Trennungs-, Bindungs an Ergänzungsstrécher

Bindestréch

d'Lëtzebuerger Land vom 19.08.2016

An enger – norméierter – Orthographie kënnt et vir, datt eng Schreifschwiregkeet op verschidde Fassonge ka geléist ginn, mä datt keng vun deene Léisungen de Schreiwer total befriddegt. Dat ass de Fall zum Beispill wa vun Zesummesetzunge Rieds ass: vu Composéen.

Huele mer dee grad ernimmten Transfert aus dem Franséischen: Composéen. An der Reform vun 1999 ass d’Schreifweis esou geregelt: „a) De Pluriel vu franséische Wierder am Lëtzebuergesche gëtt generell mat der Endung en gebilt, wéi bei Bijou, Bijouen, Bijoue kafen oder Restaurant, Restauranten, a vill Restaurante goen (Ausnahm: d’Verduebelung no engem kuerze Vokal wéi i a Piscine, Piscinnen, Piscinne).1

b) Franséisch Wierder mat der Endung é kréien am Lët­ze­buer­ge­schen en ugehaangen. Fält duerch d’Eifeler Regel den n ewech, da gëtt aus dem e vun der Plurielsendung en ë wéi bei Chargé, Chargéen, Chargéë froen. c) Zesummegesate Wierder ouni Bindestrécher aus dem Franséische kréien am lëtzebuergesche Pluriel Bindestrécher, wéi bei Plat du jour a Plat-du-jouren.“1

D’Formulatioun vun deene Regelen ass kloer, mä verhënnert net, wéi ech et am Zoom vum Land vum 20.03.2015 („Korrekturronnen“) erkläert hunn, datt vill franséisch Wierder am lëtzebuergesche Pluriel – vrun allem wann se stomm Buschtawen enthalen – schwéier ze liese sinn: Donen, Camionen, Dossieren, Besoinen, Jusen, Permisen, Borden, Efforten, Employé(e)en/ën, Moyenen, Restauranten, oder mat Bindestréch eng ongewinnt Form vum leschte Konstituent opweisen: Arrêté-grand-ducalen.

Dofir huet de Léon Doemer2 ënner anere virgeschloen, déi typesch lëtzebuergesch Plural-Endunge mat engem speziellen Zeeche vun de franséische Substantiven ze trennen: „Dat einfachst, wat do a Fro kéim, wier den Apostroph.“ Hie gëtt zwar selwer zou, datt säi Virschlag dem Apostroph, deen als Zeeche steet fir Buschtawen z’ersetzen, déi aus verschiddenen Ursaachen ewechgelooss ginn, eng zweet Funktioun géif unerkennen: déi vum Trennungszeechen. Dat muss awer net sinn. De Bindestréch kann dach um Wupp vun enger Zeil an engems eng Trennungs- a Bindungsfunktioun hunn. Déi dräi Schreifweise mat hire Vir- an Nodeeler – Abusen (Norm), Abus’en (L. Doemer), Abus-en – wieren also méiglech, mä déi éischt steet am Reformtext an ass déi eenzeg offiziell Léisung.

Bleiwe mer bei de Composéen. Eng Fro, déi dacks gestallt gëtt – an och op infolux.uni.lu/infodesk: Firwat gëtt Boykott-Appel oder Kult-Haus oder Plural-Endungen (wéi uewen am Text) mat Bindestréch geschriwwen? D’Caroline Döhmer vereinfacht hir Äntwert, wann si schreift, datt am Prinzip an eiser Orthographie net wierklech festgeluecht wier, wéini Bindestrécher an Zesummesetzunge gesat ginn. Awer net ze vergiessen: Nëmmen déi Virschrëften, déi am Text vun 1999 geännert gi sinn, gehéieren zur Reform; de Rescht vum Arrêté vun 1975 gëllt weider. An do kann ee liesen: „Eis Ufanksbuschtawe sti grouss a kleng wéi am Däitschen. Eis Sazzeeche stin och d’nämmlecht, an d’Silbe gi grad sou zerluecht.“

Den Ausdrock „wéi am Däitschen“ ass leider 1999 vum Lex Roth a vun der Aktioun Lëtzebuergesch nëmmen als Titel detailléiert ginn: Si hunn einfach ugeholl, d’Composée kéinten an eiser Sprooch entweder an engem Wuert zesummegeschriwwe ginn oder mat Bindestrécher tëschen deene verschiddene Konstituenten (all Deel behält dobäi seng Schreifweis). D’Bindestrécher hätten dee Virdeel, datt een déi méi laang Wierder besser segmentéieren a liese kéint. Mä dëst Argument geet bestëmmt net duer fir all déi Fäll wéi am Däitschen ze norméieren.

An eisem Texte coordonné L’introduction à l’orthographe luxembourgeoise (2003, Lëtz. Text, 100-113, 135-138), deen um Site www.cpll.lu vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise zur Verfügung steet, hu mir, de J. Lulling an ech, detailléiert, wéini Bindestrécher an däitschen a lëtzebuergeschen Zesummesetzunge gesat kéinten a misste ginn (déi däitsch Orthographiesreform vun 1999 bis 2006 ass mat agebaut). E Resumé fir déi verschidde syntaktesch Gruppen ass an der Lëtzebuergesch Grammaire (Kapitel 34: Attaché ou séparé? Schortgen, 2012) vu Schanen/Zimmer publizéiert ginn. Hei dat Wichtegst fir d’Nominalkomplexer ouni a mat Bindestréch: §§ 489-490; 495.

Sproochelementer, déi mat Nominalbasisse Composée bilden, gi wéi polylexikalesch Nominaliséi-erungen, zesummegeschriwwen. Beispiller mat verschiddene Strukturen a) Determinativ-regressiv: Birebam, Groussstad, Führerschäinsexamen (Fügungs-„s“3); b) Parataktesch-progressiv: Schockelas-kaffi (Fügungs-„s“), Stréchpunkt; c) Zesumme-geréckt: Aller’séilen, Ouschter’méindeg; d) Transfert aus anere Sproochen: Bestseller, Allersmatch; d) Nominalisatiounen: (d’)Kommissiounemaachen, (d’) Vergissmeinnicht; e) Global Symbolbezeechnungen: Glatzkapp, Näidhammel.

Déi zesummegeschriwwen Nominalkomplexer ënnerscheede sech vun Nominalgruppe wéi déi (syntaktesch ausbaufäheg4) polylexikalesch Strukturen d’Fach Mathe als Haaptfach, d’Joffer Rosi Hurt (Paraphrase mat „heeschen“ oder „sinn“); d’Avenue Pierre Dupong (progressiv, och regressiv mat Bindestréch: d’Pierre Dupongs-Avenue); zwee Glas Traminer, e ganze Koup Reklamatiounen (Quantitéit/Mooss); Lexicalisatioune wéi: d’Gëlle Fra, Hellege Geescht, gekachte Kéis, gro Kaart, hëlze Këscht, lieder Box.

Nieft der Trennungsfunktioun vum Bindestréch um Wupp vun enger Zeil (cf. Lëtz. Grammaire § 496) ass de Bindestréch als Trait-d’union quasi obligatoresch a Composéen: 1) wann den éischte Konstituent en Element hors-série ass: Buschtaf (x-Been), Ofkierzung (Uno-Sécherheetsrot), Zuel (déi 68er-Generatioun), dacks och Eegenimm (eng Chagall-Expositioun); 2) a lexikaliséierten an transferéierten Ausdréck: d’Hals-Nues-Ouere-Spidol, den Eau-de-Cologne, de Make-up, tëschent de Konstituenten vu franséische polylexikalesche Plurielformen: Point-de-vuen; 3) a meescht parataktesche Lexem-Heefungen: eng nei Lénk-DP-ADR-Koalitioun. 4) Seelen verhënnert de Binde-stréch eng Méideitegkeet: ee Musek-erliewen ass kee Museker-liewen. 5) Dobäi stëmmt et datt Roll-lueden sech besser segmentéiert a liest wéi Rolllueden. Eis Composéen an Texter mussen dofir awer bestëmmt net mat Trennungs- a Verbindungsstrécher iwwerfëllt ginn5.

1 Cf. déi 19. Regel: De Pluriel vu franséische Wierder: e-orthographie: ortho.lod.lu
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land