CD Plakeg oder ugedoen

D'Haaptsaach, mer si gesond

d'Lëtzebuerger Land du 31.03.2005

Grouss Rockstare kréien an der Regel Sträit no deer éischter Welttournee, klappe sech ëm en Topmodell, dat fir d'éischt dem Gitarrist, mä dono dann dem Leadsänger seng Moss ass. No zéng oder zwanzeg Joer allerdéngs musse se sech dann awer erëm verdroen, well se keng Sue méi hu fir Kouks, oder d'Alimenter fir hir sëlleche Kanner riets a lénks ze heich sinn. Da splitte se erëm, maachen e Comeback, da scho mat Rheuma, an esou weider - esou laang bis se mat 82 Joer dann endlech an der Rockhal spillen… De Moogy an de René, alias Plakeg oder Ugedoen (POU) si bei hirem éischte Comeback. Tëscht hire memorabele Concerten, dorënner een am Buedmantel an am Kulturjoer an der Zeltstat, an haut, sin zéng Joer vergaang, si si studéiere gaang, hunn am Ausland gelieft, hu sech bestued an hu Kanner gemaach, deen een huet elo "eng Gutt beim Staat", an deen anere schreift u senger Dokterthese… mä glécklecherweis si se net zevill sériö ginn. Zanter Méint schon ass d'Rumeur ëmgaang, di zwee wiren am Studio, fir endlech hir éischt Tzeedee opzehuelen. An elo ass se do: Abrëll's Dreck gët haut den Owend mat engem Concert zu Esch virgestallt. Plakeg oder Ugedoen sinn ee Fänomen an der Lëtzebuerger Musekslandschaft, well si si, ménges Wëssens, die eenzeg dadaistesch Formatioun, déi den Ament hei aktiv ass. Dadaistesch, absurd, mais och pazifistesch, altruistesch, hedonistesch a bewosst naiv. A si sangen op Lëtzebuergesch. Op hirem Tzeedee, deen ënner dem kriteschen Ouer vum Serge Tonnar a vum Thierry Kinsch réaliseiert guff, feelen natierlech net hir grouss Hiten: dat meemorabelt De Wuerm, dat esou alles kommerzielle Gag um Cover soll d'Venten an d'Luucht dreiwen: e ganzt Lidd iwwer Wierm, wéi se liewen, wéi si stierwen... Oder de berühmte Bongert - matt, als Gueststaren elo, dem Rubesch an dem Thierry van Werveke -, eng Opzielung vun all deene wonnerbare Uebstbeem, déi an hirem Bongert stinn. An den Drëppen, déi een doraus ka brennen... D'Claudine Muno begleet mat enger glaaskloerer Stëmmchen dat éischt Lidd op der Plack, Ëmmer erëm an trotzdeem, eng Hymn un d'Liewen - och wann een nett extra beléift ass... Dat Lidd mécht een, a senger ganzer Naivetéit, einfach gut gelaunt. "Museker an aner Leit, déi mengen, eppes vu Musek ze verstoen, sollen dëse CD am beschte guer net lauschteren", schreiwen de René an de Moogy am Begleetbichelchen. An et stëmmt: heiansdo fillt ee sech un de Kapp an et seet ee sech: wat ee Qwatsch! Mais di Dérisioun mat deer si sech an d'Liewen zu Lëtzebuerg beschreiwen, ass och heiansdo einfach genial. De René séngt an de Moogy begleet mat e puer ganz einfachen Accorden op der akustescher Gitarr, e ganzen Trapp Kéi muen doruerchter (kuck elei, Literaten wéi de Roger Manderscheid sinn och obsedéiert vun de Kéi zu Lëtzebuerg...). Méidräscher düsen iwwer den Tzeedee, d'Produktioun an d'Consommatioun vun all Zorten Mëllechprodukter, die schwéier Aarbecht vum Bréifdréier, den hemmungslosen Egotrip vun Type beim Sex, Drogen an diverse Formen sinn d'Themen, mat deene si sech an hire Granddüschi e bësse lächerlech maachen - awer net zevill. Och wann de Feierkrop den Disk gesponsert huet, sou ass et awer net wierklech Satir an och nett wierklech politesch oder béisaarteg. Éischter e bësse kannerech a meeschtens wierklech einfach spaasseg. Heiansdo rammen se d'Faustisgrenz, an di Lidder, wou se d'Leit wëlle bekéieren, wie d'Plastik-Fabrik, dat direkt kéint vu Valorlux gesponsert sinn, oder De grousse Wal, dat Greenpeace kinnt benotze fir eng Pübskampagne, kann ee jo hautjesdaach matt der Fernsteierung einfach iwwersprangen. Lief däi Liewen! ass de Messsage, dee Plakeg oder Ugedoen eriwwerbréngen: du bass ellen? du waars am Bing? du bass Biolog. Bréifdréier, e Wuerm oder du fiers Méidrescher? Net schlëmm, 't ass ok, genéiss d'Liewen, dämp eng (awer net zevill), huel deng Bontempisuergel eraus, géi an de Bësch spadséieren, ameséier dech... 't gët Fréijor, et gët alles e bësse fiicht. Esou ass dat, am Abrëll.

D'Tzeedee Abrëll's Dreck vu Plakeg oder Ugedoe gët haut den Owend, 1. Abrëll ëm 21 Auer am Infoladen an der Escher Kulturfabrik virgestallt; e weidere Concert ass den 9. Abrëll am Sang a Klang, dono kann een den Disk fir 15 Euro am Handel kafen. Internet: www.plakeg.org.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land