DerrmannlOutsch, Liette: Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch

35 000 Lemmata

d'Lëtzebuerger Land du 29.01.2004

Wann ee muersche Bam ëmfält, dann héiert een et iwwerall kraachen. Ma wann ee ganze Bësch eruwiisst, dann héiert een iwwerhaapt näischt. Genee sou, schéngt et eis, ass et och mat der Liette Derrmann-Loutsch hirem Dictionnaire gaang. Ouni vill Tamtam huet si un engem Däitsch-Lëtzebuergesche Wierderbuch geschafft, dee senges Gläiche sicht.

Et ass wierklech erstaunlech, wat alles zënter der lëtzebuergescher Schreifreform vun 1999 esou un neie lexikographeschen Aarbechte publizéiert gouf: Mosaiksteng (Actioun Lëtzebuergesch, 2000), 6 000 Wierder (Jacqui Zimmer [&] Claude Uhres, 2000), Wierderbuch Lëtzebuergesch-Ungaresch / Lëtzebuergesch-Rumänesch (Pantea-Keintzel, 2001 / 2002), Lëtzebuergesch-Italieneschen Dictionnaire (Caldognetto/ Boggiani, 2003) oder och nach den Dictionnaire étymologique des éléments français du Luxembourgeois (Bender-Berland, Kramer, Reisdoerfer, 2003).

Ma sou ee Wierk wéi der Liette Derrmann-Loutsch hir Aarbecht, war bis elo nach net dobäi. Net nëmmen déi impressionant Quantitéit u Wierder, mä och d'Qualitéit vun de Kontextbeispiller weess ze iwwerzeegen. Et gëtt een direkt un dem Henri Rinnen säi Franséisch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire vun 1988 erënnert, enger Meeschterleeschtung, déi bis haut eenzegaarteg bleift.

Als Ausgangsbasis fir hiert Wierderbuch, huet d'Liette Derrmann-Loutsch dann och mam Kleines deutsch-luxemburgisches Wörterbuch vun den Häre Rinnen a Reuland geschafft, dat 1974 eng éischte Kéier publizéiert gouf an 1998 eng leschte Kéier reéditéiert ginn ass. An hirem Virwuert schreift se, datt et un der Zäit war, endlech eng nei Versioun vun esou engem Deutsch-Luxemburgischen Wörterbuch auszeschaffen, méi eng komplett Versioun, a virun allem och eng Versioun, déi de lexikalesche Besoine vun haut méi ugepasst ass.

Dat ass der Madame Derrmann-Loutsch an hirer Equipe (N. Petry, F. Haupert, H. Losch) op alle Fall tipp topp gelong, an et fält eis schwéier, hei mat iergendwellecher Kritik op dës Aarbecht ze schéissen. Sécher, et kann een ëmmer un allem eppes aussetzen, mä grad well mir selwer un enger Datebank fir ee Lëtzebuergesch-Franséisch-Lëtzebuegeschen Dictionnaire schaffen, kënne mer eis nëmmen allze gutt virstellen, mat wéivill Akribie an Ausdauer un dësem Wierk geschafft ginn ass. An esou Efforte verlaangen einfach nëmme Respekt. Eis Rezensioun soll awer net nëmmen als Luefgesang geduecht sinn, mä mer wëllen och probéieren, hei et puer "Lacune" opzedecken, fir ze kucken, wéi een esou Aarbechten an Zukunft nach weider optiméiere kann.

Op 502 Säite kann een also déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun enge 35 000 (!) däitsche Wierder nosichen an dat dacks och mat Kontextbeispiller wéi z.B. beim Lemma Rede (Säit 287):

Rede w Ried w, (-en) eine Rede halten eng Ried halen jemandem in die Rede fallen engem an d'Ried falen es geht die Rede, dass et geet Rieds, datt; et gëtt erzielt, datt davon kann keine Rede sein dovunner ka keng Rieds sinn jemanden zur Rede stellen een zu/ze Rieds stellen jemandem Rede und Antwort stehen engem Ried an Äntwert stoen

De Lecteur kritt esou eng ganz Rei vu flotten Zousazinformatioune vum Däitschen an d'Lëtzebuergescht iwwersat. De Genus vum däitschen a vum lëtzebuergesche Substantiv gëtt uginn, an och de Pluriel vum lëtzebuergesche Wuert, wat d'Enseignante vum Lëtzebuergesche ganz besonnesch dierft freeën. Bei de Verben, den Adjektiver oder de Präpositioune fënnt een allerdéngs keng weider Informatiounen iwwer déi lexikalesch Kategorie vum Lemma, cf. : 

markerschütternd wat duerch Muerch a Schank geet (S.220)

schlemmen gutt iessen (S.316)

wenngleich obschonn; obschonns (S.466)

Op eng phonetesch Transkriptioun vun de Wierder gouf ganz verzicht, mä am Kapitel „Die luxemburgische Aussprache" (Säit 6-11) kritt een trotzdem eng Rei vun nëtzlechen Informatiounen iwwer dat geschwatent Lëtzebuergesch mat op de Wee.

Informatiounen iwwer déi am Wierderbuch benotzten Ofkierzungen oder Wuertreduktioune fënnt een allerdéngs keng, z.B. den [e]

abklingen z[e]réckgoen (Säit 15)

Iwwer d'Uwennung vun der Varianteschreiwung steet och néierens eppes geschriwwen, z.B. 

Benzin n Bensin / Benzin (Säit 58)

An iwwer d'Zesumme- / Getrenntschreiwung vun de Wierder fënnt een och keng Erklärungen, cf.:

wieder ... wieder gewählt [e]rëm gewielt

sich wiedersehen sech [e]rëmgesinn (S. 469)

Am Virwuert fënnt een als eenzeg Referenz op d'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen en Hiweis op  de Règlement grand-ducal (ministériel) vum 31. Juli 1999 an op dem Josy Braun säi Léierbichelchen Eis Sprooch richteg schreiwen. Wann een awer weess, datt a kengem vun deenen Dokumenter weder d'Grouss-Klengschreiwung nach d'Zesumme-/ Getrenntschreiwung oder d'Punktuatioun behandelt ginn ass, da sinn dës zwou kleng Referenzen éischter onglécklech. Hei hätt, ouni Weideres, och op méi ausféierlech Aarbechten iwwer d'Schreifweis kéinten higewise ginn, wéi z.B. op d'Schoul- an d'Übungsbuch Schreif deng Sprooch! D'Lëtzebuerger Schreifweis vum  Syndicat national des enseignants (Edmond Steyer, 2002) oder eis méi wëssenschaftlech elektronesch Publikatioun, déi um Internetsite www.cpll.lu vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise op Lëtzebuergesch an op Franséisch disponibel ass: Introduction à l'orthographe luxembourgeoise (Schanen, Lulling, 2003).

Och hätt ee sech gären e puer Informatiounen iwwer d'Originë vum Corpus gewënscht. Op wat fir lexikographesch Wierker gouf sech fir d'Auswiel vun den däitsche Wierder baséiert, a virun allem, wou kommen all déi lëtzebuergesch Kontextbeispiller hier?  Gouf hei mat lëtzebuergeschen Texter geschafft oder huet den Auteur hei alles selwer no sengem eegene Goût iwwersat? 

All dës Remarquen sollen awer, wéi gesot, net dozou déngen, der Liette Derrmann-Loutsch hir Aarbecht schlecht ze maachen, ganz am Géigendeel, et ass a bleift ee wonnerbart Wierderbuch, dat ee jiddwer germanophonem Student, deen eis Sprooch wëll léieren, nëmme recommandéiere kann. Awer och de Lëtzebuerger selwer kann hei zum Beispill séier nokucken, wéi een dëst oder dat Wuert op Lëtzebuergesch da lo soll schreiwen.

Bleift nëmmen ze hoffen, datt d'Equipe ronderëm d'Liette Derrmann-Loutsch weider aktiv bleift an eis och nach eng Kéier sou positiv iwwerrasche ka mat engem Lëtzebuergesch-Däitsche Wierderbuch, engem Wierderbuch also an där ëmgekéierter Richtung, wat mat den heitegen technesche Méiglechkeete jo keen allzevill grousse Problem dierft duerstellen.

 

Liette Derrmann-Loutsch: Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch. 35 000 Stichwörter und Wendungen, Éditions Saint-Paul, Luxemburg, 2003, 502 Säiten. 39.50 Euro.

 

François Schanen, Jérôme Lulling
© 2023 d’Lëtzebuerger Land