Imperativformen

Hei elei kuck elei

d'Lëtzebuerger Land vom 15.04.2010

Den Département ministériel des Sports huet sech zesumme mat der Fédération luxembourgeoise de Marche populaire e schéine Slogan ausgeduecht fir seng Campagne „Komm géi mat op de Mound!“ D’Invitatioun geet un all déi Leit, déi sech méi zu Fouss beweege wëllen an esou och de Wonsch hunn, méi gesond ze liewen. All zesummen hu si Wëlles, extra 400 000 km, d’Distanz vun der Äerd op de Mound, am Joer 2010 hannert sech ze bréngen. An enger Wuelstandsgesellschaft wéi eiser – wat och ëmmer dorënner verstane gëtt – bleiwen déi meeschte Bierger gär, gemittlech a kammoud, doheem hocken oder si fuere bequem mam Auto. Lafen, en Tour an d’Natur maachen, sech op Wanderweeër entspanen, ass haut eng kierperlech Noutwennegkeet an och souzesoen e moralesche gesellschaftleche Must. „Allons décrocher la lune!“ heescht de Sproch an der franséischer Iwwersetzung. Dat kléngt nach méi utopesch („décrocher la lune“ seet sech vun engem onrealistesche Projet!), awer och méi kollektiv, well dat franséischt „Allons“ am Imperativ Plural déi zwee méi analytesch lëtzebuergesch Verben „Komm“ a „géi mat“ am Imperativ Singular ersetzt.

D’ Forme vum lëtzebuergeschen Imperativ kennt Der jo. Keng Endung an der 2. P. Sg. (léier, behal, danz, dro, komm, kräisch, kuck, lee, so), mat ausnahmsweis och anere Stammverännerungen (hief fir hunn, sief fir sinn, gëff fir ginn, géi/déi/stéi fir goen/doen/stoen); -t als Endung an der zweeter P. Pl., déi och als lëtzebuergesch Héiflechkeetsform gebraucht gëtt (léiert, behaalt, bläert, danzt, drot, kommt, kräischt, kuckt, leet, sot) an, fir e puer Verben, e modifizéierte Stamm (hieft/hutt, sidd, gitt fir ginn a goen, ditt/stitt; -e[n] an der éischter P. Pl. mam Pronom mir/mer: Loosse mer goen! Deen inverséierte Pronom mir/mer ass obligatoresch, wat net de Fall ass fir du/dir/Dir an den zweete Persounen. Déi ginn nëmme fakultativ gebraucht, wann den Destinataire an engem Grupp betount ervirgehuewe gëtt: Fuer °du/Fuert °Dir, °ech sinn ze midd!1

Traditionell gëllt den Imperativ als Modus. Dat stëmmt awer nëmmen, wann ee sech op d’Forme beschränkt. Semantesch hunn d’Imperativformen näischt mat der Realitéit ze dinn, wéi z. B. den Indicatif oder Conditionnel2. Eng Ausso mat engem Verb am Imperativ setzt weder eng reell, nach eng hypothetesch oder onwierk­lech Welt viraus, mä e virtuellen Handlungszenario, dee vum Ge­spréichs­partner (oder, am Fall vun enger 1. P. Pl., vum Spriecher mat senge Kommunikatiounspartneren) realiséiert soll ginn. Den Imperativ ass also éischter mam alen Optativ (= Wonschmodus) verknëppt, mat deem en och e puer Formen deelt: vgl. Gott stéi him bäi! Gott tréischt en!3 Eng Instanz, déi am Kontext erkannt ka ginn, wënscht sech oder wëllt, datt déi grammatesch Persoun vun der Imperativform (déi 2. Sg./Pl. oder déi 1. Pl.) eppes mécht. Aussoe mat Imperativforme gehéieren zur direkter sproochlecher Kommunika­tioun. Si sinn Ausdrock vun direkte pragmatesche Spriechakten4, déi net ëmmer zwéngend (imperativ!) sinn, mä, jee nom Kontext, verschidden Interpretatiounen zouloossen.

Selbstverständlech ginn et Sätz mat Verbalgruppen am Imperativ, déi e Kommando oder en Uerder ausdrécken: Hal d’Schnëss! Maach, datt s de fortkënns! Bleif du mol hei, ech si gläich nees do! Telefonéiert dach op d’Gare! – Mä eng Ausso am Imperativ kann och fir aner Spriechakte stoen: e Rot (Pass op, datt s de net iwwerfuer gëss!), eng Menace (Waart, Männchen, wann s de heemkënns! Maach, wann ech kommen!) oder einfach eng Invitatioun (Ma kommt dach emol op d’ Kiermes!), eng Demande (Gëff mer e Glas Waasser, wann ech gelift!) oder nëmmen en Encouragement (Dajee! Da maach deng Saach gutt!). Am Fong hänkt de Spriechakt mam Numm, deen een em gëtt, vun de Kommunikatiouns­partneren hiren Absichten (‘Illokutioun’) an Ziler (‘Perlokutioun’) of.

Wichteg ass och de Constat, datt dës kommunikativ Handlungen alleguerten duerch aner Sproochmëttele kënne realiséiert ginn. E Kommando z.B. kann och (onperséinlech – den Imperativ ass sengersäits ëmmer perséinlech) mat engem Infinitivgrupp ausgedréckt ginn: Opmaachen! Aufmachen! Ouvrez! Open the door!5 Eng Invitatioun verstoppt sech heiansdo hannert engem negativen Interrogativsaz: Wëllt Der Iech net setzen? oder engem einfache Geste (Hiweis op d’Fotell + Wann Iech gelift.) An iwwerhaapt, all Spriechakt kann indirekt mat engem Verb an Zweetstellung (Deklaratioun oder Matdeelungsform vun enger Ausso6) ëmschriwwe ginn: ech roden Iech/dir, ech froen, ech verlaangen, ech wëll an sou virun. Dacks kommen dann nach aner Signaler derbäi (dajee, dalli dalli, ma/mä), awer och Imperativer (Allez, genuch dees! Komm(t), mir ginn! Da so/lauschter/kuck emol! O komm, géi mer wech! an dat berühmt Hei elei, kuck elei!)

Wann een déi virlescht Ausso z. B. op Franséisch wëllt iwwersetzen, da muss ee praktesch de Spriechakt explizitéi­eren: Allons donc, sans blague! (= ‘et mon oeil’, ‘je ne te crois pas’). Dëse Gebrauch vum Imperativ ass aus kommunikativ-semantescher Siicht wäit ewech vun engem Uerder oder enger Opfuerderung wéi „Komm géi mat op de Mound!“ Den Imperativ spillt hei d’Roll vun engem perséinleche Kontaktsignal, dat dem Ge­spréichspartner seng Opmierksamkeet fessele soll, also ass et eng Zort Appellativwuert, wéi dat franséischt Tiens! Tenez! Vois! Voyez! oder dat rituellt Ecoutez (op englesch: well), mat deem d’Reporteren am franséischen TV-Journal op eng Fro äntweren. Allez heescht dann esou vill wéi dajee oder dalli a kuck(t)/lauschter(t)/héier(t)/so(t) emol souvill wéi pass(t) op, hei(t) elei. Déi pragmatesch Globalfunk­tioun vum staark lexikaliséierten Imperativ stëmmt an deem Fall mat där vun enger kontaktiver Gespréichs­partikel iwwerteneen. Wéi seet den Hexemeeschter an der Mumm Séiss? A kuck elei, kuck elei, deen aneren Dag ass alles an der Rei!

1 cf. Schanen / Zimmer: 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Bd. 1, S.28; d’Grammaire vum Ministère 2005, S. 65, schwätzt nëmme vun de Formen a vun den Ausnahmsverben, net vun de Pronomen a vun de Funktiounen.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land