Tibesart, Maischi: Die Luxemburger Küche heute

E Schnatt Botter

d'Lëtzebuerger Land vom 29.08.2002

D'Maischi Tibesart ass immens. Wann hatt mam Max Kuborn an der gesponserter Kiche vun RTL Tele Lëtzebuerg steet an deenen zwee d'Ae fonkelen, well se erëm eppes ganz Schmanteches kachen - "mir zwee si Schneekeger, gell Max!", seet hatt dann a laacht - dann ass dat all Kéier ee Stéck Fernsehgeschicht. 

Dei aner Käch, mat deenen hatt sech ofwiesselt, si jo okéi, deen een ass alt méi pupech wéi deen aneren, mä déi kachen ëmmer esou komplizéiert Saachen, dass een e ganzen Dag bräicht, schon alleng fir dat esou schéin op den Telleren ze presentéiere wéi si. Nët esou d'Maischi Tibesart. Hatt huet 1999 ugefaang an als éischt emol gewisen, wat ee matt Reschter kéint kachen. Echt: mat Reschter. Zum Beispill: wat maachen ech mat de Pouletsreschter vu gëschter? Ma, seet d'Maischi, maacht dach Paschtéit! A mat engem Schnatt Botter an e Bësse Lëtzebuerger Rahm gëtt dat dann neess eppes ganz Schmanteches.

D'Maischi Tibesart ass buedemstänneg, hatt mécht eng richteg "cuisine du terroir", wéi de Franzous géing soen. A Frankraich hu se d'Micheline an d'Maïté, déi bei France 3 d'Sendung La cuisine des mousquetaires presentéieren an eng ätlech Bicher no deem Schema publizéieren, oder de Jean-Pierre Coffe, deen ëmmer hallef geckeg gëtt, wann een him Ham am Plastik ënner d'Nues hält, an an Däitschland presentéieren d'Katrin Rüegg an de Werner Otto Feißt och schon zanter Jorzéngten Was die Großmutter noch wusste, an hunn och eng ganz Parti Bicher gemaach. An d'Maischi Tibesart - dat och Kachkure gëtt a bei sénger Mamm um Méchelshaff bei Iechternach kacht - vertrëtt, nom Ketty Thull an dem Tun Nosbusch, dei Kategorie vu Kiche mat Brio. 

De Guy Binsfeld, dee sech ëmmer méi op faarweg Fotosbicher ze spezialiséiere schéngt an eréischt vru Kuerzem dem Georges Hausemer säi Luxemburg kulinarisch erausbruecht huet, huet d'Popularitéit vum Maischi Tibesart entdeckt an e Buch matt him gemaach: Die Luxemburger Küche heute ass vrun e puer Wochen op Däitsch an op Franséisch op de Maart komm.

Allerdengs wollt de Guy Binsfeld aus Rücksicht op de moderne Lëtzebuerger Duerchschnëttsbierger, deen nawell op seng Linn oppasst an owes no der Aarbecht an de Baambësch lafe geet, dat mam Schnatt Botter bei all Pla e Bësse relativéieren: "fern von nostalgischer Verklärtheit" wier déi Kichen elo, schreift den Éditeur a sengem Firwuert, an, well d'Lëtzebuerger ëmmer manner Kalorien op der Aarbecht verbrauchen, wier "gefragt ist heutzutage die leichte, bekömmliche Küche, die beispielsweise mit weniger Fett auskommt als Großmutters deftiges, in üppiger Mehlschwitze schwimmendes Mahl".

An esou kann ee mam Maischi Tibesart léieren, Gehäck kachen oder Bouneschlupp, Lënsenzopp, Gromperekichelcher a gebootschte Gromperen, Tierteg, Stäerzelen, Kniddelen an esouguer eng Kachkéiseschmier. Mais grad esou natierlech fënnt een awer och, nieft méi klassesche Rezepter, Pastaschutta, Pizza oder portugiesesch Caldo Verde-Zopp. An dat ass, wat dat Buch esou sympatesch mécht: Multikulti am Dëppen, well ett och am Gank vum Haus oder an der Gaass international richt, well dat ganz normal ass zu Lëtzebuerg an nëtt well iergendeen dat wëll erbäizwénge fir e Guddmënsch ze sinn. De Guy Hoffmann huet ganz flott, modern Fotoe vun de Menuer op Villeroy-et-Bochs-Tellere gemaach, mä de Layout par conter ass e Bëssen zevill dees Gudden, zevill faarweg an zevill Gespills.

Die Luxemburger Küche heute ass ee sympatescht Buch, well ët nëtt pupech an nëtt komplizéiert ass, mä déi Zort Kichen, dei bal schon am gaangen ass, ze verschwannen, moderniséiert an erëm méi attraktiv mécht. Och wann dofer nach laang nëtt all Mënsch Gehäck léiwer huet.

 

Maischi Tibesart: Die Luxemburger Küche heute, mat Fotoe vum Guy Hoffmann, Éditions Guy Binsfeld [&] RTL, 2002; 155 Säiten, 100 Fotoen, 19,80 Euro; ISBN: 2-87954-092-5. D'Buch ass paralell och op Franseisch erauskomm: La cuisine luxembourgeoise d'aujourd'hui, ISBN: 2-87954-093-3

 

 

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land