Vun der Quantitéitsregel

Vokaler … eenzel oder duebel?

d'Lëtzebuerger Land vom 26.07.2013

De virege Mount hate Professere mech fir eng Formatioun continue invitéiert. Ech sollt hinne bei der lëtzebuergescher Schreifweis – cf. Richteg lëtzebuergesch schreiwen1 – ënner d’Äerm gräifen. Ech sinn ëmmer frou, wann ech mat Kollegen Iwwerleeungen tausche kann. Leschten Enns awer ass eng Orthographie – dat wësst Der jo selwer – och alt nëmmen an de Grëff ze kréien, wann ee sech u Regelen hält. D’Richtegschreiwen ass eng Gewunnecht an dofir eng Praxis, déi onbedéngt Übung verlaangt. Mä d’Schreifweisregele mussen och hirersäits kloer, kohärent, adäquat a verständlech sinn. Sou, wann et ëm de Grondprinzip vun de Vokaler an eiser Orthographie geet: Wéini mussen se eenzel stoen? Wéini ginn se verduebelt?

D’Verdueblung vum Vokal „fir d’Längt vun den Téin ze bezeechnen“ fënnt een ewell an enger lëtzebuergescher Notiz aus dem Joer 1806/1807 (cf. H. Rinnen: En éischten Zeien an: Eis Sprooch, 13, 1981, S.11-15: en aarmen Plier) an am A. Meyer sengem Bichelche vun 1829: E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus, CNL, 2004, 84-89: Moond, laang, liicht,  Tuut. Dat lescht Beispill – haut schreiwe mer Tut – weist, datt de Mathematiksprofesser vu Léck systematesch d’Verdueblung vum Vokal benotzt fir d’Längt an den einfache Buschtaf fir d’Kierzt ze bezeechnen: hie schreift waat, laafen, gaafen, Paak, Baak, Klaak, Spanneraad, Staad (Stadt), schaalen, Schaan (Schande) a … Maan (Mann: laang a stomm). Den A. Meyer huet also seng Logik: hie schreift „VV“ = laang: laang; „V“ = kuerz: Pap (haut Papp).

Mä dës Logik ass – niewelaanscht gesot – och net déi vun der nidderlännescher Schreifweis, mat där eis lëtzebuergesch dacks verglach gëtt. Déi zwou Orthographië stäipe sech op d’Vokaler, déi einfach (a, e, i, o, u) oder duebel (aa, ee, ii, oo, uu) si kënnen. Am Nidderlännesche ginn se awer nom Silbentyp verdeelt: oppe Silb = einfache Vokal „V“: zo; scho-len; sta-tion; me-tro; zoue Silb = einfache Vokal + ee Konsonant „V“ + „K“: tram, bus. Kuerz Vokaler stinn ëmmer eenzel a kommen an zouene Silbe vir: pad; put. Laang Vokaler kommen an zouenen an an opene Silbe vir; an enger oppener Silb ginn se einfach (kamer) an an enger zouener duebel geschriwwen: zaak, week, uur.

Weder d’Logik vum A. Meyer, nach d’Grondsätz vum Nidderlännesche gëllen haut an eiser offizieller Schreifweis, et sief da fir de laange betounten an onbetounten /e:/ (Geeschter, Been, Klengegkeet, Eenheet), fir deen – gelungenerweis – dem Meyer seng Quantitéitsregel nees am Gesetzestext vun 1999 am Verglach mam Arrêté vun 1976 agefouert gouf2. Am Fong gëllen haut zwou Quantitéitsregelen: eng fir d’Vokaler „a-o-u-i- (ä-ö-ü)“ an eng aner fir „ee-é-ä-ë-„ an déi lautlech méiwäerteg Neutralisatioun „e“.

Fir „a-o-u-i“ spillt – nëmmen a betountene Silben – d’Quantitéitsregel, déi laang oder kuerz ausgeschwate Vokaler ënnerscheet3. E laang ausgeschwatene Vokal gëtt geschriwwen 1) zweemol viru méi wéi engem Konsonant: aarm, [dat] Aalt, Saachen, Sprooch, kroopt, kroomt, Kuuscht, Biischt, also VV + KK …; 2) eemol virun engem Konsonant: Arem, al, Kaz, Kap, Bom, Mol, blosen, Bud, tuten, Biz, also V + K; 3) eemol an absoluter Finall, wa kee Buschtaf duerno kënnt: (op de) Su, elo, Schi, Fra, also V + Ø. E kuerz ausgeschwatene Vokal gëtt eemol geschriwwe viru méi (och verduebelten) Konsonanten: all, raschten, Sproch, Kapp, kromm, Hond, Dusch, midd, spillen, also V + KK ... Prinzipiell ass dës Quantitéitsregel a betountene Silben also ganz einfach4. An der Praxis awer gëtt de Schreiwert mat anere Schreifgewunnechten, Ausnamen a verschiddenen Applikatiounsschwieregkeete konfrontéiert.

Vill Leit, déi Lëtzebuergesch schreiwen, hu sech scho virdru Schreifreflexer vun anere Sproochen ugewinnt. Dat ass an de multikulturellen a méisproochege Gesellschaften wéi där lëtzebuergescher apaart de Fall. Esou muss deen, dee Lëtzebuergesch an Däitsch schreift, wëssen, datt et an deenen zwou Sprooche jee no de Lexemen ënnerschiddlech vokalesch Quantitéitsvariante ginn: zum Beispill déi däitsch laang Hut, Mut (lëtz: kuerz Hutt, Mutt)  oder déi lëtzebuergesch laang Saz, Sak, Plaz (däitsch: kuerz Satz, Sack, Platz). Och an de Wierder aus därselwechter Famill gëtt et Qualitéits- a Quantitéitsvarianten: denke mer u Saz, Sak, Sätz, Säck; Plaz, Plazen, Plätzchen, platzéieren/placéieren an un d’Stammännerunge wéi molen, gemoolt; krazen, gekraazt; gro, am groosten; erklären, erkläert.

Dobäi kommen explizitt Ausnamen. Engersäits eesilbeg Grammemen (dat heescht lexikalesch grammatesch Elementer) mat kuerzem Vokal + ee K, wéi de Pronom him, d’Virsilben an-, on-, op-, verschidde Prepositiounen a Konjunktiounen an, am, as (vereelzt: als/wie), bis, dran, drop, drun, hin, mat, mam, ob, op, um, un, vir, vum, vun (dervun, dovun), zum. Anersäits Schlusssilben/Suffixen, déi regelméisseg onbetount, heiansdo awer och betount sinn: ik (°Musik/ek, mä Poli°tik)), iv (°Infinitiv, °positiv), -bar (°wonnerbar), -los °aarbechtslos), -sam (ge°meinsam); -in (däitsch: °Léierin; wann Expansioun, dann –nn-: Léierinnen), -us (°Globus, -ss-), -is (°Basis, -ss-). Schliisslech Transferen / Friemwierder an deenen d’ Lautstruktur kuerze Vokal + K heefeg ass: Clip, Club,  fit, Hit, Jet, Job, °Kanada, °Kilo, °Liter, °Slip, °Titel, Ka°pitel, Za°lot (cf. och Zoo als Ausnam vun V + Ø).

E puer Applikatiounsschwieregkeete vun der Quantitéitsregel5 sinn ervirzehiewen. 1) Déi Wierder, déi am Däitsche VV + ee K hunn an déi och an eiser Sprooch gebraucht ginn, kënnen original zitéiert oder integréiert ginn: Moos /Mos, Staat/Stat. 2) De laangen /i:/ gëtt am Däitsche mam Digramm „ie“ ëmgeschriwwen, dee bei eis en Diphthong duerstellt: bieden, Briet, Giewel. De lëtzebuergesche laangen /i:/ gëtt „i“ viru K an „ii“ viru KK… geschriwwen: siwen, mä biichten, biischten, piipsen. Virun „r“ awer, dee méi oder manner vokaliséiert gëtt, ass et recommandéiert, de laangen /i:/ ëmmer „ie“ ze schreiwen: „ie“+r (Regierung, Nier); „ie“+r+K (Kiermes, Wierder). Am Suffix -(er)ie bleift en och „ie“ (Épicerie, Regie) an an enger kuerzer Lëscht Wierder huet den „ie“ vis-à-vis vum däitschen „i“ eng distinktiv Funktioun: Dier, hier, Mier, Bier <-> dir, hir, mir, Bir. 3) Déi däitsch „ä“, „ö“, „ü“, „y“ sollten eigentlech net verduebelt ginn: geüübt am LOD wierkt gelungen. 4) Den Dehnungs-h gëtt et prinzipiell net an eiser Schreifweis, bleift awer an däitschen Transfere problematesch: Véi, Kou, Drot, mä Bühn, Führerschäin. 5) Déi betount laang Finallen -al, -ar, -at, -är, -id, -in, -iv, -ur, -ut ginn der Quantitéitsregel no behandelt (banaalt, rapiidst). Déi betount kuerz Ennsilben -if, -il, -in/ine, -it, -ik, -ék, -ip, -us, -um hunn nëmmen ee Konsonant nom kuerze Vokal, ginn awer an der Expansioun verduebelt: Bandit, Banditten.

1 www.al.lu/index.php/departements/letzebuergesch/331-letzebuergesch-richteg
2 cf. Sproocherubrik n° 38 (S. 92-94) in: Lëtzebuergesch Sproocherubriken, Schortgen, 2013
3 Net berécksiichtegt ginn halleflaang an iwwerlaang Vokaler. Mir ginn hei de Wee vum schrëftleche Codage Aussprooch à Schrëft an net dee méi traditionelle vum Decodage (Liesen): Schrëft à Aussprooch.
4 Laang: VV + KK…; V + K; V + Ø . Kuerz: V + KK… Et muss een sech net froen, ob d’Silb op oder zou ass.
5 Fir den Detail, cf. F. Schanen/ J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen 2012,  §§ 367-390
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land