Wéi eng Zukunft fir Lëtzebuerg?

Et geet duer mam Schockela!

d'Lëtzebuerger Land vom 30.09.2016

Am Moment gin d’Gemidder zu Lëtzebuerg drop agestëmmt, datt mer eis – an eisem eegenen Interessi natierlech – hei am Land sollen drécken an d’Populatioun sech bis 2050 soll verduebelen.

Et geet elo schonn näischt méi am Transport, an de Schoulen, an der Landwirtschaft, an der Ëmwelt oder Waasserwirtschaft, de Staatsbudget funktionéiert op Pomp, mee all Joer sollen 12 000 Leit dobäikommen.

Lénks a riets strotzt ët vu sterile Residenzen, eng méi schéi wéi déi aner, déi fréier produktiv Bauerenhäff oder Akerland ersetzen. An deene ginn zousätzlech Aarbechtkräften/Contribuabelen wei a Siloe stockéiert, fir fir d’Remuneratiouns-, Sozial- a Pensiounssystemer vun all Residenten ze bezuelen. Aner Aarbechtkräften/Contribuabele gi wéi a Véihween aus Frankräich mueres an owes hin an hier gekaart. Wéi Aarbechtsbeie ronderëm eng fett Kinnigin. D’Politik vum Land kennt just eent: Fir de Wuesstum an d’Staatsfinanzen an der Rit ze halen: auf Gedeih und Verderb, méi Aarbechtsplaze schafen an sou méi Aarbechtskräften/Contribuabelen unzéien (PAG Stad Lëtzebuerg: +100 000 Emploien op Käschte vun de Gréngflächen, Estimatioun Fondation Idea : + 930 000 Frontaliere bis 2060 am Scenario véier Prozent Croissance).

Kritesch Stemmen, déi déi Pensée unique vun der onauswäichlëcher Croissance économique, gefuelt vun ëmmer méi importéierte Leit, hannerfroen, ginn als naiv ofgedoen. D’Äntwert ass onweigerlech: Et gëtt keng Alternative, „d’Leit wëllen dat“.

Ouh? Wouhier déi Assurance, war e Referendum? Wann een ronderëm sech nolauschtert, ass d’Bild e ganz anert: D’Leit „spieren, datt eppes faul ass“, soen datt „ët esou nët ka weider goen“, datt „ët eis ze vill gutt geet“, datt „mer géint d’Mauer ginn“. Mee kee seet eppes. Et ass wei am Fliger, all hu mer Angscht, mee ët wär oncool dat ze weisen, a bei gelongener Landung klappe mer.

A wann déi, déi op d’Croissance pochen, déi wären déi naiv wären? Well wa 700 000 Awunner d’Léisung wär, dann heischt dat jo, dono mussen ët der 1 000 000, dono 1 200 000, dono 1 500 000 sinn et cetera: Et ass nët méiglech, zu souvill hei ze wunnen, ouni dramatesch u Liewensqualitéit ze verléieren, eis ekologesch Subsistance ze verléieren oder esou guer uneneen ze goen, wei ze vill Mais an engem klenge Käfeg. Et gëtt op d’Zäit gespillt, mee de Problem – d’Zuel vun de Consommateuren, déi nët an Adequatioun ass mat deem, wat den Territoire a seng Ressourcen kënnen hiergin – get nët geléist. Wéi beim Verkéier, wann et ze bonnt get, reduzéi­ere mer de Problem net, mer emgin en a bauen e Contournement.

Dobäi geet ët net em Wien, mee ëm Wéivill, Wéi séier. Et ass nët d’Hierkunft vun de Leit, déi hei schaffen a wunnen, deen de Problem ass, am Géi­gendeel. Leit vun enger anerer Hierkunft sinn eng Beräicherung an Noutwendegkeet fir e klengt Land. Lëtzebuerg verdankt jo justement säi Wuelstand der Zouwanderung. De Problem ass d’schier Zuel, d’schier Gréisst an d’schier Vitesse vum Bevölkerungszouwuess, op engem begrenzten Territoire mat begrenzte Ressourcen.

Déi volontaristesch Demographie- an Contournements-Politik kéint eventuell opgoen, wa mer fir d’éischt eis Hausaufgabe gemaach hätten a Saachen fléissenden Transport, accessibel Wunnpräisser, proppert Waasser1 a Loft2, gesonde Bësch3 a Buedem, stabiliséiert Biodiversitéit a gebremst Fragmentéierung, gréisser Liewensmëttel- oder Energie-Sécherheet, erneierbar Energien4, Klimabilanz et cetera, et cetera. Et mierkt een ët net esou, wann een zu der Autosfënster erauskuckt, mee déi Parametere si leider all am roude Beräich5. Et gëtt proposéiert, e Model ze verduebelen, deen um Holzwee ass. Ass dat net den Ochs virun d’Kar gespaant?

En anert Pharisäer-Argument, nieft dem Naivitéits-Argument, ass d’Saarland-Argument: „Dir braucht jo just an d’Saarland ze kucken, déi sinn d’selwecht grouss wéi mir, si sinn och zu 1 000 000.“ Dat ass zënter 2010 net méi esou. D’Bevölkerung war am heichsten an de 70-er Joren, an hëllt zënter hier of. Haut ass d’Saarland mat der entgéintgesater Problematik konfrontéiert, wei déi vu Lëtzebuerg: d’Land „entvölkert“ mat enger Projektioun vu 650 000 Awunner am Joer 2060. An hir PIB war ni vergläichbar mat deem vu Lëtzebuerg. Nët ze schwätzen vun der ganz besonnescher saarlännescher Geschicht …

Jiddereen hëllt d’Beispiller, déi ëm an de Krom passen. Sou kéinte mer och d’Rheinland-Pfalz huelen, dat en „Folgekosten-Rechner“ fir all Bebauung an en „Flächennutzung-Reduzierungsplan“ agefouert huet. Deen ee rechent, op den Wuesstem och Gewënn bréngt. Deen aner mécht Propose fir eng weider Zersiedelung ze stoppen. An dobäi ass dat Land eidel am Verglach mat eisem.

Oder d’Schwäiz, déi carbonneutral wëll ginn an den CO2-Ausstouss (eng Moosseenheet vu materiellem a fossillem Konsum) vun haut siwen Tonnen op zwou Tonne pro Persoun wëll limitéieren, an eng Carbontax vun 75 Euro agefouert huet …

Dat wat déi lescht fënnef Joer ze Lëtzebuerg ofleeft, ass eenzegaarteg: e jäerleche Bevölkerungswuesstum vun iwwer zwee Prozent, vergläichbar mat deem vun den äermste Länner an Afrika, awer e Welt-Rekord am Ressource-Verbrauch an deem domat verbonnenen CO2-Ausstouss pro Awunner (21 Tonnen 2015), un déi nëmmen Uelech-exportéierend Natiounen oder d’USA erukommen …

Dobäi muss ee jo awer zouginn, dat d’Natur ët bis elo gudd mat eis zu Lëtzebuerg gemengt huet. Trotz extremer Acceleratiou vun den Belaaschtungen, ass se nach ëmmer résilient, ass si do fir eis. Dat muss net sou bleiwen. Wa mer et drop ukommen loossen, mat hir Sträit ze kreien, sinn d’Chancen grouss, dat si gewënnt. Si ass eis Liewensbasis, mir net hir.

En drëtt Pharisäer-Argument ass dat vun der Zefriddenheet mat dem Wuesstemsmodell. Jo, all Statistik weist, datt et den Residenten zu Lëtze­buerg am Verglach gutt geet an datt si zefridde sinn. Et wier jo och den Hummer, mat all deem, wat mer hunn  (2015: 37 Prozent méi individuell materiell Consommatiou wéi d’EU-Moyenne), och nach ze deklaréieren, et géing eis schlecht.

Mee de Charme vum materielle Gléck léisst no. Wéi­vill Leit hu Schlof-, Iess- oder Verhalens-Stéierungen? Wéivill Leit verdéngen net genuch, fir mat de Lëtzebuerger Präisser an dem Kaufwahn matzehalen? Wéivill verloossen d’Land? Wéivill sinn iwwerschëld? Wéivill kascht de Stau, wéivill kaschten d’Iwwerschwemmungen oder „d’Zivilisatiouns-Kränkten“ eis Ekonomie?

Wéivill Leit huele Medikamenter, Anti-Dépresseuren, Drogen? Wéivill Scheedungen, Suiciden, Krankheeten, Obesitéit, Gewalt? Wéivill Kanner kréi­e Pëllen, well se zevill oder net genuch aktiv sinn? Wéivill Leit shoppen, fir sech ze rassuréieren? Wéivill Leit flüchten an d’Fonction publique? Wéivill Leit hänken an engem Job, an deem se kee Sënn gesinn, waarm Loft produzéieren an d’Selbstwäertgefill verléieren? À defaut de sens hänke mer un eise Salairen an eiser Pensiouns-Perspektiv …

Net nëmmen ekologesch, mee och soziologesch braut sech eppes zesummen, dat net einfach mat méi (geléinte) Suen ze léisen ass.

„Ignorer les limites de la planète, ne les fera pas disparaître.“ Ass ët net d’Aufgab vun der Politik, de Leit ze soen, datt ët eng Limite gëtt? Elteren, responsabel Elteren, soen jo och zu hire Kanner: „Et geet elo duer mam Schockela.“ Net well kee méi do ass, mee well d’Kanner de Bauch wéi kréien!

Gouverner, c’est prévoir. Fir datt mer net mat der Bevölkerung och d’Problemer verduebelen, wier ët net ubruet, wann de Stat d’Transitioun zu engem wierklech nohaltegen an equitable Modell géif organiséieren, ir den Model ausgedeent gëtt? Vun deenen, déi sech ët kënne leeschten, verzicht kee vu sech aus op déi zweet Fluchvakanz oder den drëtten Auto, soulaang en net sécher ass, datt den Noper och verzicht … Sou si mer eeben. D’Politik ass gefuerdert, fir d’Free rideren an der Gitt ze halen, all Mënsch u Bord ze kréien, dofir ze suergen, datt dat friddlech a fair iwwert d’Bühn geet.

Déi fundamental Fro, déi sech stellt, ass: Hiewen d’Käschte vun der forcéierter Croissance hir Benefisser net op?  Wat ass méi grouss: d’Ausgabe fir ëmmer méi Infrastrukturen, Contournementer, Kläranlagen, Servicer, Salairen a Pensiounen (déi trotzdeem ëmmer méi Leit nohippen)? Oder d’Recette vun der zousätzlecher Bevölkerung, fir déi zousätzlech Infrastrukturen, Contournementer, Kläranlagen, Servicer, Salairen an Pensiounen ze bezuelen?

Zum Beispill den ëffentlechen Transport, op deem vill Hoffnung läit, kann net geléngen, wa seng fir deiert Geld ausgebaute Kapazitéit ëmmer erëm vun der Explosioun vun der Zuel vun den Benotzer ageholl gëtt. Null von Null geht auf?  Mir kréie gesot, den Zouwuess ass de Präis fir d’Liewensqualitéit ze erhalen. Mee wat mer gesinn, ass datt mer se verléieren, trotz oder well mer de Präis bezuelen.

Zouginn, et ass schwéier sech virzestellen, wéi en anere System wéi dee Jëtzegen soll funktionéieren. Et ass wierklech keng einfach Aufgab, fir déi, déi an der Responsabilitéit sinn.

Dofir kommen mir net drëm rëm, en neie Konsens ze schafen, ronderëm en anere Model, nodeems alternativ Szenarien durchgerechent gi sinn. Et ass net méiglech, genau ze soen, wat dee Model ass. D’Schwieregkeet läit doran, dat Gewinntent opzeginn fir eppes Neies. Eis eens ze ginn, wat d’Prinzipien, d’Eckpunkten, d’Methoud wieren, wier schonn en éischte Schratt an déi gutt Richtung.

Um Ufank vun der Methoud steet sécher d’Kommunikatioun: de Leit déi ganz Rechnung presentéieren. Wat bleift iwwreg, wann een d’Nofolgekëschden vun der Croissance vun hire Recetten ofrechent? Wou a fir wéivill Geld soll proppert Waasser, proppere Buedem, propper Loft hierkommen fir eng Millioun Leit? Wéivill Ressource-Reserven pro Kapp bleiwe bei der ablacklecher Bevölkerung? Wéivill Konsommatioun, Offal an Emissioune pro Kapp sin nohalteg, klimakompatibel? Wat muss gemaach ginn, fir datt de Facteur démographique d’Gesondheets- an Ëmweltbelaaschtungen net verstäerkt, ier méi Leit kommen? Wéivill muss op d’Säit geluet ginn fir de Klimawandel? Wat sinn d’Schmerzgrenzen, wou d’Agro-Écosystemer definitiv zesummeklappen, onproduktiv ginn, tippen? Wéi soll eng Transitioun ausgesinn, wellech, déi do sinn, sech leeschten kennen ?

Op Basis vun där faktueller Informatioun an enger vollstänneger Analyse Coût-Bénéfice, kann een dann der Bevölkerung alternativ ekonomesch, demographesch, gesellschaftlech Entwécklungs-Szenarien présenteieren, en vue vun engem neien Contrat social.

Dowéinst si mir Bierger och gefuerdert: Fir dee Vertrag anzegoen an den Drock vun der Politik ze huelen, misste mer kloer soen, wat mer wëllen a verquëssen. Tëschent zeréck an d’Höhl oder e Muesli-Dasein fröhnen, an enger honnertprozenteger narzisstescher Spaass- a Party-Gesellschaft gett ët eng grouss Marge.

Mir kënnen net weider un eise Privilegie festhalen, an awer wëllen eis Rou hun, zu wéineg am Land sinn, eppes iwwereg loossen fir eis Kanner. Mir missten eis iwwerleeën, ob eis Zukunftsfähegkeet ët eis wäert ass, manner ze consomméieren, méi selwer ze man (Geméisgaart, Gezei, ...) oder méi ze bezuelen fir eist Iessen, den ëffentlechen Transport oder eist Elektrescht. Ob mer eis weider ze schéi si fir grouss Héngerställ an d’Noperschaft ze kréien. Ob mer deen steetesch Opwäertztrend vun de Salairen an Pensiounen a Fro stelle kënnen? Ob mer op en Auto a säi Garage/Parking verzichten kënnen, wann doduerch de Logement oder den Transport méi bëlleg gëtt? Ob mer bereet sinn, eppes anescht wéi Pobeier a Prozeduren ze produzéieren, an zum Beispill erëm handwierklech a landwirtschaftlech Beruffer ze ergräifen, wa si korrekt valoriséiert, moderniséiert an remuneréiert ginn. Jiddereen huet d’Opportunitéit, eppes ze änneren. D’Méiglechkeete sinn, nach, onbegrenzt.

D’Pascale Junker ass Économiste de l’environnement.
Pascale Junker
© 2023 d’Lëtzebuerger Land