Forgiarini, Tullio: Miss Mona

Net fir op d'Beem ze klammen

d'Lëtzebuerger Land vom 09.03.2000

Et ass säi richtegen Numm. Tullio Forgiarini. Mä hie gouf net an Italie gebuer. Net wéi säi Papp, deen als Bouf, mat foffzéng Joer an enger klénger Valise, an dat kaalt a verreent Lëtzebuerg koum. Fir hei ze schaffen. Et war bestëmmt net ëmmer einfach. Mä dat ass haut vergiess. Haut fiert d'Famill Forgiarini nawell dacks a gär an de Friaul zréck. D'Kosénge freeën sech. "D'Kanner och", seet de 34 Joer jonke Geschichtsprof aus dem Éislek.

Op der Uni war hien zu Stroossbuerg. Aus dem Frankräich huet hien och seng Fra matbruecht. Vläit och säin Engagement géint all Zort vu Friemenhaass. Seng Roserei op de Front National. De Jean-Marie Le Pen. Wou allerdéngs seng grouss Léift fir Krimien a verwuerelt Geschichten hirkënnt, dat ass net bekannt. "Ech liese vill." A wie vill liest, kënnt vläit enges Daags op d'Iddi, selwer de Bläistëft an de Grapp ze huelen an eng Story op Pabeier ze bréngen. Oder et op d'manst ze probéieren. Dem Tullio Forgiarini ass et gelongen. 

Ob hie scho laang schreift? "Nee. D'Miss Mona ass mäin éischt Buch." Vun de Gedichter, déi an der Lycéeszäit entstan sinn, schwätzt deemno kee méi. Déi sinn all bei der Sidor geland. An net um Paräiser Schreifdësch vum Noël Simsolo. Dat ass dee Mann, dee sech bei den Éditions Baleine ëm d'Kollektioun Instantanés de polar këmmert. An deen dem Auteur "McDonald's" duerch "fast-food" ersat huet.

Ufank Januar koum d'Buch op de Maart. Zwee Joer huet den Tullio Forgiarini dru geschafft. "Eng bis zwou Stonnen den Dag. Owes. Véier oder fënnef Deeg an der Woch." E kloere Plang hat hien net. "Just eng vague Virstellung, wéi et sollt ausgoen." Mä lues a lues sinn d'Fiedem vum Plot all zesummegelaf. D'Resultat: e sougenannte roman de gare. Dat heescht: eng zimlech onwahrscheinlech Geschicht, déi sech an engem net manner glungenen Dekor ofspillt, mat graffe Personnagen, déi engem nuets am beschten net iwwert de Wee lafen. "Ech wollt d'Klischeë vum gängege Krimi ganz einfach eng Grëtz op d'Schëpp huelen", erkläert den Auteur. A léisst d'Haaptroll a séngem Roman eng Inspektesch spillen, déi kee Blutt ka gesinn, net gär mat engem Revolver duerch d'Landschaft leeft an hir eege Leit net ausstoe kann. Bal all Dag eng dämpt an heiansdo scho viru Mëtteg eng zolitt am Been huet.

D'Martine Martin ass wierklech keng Fra, mat deer gutt Kiischten iessen ass. Zevill ongehuwwelt. Zevill onsympathesch. E richtege Bugger. Domatt ass den Tullio Forgiarini natierlech glat a guer net averstan. Hie fënnt esouguer, datt déi männlech Protagonisten a séngem Buch nach vill manner gutt ewechkommen. Wat awer nëmmen deelweis stëmmt. Mam Flic Schmitt wär eens ze ginn. Mam Béranger eventuell och. Mam Turpel awer knapps. Den Turpel ass en A..., mä dat mécht d'Saach am Fong net méi einfach. Am Konträr.

Einfach ass am Miss Mona souwisou näischt. Net emol d'Sprooch. A scho guer net d'Geschicht. Oder besser gesot: d'Verbriechen, dat opgekläert soll ginn. Jidderee wëllt et gewiescht sinn. Jiddereen hat e Grond, de President vun der Ligue des intellectuels catholiques du grand-duché de Luxembourg, de Charles-Marie Lépissier, ëm den Eck ze bréngen. An um Enn kënnt awer alles ganz anescht. 

Genee wéi am Film The Usual Suspect vum Bryan Singer. Deen den Tullio Forgiarini, wéi en zougëtt, och gesinn huet. Hie geet iwregens bal all Weekend an de Kino. "Zwou Séancen, wann et nëmme méiglech ass." Ob ech American Beauty scho kucke gewiescht wäer? E Frënn hätt dee Film u säi Roman erënnert. De Genre ass zwar net grad deeselwechten, mä d'Ingredienze géifen a gewësser Hisiicht iwwereneestëmmen: Rietsextremismus, Homosexualitéit, Drogen... a virun allem och eng fatzeg Portioun Ironie.

De Krimi Miss Mona spillt an der Stad. Do kennt den Tullio Forgiarini sech aus. Am Moment wunnt hie mat sénger Famill zwar zu Walter - tëscht Iischpelt an Harel -, mä am Neiduerf ass hien opgewuess. Am Neiduerf wunnt och de José Kaiser aus dem Roman - deen net zoufälleg esou heescht, mä méi däerf net verrode ginn... Am Neiduerf gëtt et just eng eenzeg Strooss. D'Rue de Neudorf. E fënnef Kilometer laange Schlauch, schreift den Auteur. An domatt ass genuch gesot. 

"Ech wollt keen Insider-Buch schreiwen." Lëtzebuerg bleift deemno zimlech am Hannergrond. Wat schued ass. Well déi witzegst Passagen am Buch déi sinn, wou de Tullio Forgiarini sech iwwert säi Land a seng Leit lëschteg mécht. Iwwert d'schwaarzt Duch, dat iwwert d'Clarice again vum Niki de Saint Phalle gehäit gouf, fir d'Oktavpilger net z'erféieren. Oder iwwert d'Getéins vun de Lëtzebuerger, déi mengen, si kéinten dräi Sprooche schwätzen, an déi vill rieden, fir näischt ze soen.

Deemno ass den Tullio Forgiarini kee gudde Lëtzebuerger. Well hien ass alles anescht wéi e Bretzert. Hie weess ganz genee, datt säi Krimi (Oplo: 6 000) keng héich Literatur ass. "Datt d'Kritiker am Ausland net gläich op d'Beem klammen a jäize wäerten." Datt hien net räich gëtt mat sengem Geschreifs. Jiddefalls net elo schon. "'t ass nach net fir opzehale mat Schaffen." Mä et huet him Spaasss gemaach, dë Miss Mona ze schreiwen. An natierlech ass hie frou driwwer, am Frankräich en Éditeur fonnt ze hunn. Kee vun deene ganz groussen, an dach. "Ech sinn zefridden." Dat ass d'Haaptsaach. Fir de Rescht. "Et ass, wéi et ass." An et kënnt, wéi et kënnt. 

Ob elo 2 000 oder 5 000 Bicher verkaf ginn, ob Samsa enges Daags un enger Verfilmung intresséiert ass oder net, ob säin nächst Buch nees e Krimi gëtt oder eppes ganz anescht... doriwwer zerbrécht den Tullio Forgiarini sech am Moment net allzevill de Kapp. Hie wäert weider schreiwen a weider liesen a weider an de Kino goen. Mä ënner Drock wäert hie sech net setze loossen. Vu kengem.

Tullio Forgiarini: Miss Mona, roman de gare en cinq actes et un épilogue; Éditions Baleine, Paris 2000; 224 Säiten.

Gabrielle Seil
© 2023 d’Lëtzebuerger Land