Luxemburgensia

Am Feierwon de Parnass erop

d'Lëtzebuerger Land du 02.11.2000

Feierlech hanner Glas opgeboort läit se do, schwaarz an 78 Millimeter laang: dem Méchel Rodange séng Schnaufbéchs. A wann dee klenge Schoulmeeschter a Pikär se emol owes an der Wiertschaft ronderëms gereecht huet, fir eng Pouz Tubak zum Beschten ze ginn, hat en Angscht, si géing an enger Jillistäsch verschwannen. D'Leit sinn esou wollefzeg wéi d'Béischten a séngem Renert. Dofir hat e säin Numm an de Buedem geschnëtzelt. Reng wéi en Hoer, wéi wann e sech eng Grimmel fir séng Knéckegkeet geschummt hätt.

Niewendrun, an där selwechter Vitrinn, läit dem Dicks säi Portmonni. Dee wor meescht besser gefiddert. Well den alen de la Fontaine wor bis d'Revolutiou vun '48 den éischte Mann am Guwwelement. Dofir huet säi Bouf, den Dicks, no der Revolutioun déi nei Chamber als Vulleparlament am Gréngewald veruuzt. Dee léifste Monni ass nach ëmmer de Portmonni, 125 Millimeter laang mat engem blechene Kader.

Literaturausstellonge si meescht eng Ball ale Pobeier, deen op eng Rëtsch Vitrinne verspreet ass. Och am nationale Literaturzenter zu Miersch ass dat sielen anescht. Nëmmen e Grapp Spezialiste gerode wuel aus dem Haische viru Raritéite wéi der Handschrëft vum Dicks séngem Dixionär, séngem Scholdschäi mat Pianosnouten oder dem Claudine Moulin an Alain Atten hir éischt Säite vun där vläicht definitiver Yolanda-Editioun.

Lëtzebuergesch, eng Ried, déi vun allen am meeschten ëm ons kléngt, heescht déi nei Ausstellung zu Miersch. Dat ass en Zitat vum Antun Meyer, engem zimlech radikalen an zimlech versoffene Mathesproff, deen ee Joer virun der Revolutiou vun 1830 dat éischt Buch op Lëtzebuergesch erausgouf, E' Schrek ob de Lezeburger Parnassus, an dräi Joer drops Jong vum Schrek ob de Lezeburger Parnassus.

Am Schratt vum Antun Meyer, ma ouni säi Wëtz, verzielt d'Ausstellong d'Geschicht vum Lëtzebuergeschen an engem eenzege Muwwement: 1100 Joer biergop, vu bleech gekrozelte Glossen an Iechternacher Handschrëften (9. Joerhonnert) bis zum Guy Rewenig séngem Roman Hannert dem Atlantik (1985), vum ongehuwwelten Dialekt "Lëtzebuerger Däitsch" bis zur Nationalsprooch. Dem Dicks säi Rot fir de Lentz wor ëmsoss: Biergop geet et de Parnass, datt de Feierwon Quonke späitzt, well d'Sprooch- a Literaturgeschicht als Kuelentender direkt un déi offiziell Staatsgeschicht vun De l'État à la nation gekrämpt gouf. 

E ganze Sall am Servais-Haus an eng Maark am Gaart weisen, wou iwwerall am Siggy séngem Grousslëtzebuerg, a Siwebiergen an am Merika dee leschte Pätter eppes ewéi Lëtzebuergesch gegrommelt huet. Dat metaphysescht Lëtzebuerg as villméi breet ewéi déi enk Grenze vu séngem Räich op dëser Welt.  Dofir verléiert séng Futtballséquipe ëmmer onverdénkt.

En anere Sall weist mat Rieden, Reklammen, CD-en a Filmer, wéi d'Lëtzebuergescht sech an der Öffentlechkeet "duerchgesat huet" - net duerchsetzt, net anengems zréckuetesch geet, wéi op der Aarbecht, am Buttek, op der Strooss, wou ewell d'Franséisch lingua franca as. Et feelt just dem Fernand Hoffmann séng Warréng am Wort viru Sproochesträit a Biergerkrich, wéi 1984 d'Sproochegesetz sollt gestëmmt ginn.

Well all ausgestellte Saachen héchstens an der kuerzer Introduktiou vum Katalog an e gréisseren Zesummenhank gestallt ginn, gët een och hei net gewuer, wéi déi jénkste Wal Lëtzebuergesch virun 20 Joer an enger Britt vun neiem Nationalissem, Vollkar-Regionalissem,  Identitéits-Féiwer, Lëtzebuerger Modell a Stolkrisis opgekacht gouf.

D'Bild, dat d'Leit, d'Dichter, d'Politiker, d'Historiker an d'Linguiste vum Lëtzebuergesche molen, ass bal ëmmer ideologesch. Fréier wor et méi romantesch, dono méi nationalistesch, am Ament as et méi wëssenschaftlech agepak. Ma d'Lëtzebuerger schumme sech ëmmer dofir, datt hire butzege Granduschi kee "richtegt" Land ass. An hir Sprooch ass dat eenzegt, mat deem se sech nach 183 Joer nom Fichte vun den Nopeschlänner an den Zougereesten ze ënnerscheden hoffen.

Dofir kënne si et fir ze Baschten net verquëssen, datt déi Sprooch och keng "richteg" Sprooch soll sinn. Si gesinn d'Sprooch net als Mëttel, fir Kontakt mat aneren opzehuelen, ma fir sech vun aneren ze ënnerscheden. Si ziele just, wéivill Schrëtt se domater nees de patterjottesche Parnass erop koumen. Well wa se jeemools uewen ukéimen, kënnten déi Friem net méi op se erof kucken.

Och dës Ausstellong huet, no all dem Gestreids ëm d'Étude Balaine, kee radikal aneren Usaz.

Germaine Goetzinger, Gast Mannes, Roger Muller: Lëtzebuergesch, eng Ried, déi vun allen am meeschten ëm ons kléngt. Nationale Literaturzenter Miersch bis den 31. Mäerz 2001, méindes bis freides vu mueres zéng bis owes sechs Auer, Katalog 128 Säiten, 500 Frang.

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land