten iwwerhaapt mam Mohamad B geschwat hunn, Franséisch, Lëtzebuergesch oder wéi. An hire Corps-Geescht-Rapporte steet, de Mohamad B hätt getrueden a gebass a gespaut a permanent in seiner Muttersprache gebierelt. De Riichter huet keen Zweifel dru gelooss, datt déi Berichter all falsch an erfonnt sinn. Et kéint een och soen: Si molen e Bild vum Mohamad B, dat un en Déier erënnert.
D’Wuert Rassismus ass an den dräi Deeg Prozess ni gefall. Just der Procureure war eppes opgefall a si huet et thematiséiert. An zwar hat den Haaptugekloten Nicolas H. gesot, hien hätt sech gefrot, wéi hien sech wuel gefillt hätt, wa Polizisten him am Ausland dat ugedoen hätten, wat dem B zu Lëtzebuerg geschitt ass. No deem Saz hätt d’Uklo ugefaang, iwwer Xenophobie nozedenken. Ouni dat weider ze developpéieren.
De Riichter huet den Haaptaccent a sengen Interventiounen op en anere Sujet geluecht: Deen, datt déi Ugekloten an hire Rapporte gelunn an erfonnt hunn. An datt si Beweiser vernicht hätten, z.B. an der Camionnette an am Gank vum Kommissariat d’Blutt opgewëscht haten. De Riichter sot e puer Mol, d’Justiz kéint apaken, wann se sech net méi op d’Berichter vu Poliziste verloosse kann. An hien huet ëmmer erëm gesot, de Mohamad B wier wéint Rebellioun a coups et blessures ugeklot ginn, wann d’Police vun der Police, d’IGP, bei den Zeien a beim Mohamad B net esou prezis nogefrot hätt. A wann et déi brutal Biller vun de Kameraen aus dem Chem net géif ginn, muss ee wuel uflécken.
Dee Mohamad B ass 2012 aus Syrie fortgaang, sot hie mir am Januar 2020. Hie war Sunitt, wier an der Oppositioun géint de President Bashar gewiescht a wéi säi Brudder ëmbruecht ginn ass, sot säi Papp, wann s de iwwerliewe wëlls, da muss de fort. Well jidderee wéisst et: Wien a Syrien an de Prisong koum, deen ass net méi lieweg erauskomm.
Hien ass eleng fortgaang, seng Fra an dräi Kanner sinn a Syrie bliwwen. En zweete Brudder ass gestuerwen; och deen hat him gesot, hie misst fortgoen. „Ech sinn also gaang an hien ass gestuerwen“, seet hien. D’Police hätt op de Brudder geschoss, 2013. De Mohamad kënnt a Libyen, schafft do an engem Restaurant. Dat geet gutt bis op eemol Milizionaire kommen an op si all schéissen. Dunn huet hien decidéiert an Europa ze flüchten, iwwert d’Mëttelmier. Och do erëm e Problem: Hie wier erpresst ginn. De Präis fir d’Rees wier einfach stënterlech doubléiert ginn, a well hien dat net bezuele konnt, hunn se seng Saache geklaut an op hie geschoss just virum Depart. Zwou Kugelen hätte säi lénksen Aarm getraff. Also séier fort aus Libyen, wou et méi geféierlech gewiescht wier wéi a Syrien. Mam Schëff iwwert d’Mier, 200 Mënschen uewen, 200 am Bauch vum Schëff; do wieren zwee Afrikaner erstéckt. No zéng Deeg Vagabondage um Mier hätt déi italieenesch Marine si interceptéiert a Kanner a Frae fir d’éischt u Land gelooss.
Hien hat Gléck am Ongléck: hie war jo blesséiert a säin Aarm huet geblutt an dowéinst gouf hie prioritär behandelt a koum an e bloc opératoire an duerno 20 Deeg an eng Klinik. Mat geléintem a geschenktem Geld ass hie vu Sizilien iwwer Mailand op Nice gefuer. Hien hätt kee Centime méi gehat, mä e Frënd huet him Geld ginn an hien ass mam Zuch op Paräis a vun do op Metz gefuer. Well een hat him gesot: „Géi op Lëtzebuerg, do gëss de gutt behandelt, d’Mënscherechter ginn agehalen a wann s de d’Sprooch léiers, da kriss de eng Plaz an et geet der gutt“ an hie kéint esouguer e regroupement familial maachen. Enn Mee 2014 ass hien zu Lëtzebuerg, titre de séjour ee Joer duerno. Du fiert hien an d’Türkei seng Famill sichen, déi entretemps aus Syrien erauskomm war. 2015 sinn se all zesummen am Land, et falen d’Stëchwierder Don Bosco, Caritas an de Foyer zu Stroossen. Um Enn protection internationale. Si kruten e véiert Kand. Mä de Mohamad hat alcoolisme traumatique, nennt seng Affekotin dat. Respektabel, doheem staark Männer géifen am Exil oft schwaach ginn, seet si. De Mohamad B wier traumatiséiert gewiescht, hätt ni geschlof, a wann, da cauchemars, wier depressiv gewierscht. Wann d’Fra nokéim, géif se do dacks e Friemen erëmfannen. D’Scheedung wier fir de B eng descente aux enfers gewiercht. Am Total wier seng Geschicht de ganzen drame humain vum Exil, vun der Émigratioun, en Drama, dat si ganz dacks géif gesi.
D’Famill vum Mohamad huet keng partie civile gemaach.